Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 64 Resultater
  1. De Kulturministère ass frou, am Kader vun der Reform vu senger Subventionnéierungspolitik d'Aféierung vun engem Ënnerstëtzungsprogramm vun Tounopname vun alle Museksrichtungen unzekënnegen. Zwee Appell-à-projete wäerte pro Joer lancéiert ginn, een am Fréijoer an een am Hierscht.

  2. Den Donneschdeg 10. Februar 2022 gouf dat neit Gesetz iwwert d'kulturellt Ierwe vun der Chamber gestëmmt. Et handelt sech hei ëm e wichtege Schrëtt zum Schutz an der Opwäertung vum lëtzebuergesche Kulturierwen. Dat neit Gesetz féiert nei Bestëmmunge fir souwuel dat architektonescht, wéi och dat archeologescht, beweeglecht an immateriellt Ierwen an.

  3. De 27. Januar 2022 huet d'Kulturministesch Sam Tanson de Projet de loi no. 7948 zur Aféierung vum Congé culturel an der Modifikatioun vu folgende Gesetzer der Presse präsentéiert: 1° vum Code du travail; 2° vum geännerte Gesetz vum 16. Abrëll 1979 iwwert de generelle Statut vun de Staatsbeamten; 3° vum geännerte Gesetz vum 24. Dezember 1985 iwwert de generelle Statut vun de Gemengebeamten.

  4. De Kultur- an de Justizministère si frou, an Zesummenaarbecht mat der Prisongsverwaltung den Appel à rojets "Accès à la culture – Kultur am Prisong" kënnen ze lancéieren. Dës Ausschreiwung riicht sech un Associatiounen aus dem Kultursecteur a soll zum Developpement vu kulturelle Projete bäidroen.

  5. No der Confirmatioun vum Regierungsrot huet de Kulturministère d’Éier, de neie Verwaltungsrot vum Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster (neimënster) z‘annoncéieren. De Verwaltungsrot huet seng Funktiounen de 15. Dezember 2021 ugetrueden.

  6. Den 8. Dezember 2021 gouf am Centre national de littérature zu Miersch de nationale Literaturpräis 2021 a Presenz vun de Laureaten/innen iwwerreecht. D'Kulturministesch Sam Tanson gouf vum Josée Hansen vun der Unitéit fir Literatur an Editiounswiese vum Kulturministère vertrueden.

  7. Après confirmation par le conseil de Gouvernement, le ministère de la Culture a l’honneur de vous annoncer le prochain conseil d’administration de la Fondation Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean. Le nouveau conseil prendra ses fonctions à partir du 1er janvier 2022.

  8. De 7. Januar 2021 huet d'Kulturministesch Sam Tanson Detailer iwwert d'Reouverture vun de Kulturinstitutioune presentéiert an déi nei Moossname fir de Kultursecteur virgestallt, wéi se am Gesetzesprojet zur Ännerung vum Gesetz vum 17. Juli 2020 zur Aféierung vun enger Rei Moossnamen zur Bekämpfung vun der COVID-19-Pandemie virgesi sinn.

  9. D’Kulturministesch Sam Tanson huet déi nei Mesurë presentéiert, déi am Beräich Kultur am Kampf géint d’Pandemie COVID-19 virgesi sinn. Si ass och op d’Reouverture vun de kulturellen Institutioune wéi Muséeën, Bibliothéiken, Archiven, Kinoen, Theateren a Concertssäll agaang.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2
  4. 3
  5. 4
  6. 5
  7. Lescht Säit