De Kulturministère huet néng Opträg fir Musekskompositioune vu Lëtzebuerger oder zu Lëtzebuerg usässeg Komponist/innen an Optrag ginn

Am Kader vu sengem Programm fir ëffentlech Kommissioune fir Musekskompositiounen huet de Kulturministère néng Opträg fir Kompositioune vu Lëtzebuerger oder zu Lëtzebuerg usässeg Komponist/inne fir d'Saison 2021-2022 verginn.

23 Komponist/innen hu sech op den Appel à projets, deen den 18. Mäerz 2021 vum Kulturministère lancéiert gouf, gemellt. Dobäi konnt all Kandidat/in fräi aussichen, fir wéi een(eng) Ensembel(en) en/si eng Kompositioun vun enger Mindestdauer vun 8 Minutte schreiwe wéillt.

Déi néng Ensembelen an Orchesteren, déi um Projet bedeelegt sinn, hunn all d'Dossieren déi eragereecht goufen evaluéiert an hu folgend Komponist/inne selektionéiert:

  • Marc Desorbay fir d'Musique militaire grand-ducale
  • Marco Pütz fir de Luxembourg Wind Orchestra
  • Gilles Noesen fir de Luxembourg National Jazz Orchestra
  • Caroline Mirkes fir Ars Nova Lux
  • Olivier Dartevelle fir d'Solistes Européens Luxembourg
  • Gast Waltzing fir United Instruments of Lucilin
  • Nik Bohnenberger fir Kammerata Luxembourg
  • David Ascani fir den Orchestre de chambre de Luxembourg
  • Luc Grethen fir den OPL

Dës Opträg vum Kulturministère si mat engem Total vu 60.000 € HTVA dotéiert, verdeelt op déi verschidden Orchesteren an Ensembelen.

Aktualiséiert