3 Froen un de Serge Tonnar vun "Live aus der Stuff"

"De Virus ass d'Oflenkung, dat wat mir maachen, ass dat Essentiellt."

D'Kulturhaiser hunn all zou, mee d'Konscht lieft online weider. De Serge Tonnar huet zesumme mat Maskénada an dem Kulturministère d'Initiativ "Live aus der Stuff" lancéiert fir de Leit e Programm live op Facebook unzebidden. All Owend um 20:00 Auer presentéiert een aneren Artist eppes. D'Kënschtler filme sech dobäi selwer an hirer Stuff an dat gëtt dann iwwer d'Facebook-Säit "Live an der Stuff" iwwerdroen.  

©Jean Huot
Serge Tonnar

Wéi ass déi Iddi fir "Live aus der Stuff" genee entstanen?

Direkt wéi ech gewuer gi sinn, dat mir elo missten doheem bleiwen, hunn ech iwwerluecht, wat e maache kéint, fir d'Bünekonscht weiderliewen ze loossen. Am Ufank hu mir geduecht, mir maachen et a menger Stuff. De Jean Muller hunn ech als éischt gefrot an hien huet direkt gesot, dat hien néirens méi goe géif. Et war nach net offiziell gesot, dat een néirens méi goe kéint. Dofir wollte mir et awer léiwer vun Ufank u sou strikt wéi méiglech maachen, well e jo net weess, wat nach kennt. Mir hunn eis gefrot: Wéi kann ee sou technesch einfach wéi méiglech vill Leit erreechen an trotzdeem d'Reegelen anhalen? Mam Smartphone a mat Facebook ka jiddereen fir sech filmen, live iwwerdroen an et muss keen sech dofir beweegen. 

Wéi organiséiert Dir Iech mat de Kënschtler fir de Programm opzestellen?

Am Ufank hunn ech einfach puer Kënschtler gefrot, déi ech kennen. An et hat schnell Erfolleg, sou dat d'Leit sech selwer gemellt hunn. Ech managen dat elo eleng vun doheem aus. Et war vill Aarbecht dat op d'Been ze stellen an de Kader ze schaffen. Et gi Leit, déi ginn besser mat den technesche Saachen eens. Ech hunn awer eng Gebrauchsanweisung geschriwwen an och e klenge Film gedréint, wéi een dat maache muss. Dee kréien d'Leit dann. D'Introblat mam Logo preparéieren ech och an dat kennen si doheem ausprinten.  Et war vill Aarbecht op e Koup, mee elo steet et a mëttlerweil ass et manner Aarbecht. Et geet elo och dreems, anere Kënschtler ze weisen, wéi dat geet, fir dat déi dat weidermaache kennen.

Wéi ass d'Resonanz dobaussen?

D'Resonanz ass enorm, ech hu nach ni sou eppes erlieft, dobäi hunn ech scho vill Musek op Facebook publizéiert. Souwuel vun de Leit, déi dat kucken an den Zuelen déi ëmwerfend sinn, wéi och vum Feedback, wann d'Leit engem schreiwen. An déi Kommentaren, déi live geschriwwen ginn, liewen vill vum Zesummesinn, wou d'Leit sech géigesäiteg begréissen. Si fänke schonn u Witzer ze maachen: "Entschëllegt ech souz hei, dat ass meng Plaz."

De Minimum, dee mir live dobäi haten, waren em déi 120 Léit an de Maximum 2100 Leit. 385.000 Mol sinn Optrëtter gekuckt ginn. Mir loossen d'Videoen zwou Wochen online. Ech weess net, op mir zu Lëtzebuerg e Sall fannen, deen déi Gréisst huet. Wat ech schonn ëmmer gesot hunn ass, dat d'Leit wëllen hire eegene Kënschtler gesinn. De Georges Urwald sengt einfach al Lëtzebuerger Lidder. Hien ass 44.500 Mol gekuckt ginn. Mat einfache Lëtzebuerger Lidder kann een enorm vill Leit erreechen. D'Leit entdecken elo Saachen, fir déi si sech soss ni deplacéiert hätten. Dat mierken ech och an de Kommentaren. Wa mir elo géifen e Festival organiséieren, wou all déi Kënschtler vu "Live aus der Stuff" géingen zesummen optrieden, da géifen d'Leit dat kucke goen.

Trotz all den Zuele wëlle mir natierlech zréck op d'Bün, soubal wéi et geet. Mee wéini dat ass, wësse mir natierlech nach net. A mengen Aen ass et liewenswichteg, wat mir hei maachen. Et ass net just Entertainment oder Oflenkung. De Virus ass d'Oflenkung, dat wat mir maachen ass dat Essentiellt.

Aktualiséiert