Annonce vum neie Verwaltungsrot vu neimënster

No der Confirmatioun vum Regierungsrot huet de Kulturministère d’Éier, de neie Verwaltungsrot vum Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster (neimënster) z‘annoncéieren. De Verwaltungsrot huet seng Funktiounen de 15. Dezember 2021 ugetrueden.

Fir eng Amtszäit vu fënnef Joer si genannt :

  • Mme Françoise Poos, Vertriederin vun der Zivilgesellschaft
  • Mme Magalie Tasch, chargée de mission am Kulturministère, Vertriederin vum ministère de tutelle
  • M. Joé Haas, chargé de mission am Kulturministère, Vertrieder vum ministère de tutelle
  • M. Patrick Sanavia, Direkter vum Service des sites et monuments nationaux, Vertrieder vum ministère de tutelle
  • Mme Anne Negreti, Responsabel  vun der Division des travaux neufs bei der Administration des bâtiments publics, Vertriederin vum ministère de tutelle
  • Mme Christine Walentiny, Vertriederin vun der Zivilgesellschaft
  • Mme Nicole E. Ikuku, Vertriederin vun der Zivilgesellschaft
  • M. Michel Linden, Premier inspecteur des finances bei der Inspection générale des finances, Vertrieder vum Minister dee fir de Budget zoustänneg ass
  • Mme Christiane Sietzen, Gemengebeamtin, Stad Lëtzebuerg, Vertriederin vun der Stad Lëtzebuerg.

D‘Madame Françoise Poos iwwerhëlt d’Amt vun der Presidentin, an d’Madame Magalie Tasch d’Amt vun der Vizepresidentin.

De Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster (neimënster) ass en établissement public ënnert der Tutelle vum Kulturministère, wat duerch d’Gesetz vum 24. Juli 2001 gegrënnt gouf.

Aktualiséiert