3 Froen un d'Team vun de "Crazy Quarantine Sessions"

"De Kultursecteur ass zwar uerg getraff ginn duerch d'Ofsoe vun all de Live-Eventer, mee léisst dat awer net op sech sëtzen."

Och wärend dem Coronavirus bleift d'Jazzzeen am Land lieweg. D'Team vun de "Crazy Quarantine Sessions" bidd all Woch 3 fest Rendez-vousen fir eng Jazz-Session am Netz.

©Crazy Quarantine Sessions
Illustratioun "Crazy Quarantine Sessions"

Wéi ass déi Iddi fir d'"Crazy Quarantine Sessions" entstanen?

D'Iddi vun dëser Initiativ "Crazy Quarantine Sessions” ass entstanen duerch 5 aktiv Museker aus der Lëtzebuerger Zeen, engem Kollektiv vun Frënn, déi an dëse schwieregen an äusserst ugespaanten Zäiten als Kënschtler Méiglechkeete gesicht hu fir Musek trotz den extremen Aschränkungen un d'Leit dobaussen, oder an dësem Fall, "dobannen” ze bréngen. D'Equipe besteet aus dem Pol Belardi, deen d'artistesch d'Direktioun an d'Gesamtkonzept dréit, dem Jérôme Klein, deen eis technesch Ëmsetzung vun de Videoen an dem Streaming assuréiert, dem Pit Dahm, deen op eise Social Networks de permanenten Update ofdeckt, dem Charel Stoltz, deen als Sound Ingenieur de Mix vun den Lidder managed an dem Niels Engel, dee sech em den Design an déi graphesch Konzepter këmmert. Mir haten dës Iddi scho ganz fréi, wou d'Situatioun sech zougespëtzt huet, mat engem klore Konzept, dat op zwee Punkte setzt: 1. weiderhin d'Kollaboratioun tëschent méi wéi engem Museker fuerderen 2. mat héchstméigleche Standarde schaffen, wat d'Audio a Videoproduktiounsqualitéit betrëfft. Dat ënnerscheet eis vun anere super Initiative wéi eisem Kolleeg a Museker Serge Tonnar seng Initiativ "Live aus der Stuff" a suergt dofir, datt mir ouni Weideres koexistéiere kënnen.

Wéi finanzéiert Dir Iech a wéi stellt Dir Äre Programm op?

Ënnerstëtzt gëtt des Aktioun vum Kulturministère, der Fondation EME, dem Centre Culturel Neimënster sou wéi dem Radio 100,7. Ausserdeem gëtt et eng Crowdfunding-Plattform fir déi Privatleit, déi gären d'Initiativ fërdere wëllen. De Konzept ass folgenden: All Session kritt ee Gaaschtmuseker Carte Blanche, kreéiert e Programm, hëlt sech selwer op Toun a Bild op a schéckt dem Produktiounsteam säi Material. Déi verschaffen et weider zu engem Format, deen dann zu den ugekënnegte Rendezvousen "live" fir d'éischt Kéier ausgestraalt gëtt. Eng 15 verschidde Sessions pro Serie ginn esou produzéiert a gestreamt.

Een Jazz-Concert online ass wuel net ze vergläiche mat engem concert am Sall? Wéi empfannt Dir dat?

Mir gi grad duerch eng ongewéinlech Zäit, an där all Mënsch forcéiert ass, sech de Konditiounen vun enger Quarantaine unzepassen. De Kultursecteur ass zwar uerg getraff ginn duerch d'Ofsoe vun all de Live Eventer, mee léisst dat awer net op sech sëtzen. De But vun dëser Plattform ass et, d'Leit weiderhi mat gutt produzéierter, mee gläichzäiteg lieweger a spontaner Musek ze versuergen. Och wann de "Live” Effekt vläicht net dee selwechten ass wei een dat normalerweis op engem Jazz Concert gewinnt ass, kréien eis Nolauschterer doheem awer e qualitativ héischt Produkt gebueden, trotz der ongewinnter Mise-en-scène. Ausserdeem hu si d'Méiglechkeet, direkt ze kommentéieren a mateneen ze kommunizéieren, esou änlech wéi si et och am Concertssall géifen ënnertenee maachen. Schlussendlech war et eis wichteg, esou Rendezvousen wéi den Apero's Jazz am Neimënster sonndes em 11h00 oprecht ze erhalen, dofir hu mer och bewosst d'Zäite vun de Videostreame gewielt: Dënschdes um 21h00, freides After-Work um 17h00 an ebe sonndes um 11h00.

Aktualiséiert