3 Froen un de Jacques Schiltz vun der Volleksbühn

„Een Ersatz fir den Theater, wéi mir en all kennen a gär hunn, wäert a soll et nimools ginn.“

Een Theaterschauspiller ouni Bün, dat schéngt onvirstellbar. D´Volleksbühn huet awer e besonnescht Format kreéiert, bei deem de Public all Woch entscheet, wéi eng Klassiker digital ëmgesat ginn.

© Jacques Schiltz Jacques Schiltz

Wéi ass d´Iddi fir dëse Projet entstanen?

D'Volleksbühn war bis Ufank Mäerz am Gaang een anere Projet virzebereeden, The Big Sleep. Deen hätt ënnert der Leedung vum Anne Simon an enger Villa um Cents sollte realiséiert ginn. Wéi et lues a lues méi onwarscheinlech ginn ass, datt dee Projet kéint zum geplangten Zäitpunkt stattfannen, huet d'Ekipp vun der Volleksbühn séier decidéiert, trotz der aktueller Situatioun kënschtleresch aktiv ze bleiwen. Well mir et fir de falsche Wee halen, Projeten, déi schonn a Virbereedung waren, a kastréierter Form fir den Internet ze adaptéieren, a well mir de Public integréiere wollten, krute mir d'Iddi, a reegelméissegen Ofstänn Klassiker z‘adaptéieren, an de Public all Woch e Stéck bestëmmen ze loossen. Sou ass d'Iddi vum Stéck vun der Woch entstanen a mir hunn eis mat der Fro auserneegesat, wat et heescht, Theater an enger neier an origineller Form online ze verbreeden, ouni op déi méi gängeg Methoden zeréckzegräifen.

Wéi organiséiert Dir Iech a wéi ongewinnt ass dëst digitaalt Format fir Iech?

“Gliddeg aus der Pan” war vun Ufank un den Haaptmotto vun der Volleksbühn. Mir gleewen drun, datt d'Qualitéit vu guddem Theater net onbedéngt a jorelaanger, minutiéiser Virbereedung stécht, mee op mannst grad esou vill a spontanen Decisiounen, déi och ënnert engem gewëssen Drock geholl ginn. “Hauruck-Aktiounen”, souzesoen, bei deenen d'Contrainten d'Ästhetik vum Projet bestëmmen. Beim Stéck vun der Woch ass et natierlech nach eng Grëtz méi Rock'n Roll wéi soss: well mir just eng Woch hunn, fir d'Stéck ze produzéiere, mussen innerhalb vu kuerzer Zäit all déi wichteg Entscheedunge getraff ginn: d'Besetzung, d'Textfaassung, d'Regiekonzept, etc. Alles muss quasi innerhalb vun engem Dag stoe, fir datt mir direkt kennen ufänke mat de Prouwen. Déi Aarbecht iwwerhuelen d'Membere vun der Volleksbühn, deels eenzel, deels am Grupp. Dobäi si mer immens frou, d'Ënnerstëtzung vum Cay Hecker ze hunn, deem säin techneschen an informateschen Knowhow eis topeg Iddien iwwerhaapt eréischt méiglech maachen. Dës Aarbecht ass esou spannend wéi ustrengend, wat haaptsächlech doru läit, datt eppes Vergläichbares wuel nach ni gemaach gouf. Allerdéngs si mir nach net esou wäit ze behaapten, datt dat Format oder déi Aart a Weis ze prouwen, och ausserhalb vun enger Kris sënnvoll wier. Dofir misst ee Form an Technik nach weider entwéckelen an nach méi domat experimentéieren. Esou eppes brauch allerdéngs Zäit an een Ersatz fir den Theater, wéi mir en all kennen a gär hu, wäert a soll et nimools ginn.

Wat ass Äre Point de vue zu der aktueller Situatioun fir d ́Theaterzeen?

Zu Lëtzebuerg goufen zum Gléck wichteg Mesure geholl, déi de Kënschtler hëllefen an déi d'Existenzangscht, mat där vill vun eis souwisou scho liewe mussen, net nach zousätzlech verstäerken. Et ass natierlech tragesch fir déi vill Aarbecht, déi Theateren, Kollektiver an eenzel Kënschtler a Projeten investéiert hunn, déi elo zum Deel net méi wéi geplangt stattfanne kënne, wa se net esouguer ganz ofgesot ginn. Et ass gutt, datt d'Acteuren aus der Kulturzeen am Internet op déi eng oder déi aner Manéier weisen, datt se weiderhin aktiv bleiwen. Vläicht geléngt et doduerch esouguer, een net-ageweite Publikum unzelackelen a vläicht, ganz vläicht, fënnt een doduerch zu neie Forme vu Konscht oder Vermëttlung, déi mir och an Zukunft bäibehale kennen. Bis dohi muss een dat wat grad stattfënnt allerdéngs als eng Iwwergangsphas gesinn, déi mat deem traditionellen Theatererliefnis net eemol usazweis mathale kann. Et ass verständlech, datt déi nei Online-Formater net jiddereen iwwerzeegen. Dofir muss een och respektéiere, wann deen een oder deen aneren d'Auszäit wëll anescht notzen a sech fir eng Zäit net u Projete bedeelege well. Déi spannendst a wichtegst Zäit kënnt eréischt, wann d'Kris bis iwwerstanen ass. Et kurséiere grad allméiglech Zenarie, wéi et duerno weidergoe kann. Dat geet vun der däischterster Apokalyps bis zur fantasteschster Utopie. Héchstwarscheinlech ass dat Kabes an d'Wouerecht läit enzwousch dotëscht. Ech sinn awer dovun iwwerzeegt, datt d'Kënschtler an d'Theateren eng grouss Roll dobäi spille kenne, wann et dorëms geet, Iddien a Visiounen ze liwwere, wéi mer eist gesellschaftlecht Zesummeliewen an Zukunft gestalte wëllen. Ech hoffen, datt se dat dee Moment als eng eemoleg Verantwortung a Chance erkennen, amplaz einfach esou virunzemaachen, wéi wann näischt passéiert wier. Bref, meng grouss Hoffnung ass, datt d'Kultur duerno ee Stellewäert kritt, wéi si se a menger Generatioun nach ni hat. 

Aktualiséiert