-
TNS-Ilres-Enquête: D’Lëtzebuergescht ass déi gemeinsam Sprooch vun dräi Véierel vun der Populatioun a vu 94 % vun deene Jonken
Den Educatiounsminister Claude Meisch an de Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, hunn en Donneschdeg, 7. Juni d’Resultater vun der Enquête iwwer d’Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Gesellschaft presentéiert.
-
Nei Publikatioun aus der Serie Les Carnets didactiques du Cedom
De Litty 7: Lëtzebuerger Fräiheetslidder – Geschicht a Politik am Lidd, déi nei Publikatioun aus der Serie Les Carnets didactiques du Cedom ass dem Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, an Avant-première presentéiert ginn.
-
Sproocheronn.lu : Fir eng lieweg a geliefte Lëtzebuerger Sprooch als Pilier vun eiser Méisproochegkeet
Den 22. Mäerz 2018 hunn de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an de Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, sproocheronn.lu presentéiert.
-
De medezinesche Site med.lod.lu ass online
Wann et ëm d'medezinesch Sprooch geet, stoussen esouwuel d'Patiente wéi d'Acteuren aus dem Gesondheetssecteur ëmmer erëm op Schwieregkeete bei der Verstännegung. Fir besonnesch am Beräich vun der Gesondheet eng besser Kommunikatioun an eiser méisproocheger Gesellschaft ze fërderen, huet d'Equipe vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire ënner med.lod.lu eng spezifesch Säit an d’Liewe geruff, op där medezinesch Begrëffer op Lëtzebuergesch gewisen a mat Beispiller illustréiert sinn an op Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch iwwersat ginn.
- Éischt Säit
- 1
- 2
- 3
- 4
- 5