De Guy Arendt huet den Aktiounsplang fir dat immateriellt Kulturierwe presentéiert

De Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, huet den 10. September 2018 op der Schueberfouer den Aktiounsplang fir dat immateriellt Kulturierwen a Präsenz vun der Stater Buergermeeschter, Lydie Polfer, der Presidentin vun der Unesco-Kommisisoun, Simone Beck, an enger Delegatioun vun de Foraine presentéiert. D’Schueberfouer, mat hire 678 Editiounen, gehéiert zum immaterielle Kulturierwe vun eisem Land an huet domat de perfekte Kader gestallt, fir dëse Plang virzestellen. 

©MCULT
De Guy Arendt huet den Aktiounsplang fir dat immateriellt Kulturierwe presentéiert

 

D’Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur (UNESCO) bezeechent als "immateriellt Kulturierwen" Gebräicher, Opféierungen, Ausdrocksweisen, Uluechten, Wëssensschätz a Savoir-fairen, déi d’Mënsche selwer als Deel vun hirem kulturellen Ierwen ugesinn. Mat derzou gehéieren och d’Saachen an d’Plazen, d’Geschir an d’Gezei, déi ee brauch, fir dës Traditiounen um Liewen ze erhalen.

Zanter 2008 gëtt et den Inventaire vum immaterielle Kulturierwen, deen an der UNESCO-Konventioun vun 2003 virgesinn ass. Op deem Inventaire stinn den Ament véier Elementer, notamment d’Schueberfouer, d’Sprangpressessioun, d’Oktav an d’Éimaischen.

Fir deen Inventaire ze completéieren, huet de Staatssekretär Guy Arendt eng participativ Approche annoncéiert: "Mir hunn eng Partie Traditiounen, Bräich an esou weider an eisem Land an et ass enorm wichteg, se ze erhalen an ze dokumentéieren. Kee weess besser doriwwer Bescheed wéi d’Leit selwer an dofir sinn si opgeruff matzeschaffen. Iwwer ee Formulaire kënnen Associatiounen, Gemengen awer och Privatleit eng Demande maachen, fir eppes op den Inventaire setzen ze loossen. Eng Kommissioun analyséiert dann dës Demande an da gëtt eng Decisioun geholl."

De Staatssekretär huet och den Internetsite iki.lu presentéiert. Hei fënnt een den aktuellen Inventaire mat Informatiounsfichen iwwer déi véier Elementer, déi den Ament dropstinn. Donieft fënnt een och de Formulaire an Informatiounen iwwer d’Prozedur.

D’Lydie Polfer fir hiren Deel sot, Si wier frou, dass 3 vun de gréissten Evenementer déi all Joer um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn um Inventaire vum Patrimoine culturel immatériel zu Lëtzebuerg stinn an esou déi Unerkennung kréien, déi dësen Traditiounen zousteet: "Mir wäerten dës Initiativ vum Kulturministère och weiderhin aktiv ënnerstëtzen an hoffen, dass d’Lëscht vum immaterielle Kulturierwen sech an den nächste Jore weider fëllt an dass verschidde spezifësch Lëtzebuerger Traditiounen a Bräich an d‘Lëscht vum Patrimoine mondial immatériel vun der UNESCO opgeholl ginn - sou wéi d’Iechternacher Sprangpressessioun, déi zënter 2010 op där Lëscht steet".

De President vun de Forainen, Charel Hary, sot sech houfreg, dass d'Fouer zum immatierielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg gehéiert an huet d'Eenzegaartegkeet vun dësem Rendez-Vous ënnerstrach.

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert