Zousätzlech Hëllefe fir fräischaffend Kënschtler an Intermittents du spectacle gi bis den 28. Februar verlängert

Am Zesummenhang mat de verstäerkte Moossname fir d’Andämmung vun der COVID-19 Pandemie ginn d’zousätzlech Hëllefe fir fräischaffend Kënschtler an Intermittents du spectacle bis den 28. Februar nees aktivéiert. Dës Hëllefe goufen 2020 agefouert, fir fräischaffend Kënschtler an Intermittents du spectacle ze entschiedegen, well hir Akommes direkt vun de gesetzleche Restriktioune fir Versammlunge betraff ass.

Den 22. Dezember 2021 huet de Staatsrot den Entworf vun engem groussherzogleche zur Reaktivéierung vun den zousätzlechen Hëllefe bis zum 28. Februrar 2022 ugeholl, fir déi schiedlech Effekter vun de Restriktiounen op déi kulturell Aktivitéite vu fräischaffende Kënschtler an Intermittents ze minimiséieren, gemäss dem geännerte Gesetz vum 19. Dezember 2014 iwwert 1) d’sozial Moossnamen zugonschte vun de selbstännege fräischaffende Kënschtler an Intermittents du spectacle 2) d’Fërderung vum kënschtleresche Schaffen.

Dëse Reglement fir zousätzlech finanziell Hëllefe garantéiert ënnert anerem:

  • Sozialhëllefe fir selbststänneg professionell Kënschtler, an d’Méiglechkeet all Mount eng Sozialhëllef bis zur Héicht vum soziale qualifizéierte Mindestloun ze kréien (amplaz vu 50% vum qualifizéierte Mindestloun a „normalen“ Zäiten);
  • zousätzlech Dagessätz fir fräischaffend Kënschtler an Intermittents du spectacle, déi bei onfräiwëlleger Inaktivitéit bis zu 20 Dagessätz ausmaache kann, am Verglach zu den 121 Dagessätz déi a „normalen“ Zäiten ausbezuelt ginn.

D’entspriechend Prozedure ginn zäitno op guichet.lu verëffentlecht.

Aktualiséiert