Appel à Candidatures fir den 8. Landschaftspräis vum Europarot

De Kulturministère lancéiert en Appel à Candidatures fir den 8. Landschaftspräis vum Europarot. Dëse Präis gëtt all zwee Joer verginn an zeechent beispillshaft Realiséierunge vu Landschaftsqualitéitsziler um Gebitt vun de Signatairë vun der Landschaftskonventioun vum Europarot, déi zum Zäitpunkt vun hirer Kandidatur säit mindestens dräi Joer fäerdeg gestallt an der Ëffentlechkeet zougänglech sinn. Doriwwer eraus geet et och drëms, d'Zivilgesellschaft fir de Wäert vu Landschaften, hir Roll an hir Evolutioun ze sensibiliséieren.

D'Landschaftskonventioun vum Europarot ass dat éischt internationaalt Ofkommes, dat sech exklusiv mat allen Dimensiounen a Facettë vun der Landschaft befaasst: naturbeloossen, ländlech, urbaniséiert a peri-urbaniséiert Landschaften.

De Comité vun de Ministere vum Europarot vergëtt de Landschaftspräis a Form vun Diplomer beispillsweis vun Auszeechnungen. D'Laureate ginn an d'Landschaftspräis Allianz vum Europarot opgeholl, dës Allianz ëmfaasst déi bescht europäesch Projeten, déi duerch d'Verbesserung vum Liewensraum vun der Bevëlkerung déi landschaftlech Dimensioun vun de Mënscherechter an der Demokratie ervirsträicht.

Eligibel Projeten

Déi fir 2022 agereechte Projete mussen Deel vun enger Politik vu nohalteger Entwécklung sinn, sech harmonesch an d'Organisatioun vun engem Territoire afügen a nohalteg, ökologesch, sozial, wirtschaftlech, kulturell an ästhetesch Qualitéiten opweisen. D'Projete sollen och der Destrukturatioun vun der Landschaft entgéint wierken, dës ophiewen oder nei Qualitéite fir den Territoire entwéckelen.

Eligibel Persounen

Um Landschaftspräis vum Europarot dierfe lokal a regional Kollektivitéiten, hir Ausschëss an net staatlech Organisatiounen deelhuelen.

Formulaire a Reglement

Delaien

D'Kandidatursdossieren fir dës 8. Editioun vum Landschaftspräis musse bis den 31. Dezember 2022 beim Kulturministère agereecht ginn. De Kulturministère leet all eligibelen Dossier bis zum 31. Januar 2023 un d'Generalsekretariat vum Europarot weider.

Kontakt

Kulturministère

Fokus: Landschaftskonventioun vum Europarot: robert.philippart@mc.etat.lu

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert