3 Froen un d'Gina Árvai vum "Koll an Aktioun Festival"

"Grad an dësen Zäite spillt d'Kultur eng wichteg Roll, fir eis alleguerte mateneen ze verbannen."

Déi 7. Editioun vum Festival "Koll an Aktioun" hätt den 30. an den 31. Mee zu Maartel stattfonnt. Einfach opzeginn, kennt awer fir d'"Kollibri asbl" net a Fro. An Zesummenaarbecht mam radio 100,7 gëtt den 30. Mee de "Koll on Air" als digitalen an interaktive Festival fir déi ganz Famill presentéiert.

©Kevin Bast Koll an Aktioun
Koll an Aktioun

Dir huet nach laang Zäit gehofft, datt de Festival kéint wéi geplangt stattfannen a weider un de Virbereedungen geschafft. Wéini huet Dir ugefaangen, Iech Gedanken iwwer eng Alternativ ze maachen?

Mir waren effektiv nach relativ hoffnungsvoll fir de Festival kënnen, sou wéi mir quasi e Joer laang geplangt haten, stattfannen ze loossen, mee am Laf vum Mäerz huet d'Realitéit vun der Pandemie eis awer ageholl. Wat sécherlech een Drockmëttel op eis duergestallt huet, war, datt mir effektiv eng zolidd Quantitéit vu kontraktuelle Verflichtungen agaange ware mat Partner, Sponsoren, Déngschtleeschter, eise Visiteuren, a finalement natierlech och eise Kënschtler.

Dat huet dozou bäigedroen, datt mir am Mäerz ugefaangen hunn, den Impakt vun enger Ofso ze ermëttelen. Den 22. Mäerz wosste mir, wat et géif heeschen, de Festival ofzesoen, mee mir hunn nach net opginn, vue dat dausende Stonne vun Aarbecht an de Projet gefloss waren. Well mir awer och net gär an der Ongewëssheet agéieren, hu mir dunn Ufank Abrëll een alternative Zenario vun engem digitale Koll ugefaangen ze entwéckelen an dat dann och den 23. Abrëll un de Grand Public kommunizéiert.

Fir eis war déi ersatzlos Ofso eigentlech zu kengem Zäitpunkt eng Optioun, well grad d'Organisatioun vum Festival déi läscht Joren d'Haaptfinalitéit vun der "Kollibri asbl" war an et och sollt dëst Joer, trotz Ausnamezoustand, bleiwen. Mir wollte weder eisem wierklech ënnerstëtzendem Public, nach eis selwer dës Pandemie einfach als Nidderlag agestoen. Dat ass net eis Aart a Weis.

Doriwwer eraus si mir der fester Iwwerzeegung, datt grad an dësen Zäiten, d'Kultur eng wichteg Roll spillt, fir eis alleguerten, trotz Social Distancing, mateneen ze verbannen.

Léist sech déi besonnesch Atmosphäre an den interaktive Charakter vum Festival sou einfach op een anert Medium iwwerdroen?

Mir sinn eis bewosst, datt et onméiglech erschéngt, fir déi kléng verzaubert, familiär an oppen Atmosphäre, déi mir op dem Koll an Aktioun all Joer schafen, ze ersetzen.Wat fir dëst Joer éischter eisen Challenge duerstellt, ass den onheemlech treie Public, dee mir déi läscht Jore konnten un eis bannen, ze aktivéieren an mat all de Leit eng Kommunikatioun, déi mir bis ewell opgebaut hunn, grad an dësen Zäiten, oprecht ze erhalten.

Mir schöpfen u sech ganz vill aus de vergaangene 6 Editiounen, an deem wat de Public schonn erlieft huet an ergänzen dat. Dofir hu si stellvertriedend fir eis quasi och eng Participatioun, andeems si eent traditionellt Rezept vum Festival nokachen, e Cocktail nomixen, aus Schifer oder anere Materialie wéi an eise Workshops nobastelen, an och um Festival Concerte genéissen, an sech och mol een Act ukucken, deen interessant fir si kléngt um Programm.

Eis Kommunikatioun leeft an deem Sënn wéi all Joer wieder iwwer d'Kultur. Mir soen eise Besicher jo als Festivalsorganisateure net onbedéngt, wat eis Zilsetzunge sinn, wann si duerch d'Entrée kommen, mir erliewen se konkret um Terrain duerch d'Kultur. Elo ännert dësen Terrain a mir maachen dat Bescht draus.

Wéi e Programm gëtt et fir de "Koll on Air"?

Ganz kloer ass et e Programm, deen eis Lokalmatadore vun der Kultur stäipen. Mir si frou, datt eis Kulturschafend, déi mir ëmmer ënnerstëtzt hunn, elo an enger fir eis all méi abenteuerlecher Zäit mat dem digitalen Setting, och bereet sinn, all déi Hürde mat eis ze iwwerkommen, déi vun der aktueller Situatioun diktéiert ginn, fir finalement nei Raim ze schafen.

Och eis lokal Acteure geroden zu kéngem Moment an Vergiessenheet an mir notzen de Moment, fir mat hinnen all e Réckbléck mat Déifgang op eise Wee säit 2014 ze maachen. De Musée kritt natierlech, fir déi geographesch Verbonnenheet oprecht ze erhalen, Zäit fir e klénge generellen Historique vum Site mat den digitale Visiteuren ze maachen a verschidde Bastelateliere bréngen de Schifer an d'Stuff.

Den 30. Mee wäerte mir souzesoen zwou "Bünen" hunn. Dat ass engersäits de radio 100,7 an anerersäits e Video Stream. Iwwert béid Plattforme wäerte mir deen Dag e komplementäre Programm ubidden. Um Radio sinn dat Reportagen, Live-Concerten, Interviewen an och méi.

Um Stream hu mir dann een audiovisuelle Programm, wou mir ënner anerem Workshops weise fir Grouss a Kleng, d'live Concerten iwwerdroen, e Spektakel hu fir Kanner a Geheimnisser aus der Koll Kiche verroden.

Eis ass et ebe wichteg, datt e net just passiv nokuckt, mee een Deel vun eppes gëtt, wéi dat och soss an eisem Festival de Fall ass!

Aktualiséiert