3 Froen un de Claude Conter vum "Centre national de littérature"

"An Zäite vum Confinement leet de Lieser duerch Literatur a sengem Liewen eng Paus an, well Liese brauch Zäit a Bicher entschleunegen d'Zäit."

De Claude Conter, Direkter vum "Centre national de littérature" wënscht sech, datt Kanner a Jugendlecher, déi elo doheem bleiwe mussen, déi Zäit niewent de schouleschen Aufgaben och dofir notzen, aner Welte kennenzeléieren. Dofir huet den CNL e Youtube-Channel ageriicht mat Liesunge fir Kanner a Jugendlecher. 

©CNL Youtube-Channel-vum-CNL
Youtube-Channel-vum-CNL

Wéi wichteg ass Literatur an dëser Zäit?

Ee vun de wichtegste Bicher aus der Weltliteratur ass dem Boccaccio seng Novellesammlung Il Decamerone, an deem siwe Fraen an dräi Männer virun der Pescht zu Florenz flüchten a sech an engem Weekend-Haischen an e Confinement beginn. Do erzielen si sech Dag fir Dag Erzielungen; all Dag gëtt eng Persoun auserwielt, e Sujet virzeginn, an dann erzielt jiddereen eng Geschicht; insgesamt ginn et 100 Geschichten. Ech kann dat just allegoresch liesen. Der Pandemie vun der Pescht begéint ee mat der Literatur, well se d'Viraussetzunge matbréngt, mat der Situatioun eens ze ginn. D'Kadererzielung schäerft d'Bewosstsinn fir d'Geforen, deenen d'Leit ausgesat sinn a si erzielt vun den Ängschten, awer och dovunner mat der Situatioun eens ze ginn. Déi erzielte Geschichten ënnerhalen, gräife Sujeten op, déi näischt mat der Pandemie ze dinn hunn, déi heiansdo déi Situatioun reflektéieren, déi awer och einfach just kënnen divertéieren. Mee dat wierklech Wichtegt un der Novellesammlung ass déi Gesellegkeet, déi d'Leit sech organiséieren, andeems si iwwert déi Geschichten diskutéieren. No 100 Geschichte ginn déi zéng Frënn nees heem – si hunn d'Pescht iwwerlieft, andeems si d'Zäit doutgeschloen hunn, andeems si sech besser iwwer Geschichte kennegeléiert hunn, andeems si d'Zäit erlieft a reflektéiert hunn – all dat kann d'Literatur an Zäite vum Confinement: eng virtuell Gesellegkeet entstoe loossen, an där den Eenzelen sech kann a Relatioun zu anere setzen. An d'Literatur kann dat, andeem de Lieser esou a sengem Liewen eng Paus aleet, well Liese brauch Zäit a Bicher entschleunegen d'Zäit. Dat ass net wéineg.

Wéi huet d'Pandemie d'Aarbecht am CNL verännert?

De CNL wor déi ganzen Zäit iwwer op – net fir de Public, ma mir hunn d'Dieren ni ganz zou gemaach, och wann de gréissten Deel am Home-Office schafft. Esou konnte mir och Ufroen traitéieren, z.B. Scann-Opträg fir Leit. Trotzdeem ka net all Aarbecht realiséiert ginn. Och wann den Evenementiel bis an de spéide Summer vum Dësch ass, esou schaffe mir schonns un der nächster Saison an hoffen, datt et eng Reprise gëtt. Well de CNL awer net nëmmen e Literaturhaus ass, ma och den Optrag huet, Recherche ze maachen, geet dee Volet den Ament gutt virun. Mir schaffen un Dossiers pédagogiques, mat deene mir den Enseignantë Materialie kënnen an d'Hand ginn, fir d'Literatur am Enseignement secondaire ze vermëttelen. Wann de Confinement wäert eriwwer sinn, wäerte mir zwee Dossiers fäerdeg hunn a kënnen dann hoffentlech och nees ons Formatiounen an dem Beräich ubidden. Jidderee vun de wëssenschaftleche Mataarbechter schafft den Ament un Ausstellungen oder wëssenschaftleche Publikatiounen an onse Bibliothéiksdepartement katalogiséiert Bicher an Artikele. Ee Volet vun onser Aarbecht, deen och d'Basis vun allem ass, nämlech ons Archivaarbecht, leit den Ament ganz fierchterlech: Mir kënnen net bei Leit goen, déi ons wëllen Dokumenter uvertrauen. Et ass kloer, datt de Patrimoine littéraire national aus Sécherheetsgrënn onst Haus net verléisst an datt déi Aarbecht net kann am Home-Office gemaach ginn. Déi Aarbecht bleift deemno den Ament leien, ma mir bereeden ons dorops vir, déi Aarbecht schrëttweis ze organiséieren. An der Tëschenzäit komme mir da bei den aneren Aarbechte besser weider – a liese gehéiert jo och zu onser Aarbecht.

Wéi ass d'Iddi fir de Youtube-Channel entstanen a wéi organiséiert Dir Iech fir de Programm?

Bei ons ass ab Mëtt Mäerz onsen Evenementiel zesummegebrach a mir haten nawell en zolitte Programm. Du wor ech séier a Kontakt mam Serge Tonnar wéinst "Live aus der Stuff” an hunn do och eng Partie Auteure recommandéiert, fir datt d'Literatur net ze knapps kënnt. Fir datt net vergläichbar Initiative wéi Champignone lancéiert ginn a sech géigesäiteg Konkurrenz maachen, huet de CNL et fir opportun fonnt, e Programm ze maache fir déi, déi als éischt hu missen doheem bleiwen: d'Kanner a Jugendlecher, vum Cycle 1 bis bei déi Jugendlech vu15-16 Joer. Mir bidden do eng Offer a Lëtzebuerger, Däitscher a Franséischer Sprooch – an op Ureegung vum Educatiounsministère, fir och Texter op Portugisesch lauschteren ze kënnen, ass d'Erzielung "So mol Lobo!” vum Christiane Kremer (Kremart Edition) iwwersat ginn.

De Choix hunn ech fir d'éischt selwer getraff an eenzel Auteuren direkt ugeschriwwen, dono och d'Editeuren zu Lëtzebuerg. 1. Ech wollt ganz bestëmmte Bicher an Auteuren dobäi hunn, well hir Bicher eng wichteg Plaz an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht hunn; 2. Vill iwwersaten Texter wéi d'"Pippi Langstrumpf” oder de "Grüffelo” oder de "Wollef” si ganz beléift bei de Kanner, esou datt et kloer wor, datt mir déi Texter wollten dobäi hunn, ma mir wollten och déi nei Erzielunge vun zäitgenësseschen Auteuren. Mir hunn an Tëschenzäit och zwee däitsch Auteuren (Martin Klein, Manfred Theisen) opgeholl, déi bal all Joer zu Lëtzebuerg liesen an Auteur en residence vun der "Struwwelpippi kommt zur Springprozession” waren, déi vum Kulturministère finanzéiert an zesumme mam CNL an der Stad Iechternach organiséiert gëtt; 3. et wor vun Ufank un d'Iddi, datt mir de ganze Secteur wëllen abannen. Dowéinst hunn ech dunn och d'Editeure mat an d'Boot geholl a si konnte mir Virschléi maachen; 4. Well mir fir d'Solidaritéit am Buchsecteur stinn, hu mir an der Erklärung ënnert dem Video och ëmmer en direkte Link gemaach op den Editeur an op de letzshop.lu, wou och munch vun onse Bicherbutteker present sinn. D'Iddi ass also, datt ee net nëmmen eng Geschicht lauschtert, mee och soll encouragéiert ginn, d'Bicher ze kafen an domadder och d'Editeuren an d'Librairen ze ënnerstëtzen, déi eng ganz schwéier Zäit matmaachen; 5. Dem CNL ass et ëmmer wichteg, datt intellektuell a kreativ Leeschtung honoréiert gëtt. Well den Ament ganz vill Auteuren nees fir näischt schaffen, wat e Réckfall am Professionaliséierungsprozess ass, kréien d'Auteuren en Honoraire a well d'Rechter (meeschtens) bei den Editeure leien, kréien si och en Dedommagement.

D'Ëmsetzung wor méi schwéier. Haaptsächlech war den Ëmgang mat den digitalen Outile fir déi meescht Auteuren eng Erausfuerderung. Meng Mataarbechter Marc Siweck a Jorg Willekens hunn dowéinst en Tutorial gemaach fir IOS- an Android-Utilisateurem. Wéi gëtt e Video gemaach? Wéi gëtt en eropgelueden op de Server vum CNL? Esou an aner Froen hu misse beäntwert ginn. Virun allem de Marc Siweck huet an de leschte Wochen do eng fantastesch Aarbecht gemeet, well hien déi technesch Froe mat den Auteure gekläert huet, d'Videoen nobeaarbecht huet, a ville Fäll och d'Biller integréiert huet asw. Mir hunn et awer fäerdeg bruecht, elo iwwer 30 Videoe kënnen ze presentéiere – op YouTube, awer elo och op onser Internetsäit.

Aktualiséiert