Lancement vum Appel à projets fir Projets vun Tounopnamen

De Kulturministère ass frou, am Kader vun der Reform vu senger Subventionnéierungspolitik d'Aféierung vun engem Ënnerstëtzungsprogramm vun Tounopname vun alle Museksrichtungen unzekënnegen. Zwee Appell-à-projete wäerte pro Joer lancéiert ginn, een am Fréijoer an een am Hierscht.

Dësen Appell adresséiert sech souwuel u professionell Lëtzebuerger Kënschtler/innen oder Kënschtlerkollektiver, déi zu Lëtzebuerg usässeg sinn an/oder iwwert eng noweislech kulturell Verankerung am Grand-Duché verfügen, mee och u lëtzebuergesch Labelen a Plattefirmen (SARL/SA). Zil vu béide Fërdermoossnamen ass et, dat kreatiivt Schaffen ze ënnerstëtzen, nei Talenter ze fërderen an d'Acteuren aus der Branche unzereegen, sech laangfristeg un der Karriärsentwécklung vu Kënschtler ze bedeelegen.

E Jury, deen aus engem/enger Mataarbechter/in aus dem Kulturministère wéi och véier Spezialisten aus der Museksbranche besteet, préift déi am Kader vun der Ausschreiwung agereechten Dossieren a fixéiert de Montant vun der Subventioun. D'Aarbecht vum Jury ass geheim. Et kënne keng Recourse géint Decisioune vum Jury ageluecht ginn.

D'Konditiounen a Krittäre kënnt dir op dem Internetsite vum Kulturministère noliesen.

Aktualiséiert