-
3 Froen un d'Julie Reuter vum Gruppement "d'stater muséeën"
Wann een net an de Konschtmusée goe kann, da mécht een ebe selwer Konscht. Dat schéngt am Moment en Trend an de soziale Netzwierker ze sinn. D'Julie Reuter, Coordinatrice vum Gruppement "d'stater muséeën", huet sech inspiréiere gelooss, fir en änlechen Challenge an d'Liewen ze ruffen: D'Leit stellen hir Liblingskonschtwierker aus de Stater Muséeë mat Objeten doheem op eng kreativ Aart a Weis no.
-
3 Froen un de Pit Vinandy vun der "Poppespënnchen"
Och fir d'Kanner gëtt et zur Zäit keen Theaterprogramm op der normaler Bün. D'Figurentheaterhaus Poppespënnchen bitt de Kanner awer eemol an der Woch sonndes um 15h30 e Live-Poppespill. Doniewent präsentéiert de Pit Vinandy mam Hoplabum Live och een deeglecht, interaktivt Format aus senger eegener Stuff.
-
3 Froen un de Jacques Schiltz vun der Volleksbühn
Een Theaterschauspiller ouni Bün, dat schéngt onvirstellbar. D´Volleksbühn huet awer e besonnescht Format kreéiert, bei deem de Public all Woch entscheet, wéi eng Klassiker digital ëmgesat ginn.
-
3 Froen un d'Team vun de "Crazy Quarantine Sessions"
Och wärend dem Coronavirus bleift d'Jazzzeen am Land lieweg. D'Team vun de "Crazy Quarantine Sessions" bidd all Woch 3 fest Rendez-vousen fir eng Jazz-Session am Netz.
-
Digital IKI – D'immateriellt Kulturierwen goes digital
D'Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur (UNESCO) bezeechent als "immateriellt Kulturierwen" Gebräicher, Opféierungen, Ausdrocksweisen, Uluechten, Wëssensschätz a Fangerfäerdegkeeten, déi d'Mënsche selwer als Deel vun hirem kulturellen Ierwen ugesinn.
-
3 Froen un de Serge Tonnar vun "Live aus der Stuff"
D'Kulturhaiser hunn all zou, mee d'Konscht lieft online weider. De Serge Tonnar huet zesumme mat Maskénada an dem Kulturministère d'Initiativ "Live aus der Stuff" lancéiert fir de Leit e Programm live op Facebook unzebidden. All Owend um 20:00 Auer presentéiert een aneren Artist eppes.
-
Lëtzebuerg ass Éieregaascht um Marchée de la poésie 2021 zu Paräis
De 27 November 2019 huet d'Kulturministesch Sam Tanson déi Responsabel vum Marché de la poésie, den Yves Boudier, President, an de Vincent Gimeno, Direkter, empfaangen, fir d'Partnerschaft mam Marché de la poésie 2021 offiziell ze confirméieren. Lëtzebuerg wäert dat Joer eng besonnesch Plaz als Éieregaascht erhalen.
-
Nationalfeierdag 2019
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
De Guy Arendt huet den Aktiounsplang fir dat immateriellt Kulturierwe presentéiert
De Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, huet den 10. September 2018 op der Schueberfouer den Aktiounsplang fir dat immateriellt Kulturierwen a Präsenz vun der Stater Buergermeeschter, Lydie Polfer, der Presidentin vun der Unesco-Kommisisoun, Simone Beck, an enger Delegatioun vun de Foraine presentéiert.
-
Doud vum Georges Hausemer
D’Lëtzebuerger Kulturlandschaft huet e Pionéier verluer, deen eng wichteg Roll an der Entwécklung vun der zäitgenëssescher Lëtzebuerger Literatur an dem Lëtzebuerger Literaturbetrib gespillt huet. Seng grouss schrëftstelleresch Leeschtung ass duerch vill national Präisser honoréiert ginn, ënner anerem eréischt d’lescht Joer mam grousse Lëtzebuerger Literaturpräis, dem Batty-Weber-Präis.
-
Sproocheronn.lu: méi wéi 100 Propose vun de Bierger fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze fërderen
Den Educatiounsminister Claude Meisch an de Staatssekretär an der Kultur, Guy Arendt, hunn den 10. Juli 2018 de Bilan vun der Initiativ Sproocheronn.lu presentéiert, déi Deel ass vun den Efforte fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch.
-
Nationalfeierdag 2018
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
TNS-Ilres-Enquête: D’Lëtzebuergescht ass déi gemeinsam Sprooch vun dräi Véierel vun der Populatioun a vu 94 % vun deene Jonken
Den Educatiounsminister Claude Meisch an de Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, hunn en Donneschdeg, 7. Juni d’Resultater vun der Enquête iwwer d’Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Gesellschaft presentéiert.
-
Nei Publikatioun aus der Serie Les Carnets didactiques du Cedom
De Litty 7: Lëtzebuerger Fräiheetslidder – Geschicht a Politik am Lidd, déi nei Publikatioun aus der Serie Les Carnets didactiques du Cedom ass dem Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, an Avant-première presentéiert ginn.
-
Sproocheronn.lu : Fir eng lieweg a geliefte Lëtzebuerger Sprooch als Pilier vun eiser Méisproochegkeet
Den 22. Mäerz 2018 hunn de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an de Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, sproocheronn.lu presentéiert.
- Éischt Säit
- 1
- 2
- 3
- 4
- 5