Organisatioun

De Kulturministère gëtt geleet vun der Kulturministesch, Sam Tanson.

De Ministère ass a verschidden Departementer a Servicer ënnerdeelt, a Funktioun vun de Spezifitéite vun der Kulturzeen.

 

 

 

Allgemeng Koordinatioun

Déi allgemeng Koordinatioun regruppéiert déi strategesch a beräichsiwwergräifend Aktivitéite vum Ministère. Ënnert der Direktioun vun der allgemenger Koordinatioun gëtt de strategesche Plang fir d'Ëmsetzung vum Regierungsprogramm a vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 (KEP) festgeluecht. Déi allgemeng Koordinatioun iwwerwaacht dofir d'Koherenz vun den Aktiounen, déi duerch déi dräi Direktioune vum Ministère duerchgefouert ginn. Abegraff sinn hei de Service fir d'Kommunikatioun an d'Ëffentlechkeetsaarbecht, de Service fir Etüden a Statistiken, de Service fir regional kulturell Affären, de Service fir europäesch an international Affären an de Service fir kulturell Aktiounen a Mediatioun.

 

Service fir d'Administratioun an allgemeng Affären

De Service fir d'Administratioun an allgemeng Affären ass fir d'Gestioun an d'Logistik fir déi gängeg Affäre vum Ministère zoustänneg esouwuel um Niveau vum Personal wéi och um Niveau vun der Logistik, de Finanzen, der Gesetzgebung an den informatesche Mëttelen.

 

Service fir d'artistesch Kreatioun a Fërderung

De Service fir d'artistesch Kreatioun a Fërderung setzt eng Politik vun der Ënnerstëtzung, dem Encouragement an der Fërderung vun der artistescher Kreatioun an de Secteure vun der Architektur, der bildender Konscht, dem Theater, dem Design, dem Verlagswiesen, dem Konschthandwierk, der Musek an dem Film em. Doriwwer eraus, ass de Service och zoustänneg fir d'Publikumsentwécklung.

 

Service fir d'Kulturierwen

De Service fir d'Kulturierwen ass zoustänneg fir de Schutz, d'Erhalung, d'Erschléissung an d'Sensibiliséierung vun den Elementer vum archeologeschen, architektoneschen, mobillen, immateriellen an natierlechen Ierwen. En ass beoptraagt mat der Verwaltung an Erschléissung vum UNESCO-Weltkulturierwen an der nationaler Infrastruktur vum Kulturierwen a féiert d'Digitalisatioun vum Kulturierwen duerch.

Aktualiséiert