Fërderung vum kulturelle Secteur

D'Kultur ass e wesentlecht Basiselement fir eng demokratesch, modern, oppen, tolerant a solidaresch Gesellschaft.

Fir datt all Mënsch e gudden Zougang zur Kultur kritt, stellt de Staat eng Rei kulturell Gebaier zur Verfügung, sief et institutionaliséierter oder konventionéierter, mam Zil, dem Bierger eng adequat kulturell Offer unzebidden, déi de kulturellen Uspréch vun alle Sparte vun eiser Bevëlkerung gerecht gëtt.

Eng Prioritéit ass et och, fir de Kënschtler a Kulturschafenden déi bescht Kaderkonditiounen ze erméiglechen, déi hinnen erlaben, hiert kënschtlerescht Potenzial fräi ze entwéckelen an der Gesellschaft hire kënschtleresche Message ze vermëttelen.

An dëser Optik stellt de Staat eng ganz Rei vu Moossnamen a Mechanismen zur Verfügung, déi erlaben, d'Wëssensgesellschaft ze fërderen, eis Memoire ze erhalen, d'Mobilitéit vun de Kënschtler a Kulturschafenden ze encouragéieren, dëst esouwuel um nationale wéi um internationalen Niveau, a verschidde lokal Projeten souwéi d'kulturell Bildung ze ënnerstëtzen.

De Kulturministère kann op verschidde Manéieren hëllefen, dëst an de Beräicher vun der duerstellender Konscht, dem Danz, der Literatur, der Musek, dem Patrimoine, dem Theater an dem soziokulturelle Milieu.

Deemno variéiert d'Ënnerstëtzung vum Ministère jee no Projet.

Zesummesetzung vun de Kommissiounen

Déi jeeweileg Kommissiounen hunn d'Missioun, den/déi fir d'Kultur zoustänneg Minister/in, ze beroden.

Subsidekommissioun

D'Subsidekommissioun setzt sech aus Mataarbechter aus der Direktioun, de Kultur- a Finanzdepartementer vum Kulturministère zesummen. All Demande fir e Subside gëtt vun dëser Kommissioun op Basis vu Critères d'éligiblité, dem Dossier vum Demandeur an dem Projet evaluéiert.

D'Membere vun der Kommissioun sinn : Vesna Andonovic, Nadine Erpelding, Josiane Geisler, Alix Glück, Joé Haas, Josée Hansen, Claudine Hemmer, Cédric Kayser, Nathalie Kerschen an Sophie Lammar.

Präsidentin vun der Kommissioun ass d'Nadine Erpelding.

D'Consultativ Kommissioun fir a) d'demandes d’admission au bénéfice des aides de soutien pour les artistes professionnels indépendants et les intermittents du spectacle b) d'demandes en obtention d’une bourse d’aide à la création artistique et au développement professionnel des artistes c) d'demandes en obtention d’une bourse de relève

D'Consultativ Kommissioun hëllt d'Demanden fir eng Admissioun fir d'Aides de soutien pour les artistes professionnels indépendants et les intermittents du spectacle, Demande fir d'Bourses d'aide à la création artistique et au développement professionnels des artistes an d'Demandes en obtention fir d'Bourses de relève entgéint an traitéiert se.

D'Memberen vun dëser Kommissioun ginn via Arrêté ministriel fir eng Dauer vun 3 Joer genannt. Aktuelle Präsident ass den Schauspiller a Regisseur Marc Baum.

Déi aktuell Zesummesetzung vun der Kommissioun kann hei consultéiert ginn.

Weider Informatioune fannt Dir am Gesetzestext: loi modifiée du 19 décembre 2014 relative 1) aux mesures de soutien pour les artistes professionnels indépendants et pour les intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique (op franséisch).

Aktualiséiert