Sproocheronn.lu : Fir eng lieweg a geliefte Lëtzebuerger Sprooch als Pilier vun eiser Méisproochegkeet

©MENEJ
(de g. à dr.) Claude Meisch, ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse; Guy Arendt, secértaire d'État à la Culture

Den 22. Mäerz 2018 hunn de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an de Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, sproocheronn.lu presentéiert.

D’Sproocheronne sinn Online- a Biergerforen iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch an domat eng nei Form vu Biergerbedeelegung.

Eng lieweg a geliefte Lëtzebuerger Sprooch als Pilier vun eiser Méisproochegkeet

Zentraalt Element vum Sproochemix an eisem Land ass nach ëmmer d’Lëtzebuerger Sprooch, souwuel als Integratiouns- wéi och als Kommunikatiounssprooch am Alldag. “Näischt ass méi typesch lëtzebuergesch wéi d’Lëtzebuerger Sprooch”, esou de Claude Meisch op der Pressekonferenz. Eng lieweg a geliefte Lëtzebuerger Sprooch ass de Pilier vun eiser Méisproochegkeet. Si mécht eis Eegenaart aus an ass zugläich e wichtege Bestanddeel vun eiser Identitéit.

De Staatssekretär Guy Arendt huet nach emol den Engagement vun der Regierung fir d’Lëtzebuerger Sprooch ënnerstrach an déi wichtegst Mesurë genannt: de Gesetzprojet, d’Grënnung vun engem Zentrum fir d’Lëtzebuergescht, de Poste vun engem Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, den 20-Joresplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch, de Lëtzebuerger Online-Dictionnaire, an en nationalen Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Vum 20. Februar bis den 31. Mäerz kréien elo all d’Bierger am Land d’Méiglechkeet, iwwer de Stellewäert, d‘Chancen an d‘Perspektive vun der Lëtzebuerger Sprooch zesummen ze diskutéieren.

Wat mengt Dir ? 4 Biergerforen uechter d’Land

Op 4 Biergerforen uechter d’Land hunn d’Bierger,  Lëtzebuerger wéi Net-Lëtzebuerger, d’Wuert, kënnen sech austauschen an hir Virschléi abréngen :

  • Dënsdes, 27. Februar 2018 am Forum Geesseknäppchen, Stad Lëtzebuerg
  • Donneschdes, den 8. Mäerz 2018 an der Kulturfabrik, Esch-Uelzecht
  • Donneschdes, de 15. Mäerz 2018 am Bierger- a Kulturhaus, Munneref
  • Dënsdes, den 20. Mäerz 2018 an der Aler Seeërei, Dikrech

Och de Jonken hir Meenung zielt: de Jugendforum

E spezielle Jugendforum gëtt Dënschdes, de 27. Februar 2018 vu 16.00 bis 18.00 Auer am Forum Geesseknäppchen organiséiert, an Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung.

En Online-Forum fir en konstruktiven Echange

Vum 20. Februar bis den 31. Mäerz kënnen interesséiert Bierger sech och am Online-Forum www.sproocheronn.lu mat anere Matbierger austauschen an op verschidde Manéieren iwwert d’Sproochesituatioun debattéieren. Si kënnen hir Meenungen ausdrécken, op aner Commentairë reagéieren a Propose liken.

Jidderee ka sech op www.sproocheronn.lu registréieren. De Site ass op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch accessibel.

E Biergerprogramm fir den 20-Joresplang

Déi an den Online- a Biergerforen zeréckbehale Propose ginn an engem Biergerprogramm zesummegesat, deen dem Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch iwwerreecht gëtt an deen an den 20-Joresplang iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch mat afléisse soll.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert