Präsentatioun vum Projet de loi zur Aféierung vum Congé culturel

De 27. Januar 2022 huet d'Kulturministesch Sam Tanson de Projet de loi no. 7948 zur Aféierung vum Congé culturel an der Modifikatioun vu folgende Gesetzer der Presse präsentéiert: 1° vum Code du travail; 2° vum geännerte Gesetz vum 16. Abrëll 1979 iwwert de generelle Statut vun de Staatsbeamten; 3° vum geännerte Gesetz vum 24. Dezember 1985 iwwert de generelle Statut vun de Gemengebeamten.

  1. ©MCULT

    (vu l. no r.) Jo Kox (Kulturministère); Sam Tanson, Kulturministesch; Beryl Bruck (Kulturministère)
  2. ©MCULT

    (vu l. no r.) Jo Kox (Kulturministère); Sam Tanson, Kulturministesch; Beryl Bruck (Kulturministère); Chris Backes (Kulturministère)
  3. ©MCULT

    (vu l. no r.) Sam Tanson, Kulturministesch, Beryl Bruck (Kulturministère)

D'Reintroductioun vum Congé culturel no der Ofschafung, 2014,vum Gesetz vum 12. Juli 1994 iwwert de Congé culturel, ass säit Joren eng staark Fuerderung vum kulturelle Secteur. De Congé culturel soll d'Participatioun u kulturelle Manifestatioune vun héijem Niveau oder aneren unerkannte Veranstaltungen, déi net am Kader vun der haaptberufflecher Aktivitéit vun der concernéierter Persoun sinn erméiglechen, awer och d'Méiglechkeet bidden, u spezialiséierte Formatiounen, déi vun unerkannten Organismen organiséiert ginn deelzehuelen. Dräi Kategorië vu Beneficiaire si virgesinn, déi Congé culturel ufroe kennen: Kënschtler, administrativ Kaderen oder Persounen, déi vu kulturelle Verbänn oder Associatiounen designéiert goufen.

D'Ministesch huet betount, datt des Aféierung "den Artisten déi nach en anert professionellt Standbeen hunn, déi awer op héijem Niveau hirer Konscht noginn, fir deenen den Equiliber tëscht dem Beruffsliewen an dem Exercice vun hirer Konscht méi einfach ze maachen, gegebenenfalls och eng Transitioun ze erliichteren a méi eng professionell Aart a Weis ze schaffen", mee datt och "de Benevolat am kulturelle Secteur soll weider gestäerkt ginn, well et ëmmer méi komplizéiert fir Federatiounen an Associatioune gëtt fir Leit ze fannen, déi mat vill Engagement an hirer Fräizäit deenen Tätegkeeten noginn."

Zu de wichtegsten Ännerunge gehéiert datt d'maximal Unzuel vu Congésdeeg iwwert déi ganz Karriär duerch eng maximal Unzuel vu Congésdeeg pro Joer a pro Beneficiaire ersat gëtt, dëst fir eng méi grouss Flexibilitéit z'erméiglechen. D'maximal Unzuel u Congésdeeg pro Joer variéiert jee no der Kategorie vun de Beneficiairen. Eng Derogatioun fir des Limitt muss schrëftlech per Demande motivée beim Kulturministère ugefrot ginn.

De neie Gesetzesentworf gesäit och d'Aféierung vun enger neier Kategorie vu Persoune vir, déi Usproch op de Congé culturel kënnen hunn, esou kritt all Associatioun a Federatioun aus dem Kultursecteur e gewësse Contingent vu Congésdeeg zur Verfügung gestallt, deen déi kulturell Institutioune gebrauche kennen, fir dass Leit, déi vun hinnen ausgewielt ginn, vum engem Congé culturel profitéiere kennen. Dës Kategorie vu Beneficiairë riicht sech och virun allem u Persounen, déi benevole bei der Organisatioun vu kulturellen Aktivitéite matwierken.

E weidere Punkt ass d'Verkierzung vum Delai vun der Demande fir Congé culturel vun dräi op zwee Méint.

De Projet de loi soll déi kulturell Aarbecht an d'Professionaliséierung vun der Kultur a Konschtzeen zu Lëtzebuerg valoriséieren, d'Efforte vun de Benevollen am Secteur unerkennen an och de gesetzleche Kader moderniséiere fir datt en de Besoine vum Secteur entsprécht.

D'Reform vum Gesetz ass och den Objet vun der Recommandatioun 28 vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 ("KEP"), an deem op d'Noutwendegkeet vun der Aféierung vum Congé culturel higewise gëtt fir déi weider Entwécklung a Professionalisatioun vum Secteur ze erméiglechen.

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert