Strategie fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch
Lëtzebuerg, e méisproochegt a multikulturellt Land, erkennt dräi offizell Sproochen un, dorënner an éischter Linn d’Lëtzebuergescht als Landessprooch. Dësen Dossier befaasst sech mat der Regierungsstrategie fir d’Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch a stellt déi festgelueten Ziler, konkret Engagementer a Mëttele fir d’Ëmsetzung vir.