Nei Publikatioun aus der Serie Les Carnets didactiques du Cedom

De Litty 7: Lëtzebuerger Fräiheetslidder – Geschicht a Politik am Lidd, déi nei Publikatioun aus der Serie Les Carnets didactiques du Cedom ass dem Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, an Avant-première presentéiert ginn. Den neie Carnet thematiséiert d’Geschicht vu Lëtzebuerg (1830 bis 1945) unhand vun engagéierte Lidder. All Liddbäitrag enthält Text, Nouten, Begleetakkorden, historesch Hannergrondinformatiounen, Froen an Diskussiounsureegungen, Wuerterklärungen a kuerz Biografië vum Auteur a vum Komponist.

©Bibliothèque nationale de Luxembourg (BnL)
Presentatioun vum "De Litty 7"

 

Lëtzebuerger Fräiheetslidder – Geschicht a Politik am Lidd ass en extra Heft. Et gouf konzipéiert op Basis vum gläich genannte Spektakel, deen de Marc Limpach a Georges Urwald 2017 fir de Kasemattentheater entworf hunn. Esouwuel de Spektakel ewéi och de Litty 7 sinn an enker Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) entstanen.

De Staatssekretär fir Kultur huet d’Nationalbibliothéik (BnL) an den Zentrum fir politesch Bildung fir hire gemeinsamen Effort felicitéiert. En huet och drun erënnert, datt et wichteg ass, datt d’Kulturinstituter zesummeschaffen an datt hier Aktivitéiten all Zorte vu Publikum uschwätzen. Hien huet d’Villfältegkeet vum Carnet didactique gelueft, deen esouwuel an de Musekscoursen ewéi och an der Geschicht, a Sproochecoursen an ausserhalb vu schouleschen Aktivitéite benotzt ka ginn.

De Cedom vun der Nationalbibliothéik:

De Centre d’études et de documentation musicales (Cedom) bekëmmert sech drëm, fir de Lëtze­buerger Musekspatrimoine ze sammelen, ze zentraliséieren, ze repertoriéieren an zougänglech ze maachen. D’Musekssammlung vum Cedom ass net nëmmen dee gréisste Museksarchiv zu Lëtzebuerg, mee och gläichzäiteg eng wëssenschaftlech Gebrauchsbibliothéik mat enger moderner Sichmaschinn (www.a-z.lu). Mat senge Carnets didactiques gëtt de Cedom sech en neie Medium, fir säi Museksfong ze promouvéieren, awer och fir d’Lëtzebuerger Kultur de Schüler méi no ze bréngen.

Les Carnets didactiques du Cedom – d’Kollektioun:

Les Carnets didactiques du Cedom si vum Georges Urwald konzipéiert, mat der Ënnerstëtzung vum Cedom. De Personnage "Litty" erënnert un de Kabarettist Pierre-Toussaint Stefani (1872-1932) a begleet de Lieser queesch duerch de Carnet.  D’Kollektioun besteet aus 7 Carnets didactiques, dovunner huet de Cedom der bis elo 5 erausbruecht. Déi zwee nächst Carnets didactiques si fir 2019 an 2020 geplangt. Si wäerten Lëtzebuerger Komponisten an d’Rockmusek zu Lëtzebuerg presentéieren.

 

Communiqué vum Kulturministère / Nationalbibliothéik Lëtzebuerg

Aktualiséiert