Nationale Literaturconcours 2023

D'Theema vum Nationale Literaturconcours 2023 si Projete fir en Dréibuch fir e fiktionalen, animéierten oder experimentelle Film- an audiovisuellt Wierk. Den nationale Literaturconcours gouf 1978 vum Kulturministère an d'Liewe geruff a soll déi literaresch Kreatioun am Grand-Duché fërderen.

Beim Concours ginn et zwou Kategorie vu Präisser: eng fir erwuesse Schrëftsteller/inne vun 20 Joer un, déi aner fir jonk Schrëftsteller/inne vun 12 bis 19 Joer:

  • Den éischte Präis an der Kategorie "erwuesse Schrëftseller/inne" ass mat engem Präisgeld vu 5.000 Euro dotéiert.
  • Den éischte Präis an der Kategorie "jonk Schrëftsteller/innen" ass mat engem Präisgeld vu 2.000 Euro dotéiert.

De Concours 2023 ass op fir Schrëftsteller/innen a Schrëftsteller/innekollektiver mat der Lëtzebuerger Nationalitéit oder déi am Grand-Duché wunnen, oder de Fall gesat, hire feste Wunnsëtz oder hir Haaptaarbechtsplaz oder, wann dëst net de Fall ass, verschidden Aarbechtsplazen um Territoire am Grand-Duché hunn.

De Stéchdatum fir d'Dréibicher ofzeginn ass méindes, den 12. Juni 2023.

D'Jury setzt sech aus folgende Memberen zesummen: Eileen Byrne, Claude Kremer, Christiane Kremer, Viviane Thill, Claude Waringo.

Huelt wgl. Kenntnis vum komplette Reglement vum Nationale Literaturconcours:

Reglement vum Nationale Literaturconcours 2023 (PDF)

Aktualiséiert