3 Froen un de Maxime Bender vum Trifolion

„Konscht ass ëmmer eppes Kreatives an eppes wat a Beweegung ass, a vun dohier ass dëst just eng weider Etapp, wou een sech den Emstänn muss upassen an nei erfannen.“

Zanter kuerzem ass den Jazz-Museker Maxime Bender de neien Direkter vum Trifolion. 2019 huet hie schonn d'Leedung vum Festival Echterlive iwwerholl. Am Interview deelt hien seng Visioun vun der Zukunft vum Iechternacher Kulturhaus.

©Sven Becker Maxime Bender
Maxime Bender

Wéi fillt Dir Iech, fir elo an dëser besonnescher Zäit dësen neie Posten ze bezeien?

Fir d’éischt ass et fir mech eng immens Éier, dëse Poste vum Direkter vum Trifolion Iechternach kennen ze iwwerhuelen. Den Trifolion Iechternach ass e ganz wichtege Pilier an der Lëtzebuerger Kulturlandschaft. Fir d’éischt natierlech duerch säi Standuert Iechternach, wat scho säit honnerte vu Joren eng Héichbuerg vun der Lëtzebuerger Kultur ass. Den Trifolion Iechternach ass souwuel regional wei och iwwerregional een Uert, wou Kultur grouss geschriwwe gëtt a soll vermëttelt ginn.

Dëse Posten an dëser Zäit ze bezéien, ass natierlech ëmsou méi eng grouss Erausfuerderung. Mee Konscht ass ëmmer eppes Kreatives an eppes wat a Beweegung ass, a vun dohier ass dëst just eng weider Etapp, wou een sech den Ëmstänn muss upassen an nei erfannen.

Hëlleft Iech Äre Background als Museker bei der Zesummenaarbecht mat anere Kënschtler fir d'Programmatioun?

Ech denke schonn, datt dat hëlleft, fir d’Attenten an d’Angscht vun de Kënschtler besser ze verstoen an anescht drop anzegoen. Mir ass et ganz wichteg, datt de Kënschtler sech sou wuel fillt, wei nëmme méiglech, well dëst dann och op seng Performance Afloss huet an doduerch direkt och op de Public eriwwer sprengt. An d´Ziel soll et jo sinn, de Public duerch Konscht an eng nei/aner Welt matzehuelen, sief et fir d´Suerge vum Alldag ze vergiessen, eng aner Reflektioun op Saachen ze kréien, eppes Neies ze entdecken oder einfach nëmmen e schéine Moment ze erliewen.

Hëllefe kenne sécherlech och d´Kontakter, déi ech iwwert Jore konnt duerch meng Tätegkeet als Museker opbauen, déi ech elo natierlech notze kann.

Wat ass Är Visioun fir den Trifolion? Wéi eng Stellung huet do de Festival Echterlive?

Meng Visioun vum Trifolion ass, fir un éischter Stell een Haus ze sinn, datt fir all Mënsch op ass. Et soll een Haus sinn, wou Kultur an all hire Sparten ugebuede gëtt an accessibel fir all Mënsch soll sinn. De Festival Echterlive wäert natierlech ee vun eisen Haaptpiliere bleiwen, mee en soll och iwwert déi ganz Saison ausgedeent ginn an dat mat klenge Festivallen souwuel in- wei och outhouse.

Aktualiséiert