Annonce vum neie Verwaltungsrot vum Mudam

No Confirmatioun vum Regierungsrot huet de Kulturministère d’Éier de neie Verwaltungsrot vun der Fondatioun Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean bekannt ze ginn. De neie Verwaltungsrot wäert seng Funktiounen ab dem 1. Januar 2022 ophuelen.

©Mudam (vu lénks no riets) D’Ierfgroussherzogin Prinzessin Stéphanie, Éierepräsidentin vum Verwaltungsrot vum Mudam ; Patrick Majerus, neie Präsident vum Verwaltungsrot vum Mudam
(vu lénks no riets) D’Ierfgroussherzogin Prinzessin Stéphanie, Éierepräsidentin vum Verwaltungsrot vum Mudam ; Patrick Majerus, neie Präsident vum Verwaltungsrot vum Mudam

Fir eng Dauer vu 6 Joer sinn an de Verwaltungsrot genannt:

  • Monsieur le docteur Serge Allard, Representant vun der Zivilgesellschaft
  • Madame Anouk Crielaard, Inspecteur adjoint vun de Finanze bei der Inspection générale des Finances
  • Monsieur Luc Dhamen, Direkter vun der Administration des bâtiments publics
  • Madame Danielle Igniti, Representante vun der Zivilgesellschaft
  • Monsieur Jo Kox, Premier Conseiller de Gouvernement am Kulturministère
  • Monsieur Patrick Majerus, Representant vun der Zivilgesellschaft
  • Madame Danièle Wagener, Representante vun der Zivilgesellschaft

Gemäss senge Statutten, huet de Verwaltungsrot an senger éischter Seance vum 4. Januar 2022 véier weider Membere genannt:

  • Monsieur Philippe Dupont, Representant vun der Zivilgesellschaft
  • Madame Antónia Ganeta, Representante vun der Zivilgesellschaft
  • Madame Blandine Landau, Representante vun der Zivilgesellschaft
  • Madame Florence Reckinger, Representante vun der Zivilgesellschaft.

Den Här Patrick Majerus gëtt Präsident vum Verwaltungsrot an d’Madame Danielle Igniti gëtt Vize-Präsidentin.

 D’Ierfgroussherzogin Prinzessin Stéphanie gëtt Éierepräsidentin.

 

Aktualiséiert