D'Chamber huet de Gesetzesprojet iwwer d'Integratioun vu Konschtwierker an ëffentleche Gebaier ugeholl

Den 8. Februar 2023 huet d'Chamber iwwer de Gesetzesprojet Nr. 7963 iwwer d'Integratioun vu Konschtwierker an ëffentleche Gebaier an d'Ännerung vu folgende Gesetzer ofgestëmmt: 1° dat modifizéiert Gesetz vum 19. Dezember 2014 iwwer 1) Sozialhëllefen zu Gonschte vu professionelle fräiberuffleche Kënschtler an Intermittents du spectacle 2) d'Fërderung vun der artistescher Kreatioun; 2° dat modifzéiert Gesetz vum 8. Abrëll 2018 iwwert d'Marchés publics (mat 59 Jo-Stëmmen ugehol).

Dëse Programm, deen ënnert dem Numm "1% Konscht" oder "Konscht am Bau" bekannt ass, ass säit 1999 an der Lëtzebuerger Legislatioun verankert. Mam neie Gesetz huet d'Integratioun vu Konschtwierker an ëffentleche Gebaier elo een eegne Gesetzeskader, deen deem eng méi grouss Siichtbarkeet erméiglecht.

"D'Integratioun vu Konschtwierker an ëffentleche Gebaier ass ee vu ville Méiglechkeeten, Konschtwierker méiglechst ville Leit zougänglech ze maachen a Konscht an eisen Alldag z'integréieren. Dës Raim ginn esou zu kulturelle Kontaktpunkten, déi dem kënschtlereschen Ausdrock eng reell Siichtbarkeet ginn", huet d'Kulturministesch Sam Tanson an hirer Ried virun den Deputéierten ënnerstrach an donieft erkläert, datt d'Gesetz net nëmmen déi bestoend Legislatioun moderniséiert, mee och d'Aarbecht vun de KënschtlerInnen opwäert an de Konschtsecteur ënnerstëtzte wäert.

De Gesetzestext vereinfacht bestëmmten administrativ Prozeduren a sensibiliséiert staatlech, parastaatlech a Gemengenacteuren, souwéi déi breet Ëffentlechkeet. D'Gesetz gesäit vir, datt 1% vun de Baukäschte vun engem Gebai, dat vum Staat finanzéiert oder bis zu 25% vun de Gesamtkäschte vum Staat finanzéiert oder subventionéiert ginn an der Ëffentlechkeet zougänglech ass, fir den Optrag oder d'Acquisitioun vun engem oder e puer Konschtwierker benotzt gëtt, déi an dat Gebai oder seng Ëmgéigend integréiert ginn. De Montant ass op 500.000 Euro plafonéiert.

Dëst neit Gesetz ass d'Resultat vun de Moossname vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 (Recommandatioun n°20), an deem eng virausbléckend Reflexioun vum Gesetz iwwer ëffentlech Commandë gefuerdert gëtt.

Ee Guide fir Autoritéiten, déi mat der Realisatioun vun ëffentleche Gebaier beoptraagt ginn, souwéi Kënschtler, déi un sou engem Projet interesséiert sinn, gëtt aktuell ausgeschafft. Soubal d'Gesetz a Kraaft ass, gëtt dëse Guide verëffentlecht, fir de betraffenen Acteuren d'Méiglechkeet ze ginn, sech iwwert d'Bestëmmunge vum Gesetz an déi verschidden Etappe vun enger Commande oder enger Acquisitioun vu Konschtwierker am Kader vum Gesetz z'informéieren.

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert