-
Feierlech Iwwerreechung vum Nationale Literaturpräis 2021
Den 8. Dezember 2021 gouf am Centre national de littérature zu Miersch de nationale Literaturpräis 2021 a Presenz vun de Laureaten/innen iwwerreecht. D'Kulturministesch Sam Tanson gouf vum Josée Hansen vun der Unitéit fir Literatur an Editiounswiese vum Kulturministère vertrueden.
-
Annonce vum neie Verwaltungsrot vum Mudam
Après confirmation par le conseil de Gouvernement, le ministère de la Culture a l’honneur de vous annoncer le prochain conseil d’administration de la Fondation Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean. Le nouveau conseil prendra ses fonctions à partir du 1er janvier 2022.
-
Invitatioun op d'"Rendez-Vous de l'Unesco"
2021 invitéieren d'Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun an d'Nationalbibliothéik op e Konferenzzyklus am Kader vun "Les Rendez-Vous de l'UNESCO".
-
D'Sam Tanson huet déi nei geplangte Mesurë fir kulturell Aktivitéite virgestallt
De 7. Januar 2021 huet d'Kulturministesch Sam Tanson Detailer iwwert d'Reouverture vun de Kulturinstitutioune presentéiert an déi nei Moossname fir de Kultursecteur virgestallt, wéi se am Gesetzesprojet zur Ännerung vum Gesetz vum 17. Juli 2020 zur Aféierung vun enger Rei Moossnamen zur Bekämpfung vun der COVID-19-Pandemie virgesi sinn.
-
Pressebriefing iwwert déi nei Mesuren am Beräich Kultur
D’Kulturministesch Sam Tanson huet déi nei Mesurë presentéiert, déi am Beräich Kultur am Kampf géint d’Pandemie COVID-19 virgesi sinn. Si ass och op d’Reouverture vun de kulturellen Institutioune wéi Muséeën, Bibliothéiken, Archiven, Kinoen, Theateren a Concertssäll agaang.
-
Pressekonferenz: de Lex Delles, Franz Fayot an d'Sam Tanson presentéiere Mesuren zur Konjunkturënnerstëtzung
De Lex Delles, Minister fir Mëttelstand, de Franz Fayot, Wirtschaftsminister, an d'Sam Tanson, Kulturministesch, presentéieren zousätzlech Mesuren zur konjunktureller Ënnerstëtzung vun deenen am stäerkste vun der COVID-19-Pandemie betraffe Secteuren.
-
3 Froen un de Maxime Bender vum Trifolion
Zanter kuerzem ass den Jazz-Museker Maxime Bender de neien Direkter vum Trifolion. 2019 huet hie schonn d´Leedung vum Festival Echterlive iwwerholl. Am Interview deelt hien seng Visioun vun der Zukunft vum Iechternacher Kulturhaus.
-
3 Froen un den Tom Leick-Burns vun de Stater Theateren
Dëst Joer hätt den TalentLAB säi fënneften Anniversaire gefeiert. Mee no der aktueller Situatioun, kënnen de Projetslaboratoire an den TalentLAB Festival net an hirer ursprénglecher Form stattfannen. Allerdéngs hunn den Direkter Tom Leick-Burns a seng Equipe bis den 3. Juli eng Online-Editioun organiséiert mat engem grousse Réckbléck als Streaming fir de Weekend vum 27. an 28. Juni.
-
3 Froen un d'Anne-Laure Letellier vum CNA
De Centre national de l'audiovisuel huet säit ronn zwou Wochen erëm seng Dieren op a proposéiert niewent dem Reservéiere vun Dokumenter online, och zwou Ausstellungen op hirem Site zu Diddeleng. Wärend dem Confinement goufen et awer zum Beispill mat de Fotoe vum Projet "chroniques d'une pandémie" och interessant Offeren online.
-
Digital IKI: Onst immateriellt Kulturierwen digital - Digital Sprangprëssessioun
Keng vun de véier Traditiounen, déi als alleréischt op de nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg opgeholl goufen, kann dëst Joer wéi gewinnt stattfannen.
-
3 Froen un d'Gina Árvai vum "Koll an Aktioun Festival"
Déi 7. Editioun vum Festival "Koll an Aktioun" hätt den 30. an den 31. Mee zu Maartel stattfonnt. Einfach opzeginn, kennt awer fir d'"Kollibri asbl" net a Fro. An Zesummenaarbecht mam radio 100,7 gëtt den 30. Mee de "Koll on Air" als digitalen an interaktive Festival fir déi ganz Famill presentéiert.
-
3 Froen un den David Ianni
"Together", e Stéck vum David Ianni, passt perfekt zum Gefill vun Zesummenhalt wärend der Corana-Zäit. De Projet war ursprénglech als klassesche Museksvideo mat engem faarwege Piano geplangt Kuerzerhand huet de Komponist d'Léit invitéiert, fir kleng Videosequenze vu sech ze schécken, fir e Video ze produzéieren, deen aus lauter klengen "homemade" Clips besteet.
-
3 Froen un d'Romy Grandgenet vun der Initiativ "D'Späicherliicht"
D'Spillschoulsjoffer an Autorin Romy Grandgenet kann de Moment hir Schoulkanner zwar net gesinn, mee hellt si awer op hirer Facebookesäit an hirem Youtube-Kanal "D'Späicherliicht" mat an eng Welt voller Lidder a Geschichten.
-
Digital IKI : Onst immateriellt Kulturierwen digital - Digital Oktave
2003 hat d’UNESCO eng wichteg Konventioun zum Erhalt an zum Schutz vum immaterielle Kulturierwen op der ganzer Welt beschloss. 2007 huet de Lëtzebuerger Kulturministère den nationalen Inventar vum lëtzebuergeschen immaterielle Kulturierwe beschloss, op deem 2008 véier Manifestatiounen opgeholl goufen.
-
3 Froen un de Claude Conter vum "Centre national de littérature"
De Claude Conter, Direkter vum "Centre national de littérature” wënscht sech, datt Kanner a Jugendlecher, déi elo doheem bleiwe mussen, déi Zäit niewent de schouleschen Aufgaben och dofir notzen, aner Welte kennenzeléieren. Dofir huet den CNL e Youtube-Channel ageriicht mat Liesunge fir Kanner a Jugendlecher.
- Éischt Säit
- 1
- 2
- 3
- 4
- 5
- Lescht Säit