Den Eric Thill am Gespréich mam Comité de gestion du patrimoine mondial

De Comité de gestion du patrimoine mondial gouf 2018 gegrënnt, fir d’Avise vun der Lëtzebuerger Kommissioun fir d’Kooperatioun (Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l’Unesco) mat der Unesco ze preparéieren, fir Aarbechten déi e mëttleren oder gréisseren Impakt op d’Lëtzebuerger Ierwen "Lëtzebuerg, Alstad a Festungen" hunn. De Comité setzt sech aus Vertrieder vum Kulturministère, dem Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, sou wéi verschidde Servicer vun der Administratioun vun der Stad Lëtzebuerg zesummen. Och Vertrieder aus der Zivilgesellschaft ginn an dëse Comité mat agebonnen. Hir Mandater goufe viru kuerzem verlängert.

  1. ©MCULT

    Photo de groupe

    Photo de groupe

  2. ©MCULT

    Illustration

    Illustration

  3. ©MCULT

    Illustration

    Illustration

De Comité huet iwwert d'Pläng fir d’Revaloriséierung vun engem Deel vun der Corniche tëscht dem Viadukt an den Nationalarchive vu Lëtzebuerg debattéiert an d’Aarbechte fir den Amenagement vun der Krypta ënnerhalb vun der Cité judiciaire verfollegt.

"De Comité de gestion du patrimoine mondial ass e Gremium vun Experten, déi wichteg Entscheedungen iwwert d’Gestioun vum Weltierwen preparéieren. Ech freeë mech iwwert d’Dynamik, déi sech an den aktuelle Projete bemierkbar mécht. D’Bedeitung vun der Gestioun vum Weltierwen am Hibléck op de Klimawandel, d’Accessibilitéit, d’sozial Inclusioun an d’digital Kommunikatioun ass vun enormer Wichtegkeet, déi mir ënner allen Ëmstänn ënnerstëtze mussen", betount de Kulturminister Eric Thill bei dësem Gespréich

Communiqué vum Kulturministère 

Aktualiséiert