Digital IKI – D'immateriellt Kulturierwen goes digital

Wat versti mer ënnert immateriellt Kulturierwen (ofgekierzt: IKI)?

D'Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur (UNESCO) bezeechent als "immateriellt Kulturierwen" Gebräicher, Opféierungen, Ausdrocksweisen, Uluechten, Wëssensschätz a Fangerfäerdegkeeten, déi d'Mënsche selwer als Deel vun hirem kulturellen Ierwen ugesinn. Mat derzou gehéieren och d'Saachen an d'Plazen, d'Geschier an d'Gezei, déi ee brauch, fir dës Traditiounen um Liewen ze erhalen. Vu Generatioun zu Generatioun gëtt dës Ierfschaft ëmmer nei vun hiren Ierwen erschaf, am Zesummespill mat hirem jeeweilegen Ëmfeld, hirer Geschicht an der Natur.

Dofir gëtt dat immateriellt Kulturierwen och gären "liewegt Kulturierwen" genannt: lieweg, well déi Mënschen, déi et iwwerhuelen, et als sollech unerkennen an um Liewen halen; lieweg awer och, well et hinnen e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit vermëttelt.  

©MCULT

An Zäite vu Corona: Digital IKI

An deenen nächsten puer Méint kënne mer net wéi gewinnt un deenen traditionelle Gebräicher deelhuelen, déi normalerweis am Fréijoer zu Lëtzebuerg stattfannen. Dorënner falen Manifestatiounen wéi d'Éimaischen, d'Oktave an d'Iechternacher Sprangprëssessioun, déi allen dräi um Inventaire vum Lëtzebuerger immaterielle Kulturierwe stinn, woubäi d'Sprangprëssessioun säit 2010 zum immaterielle Kulturiewen vun der Mënschheet gehéiert.

Grad an Zäiten vun Ongewëssheet a Suerg ass et wichteg, dass Gebräich weider bestinn. Dofir schafft di Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun un dem digitale Weiderliewen vu verschiddenen Traditiounen, an dëst an enger Zesummenaarbecht mat deene Leit, déi d'Organisatioun dovunner droen.

Eng digital Éimaischen

Dat éischt Fest, dat dem Confinement zum Affer fällt, ass déi beléiften Éimaischen op Ouschterméindeg. All Joers zitt si vill Leit an d'Alstad op de Fëschmaart.

Fir dëst Volleksfest weiderliewen ze loossen, fënnt et dëst Joer digital statt. Dofir biede mer Iech, um selwechten Dag eng Foto vun Ärem schéinste Péckvillchen op Instagram oder Facebook vun doheem aus ze deelen mat den Hashtags: #MyPéckvillchen #MäinPéckvillchen #DigitalÉimaischen #DigitalIKI.

Den 13. Abrëll, op Ouschterméindeg, luedt Iech d'Lëtzebuerger UNESCO Kommissoun zesummen mam Kulturministère, dem CNA, der Gemeng Lëtzebuerg an dem Comité Alstad op eng digital Éimaischen mat historesche Fotoen, Filmer a Stëmmungsbiller an, an dat op der Facebook, op Instagram oder op der Websäit vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg www.iki.lu.

Communiqué vum Kulturministère 

Aktualiséiert