Appel à projets - "Accès à la culture - Kultur am Prisong"

Obwuel déi Lëtzebuerger Gesetzgebung um Prinzip vun der Gläichheet berout, kënnen awer sozioekonomesch oder bildungspolitesch Facteuren zu enger faktescher Ausgrenzung féieren, besonnesch wat den Zougang zur Kultur ugeet.

D'Ausschreiwung «Accès à la culture» gouf vum Kultur- a Justizministère an Zesummenaarbecht mat der Prisongsverwaltung lancéiert a soll Projete fërderen, déi géint dës Exklusioun virginn, éischtens duerch d'Subventionéierung vu Projeten déi eng kulturell Inclusioun fir jiddereen ustriiewen an zweetens, duerch eng Sensibiliséierung iwwer eeben dëse Wee.

KULTUR AM PRISONG

D'Prisonéier an de Prisonge kënnen net u kulturellen Evenementer an Aktivitéiten deelhuelen. Duerch d'Erabrénge vu kulturelle Projeten an dës Institutiounen, ass en éischte Schrëtt a Richtung vun enger kultureller Inclusioun méiglech.

Fir d'Prisonéier kënnen dës kulturell Projeten en Impakt op verschiddenen Niveauen hunn; si bidden eng Méiglechkeet fir Kultur an nei Ausdrocksformen ze entdecken a gläichzäiteg nei Passiounen oder Talenter ze entwéckelen. Am Hibléck op d'Reinsertioun bidden dës Projeten eng Méiglechkeet nees mat der Gesellschaft an der Baussewelt unzeknäppen, zum Beispill an deem Begrëffer wéi "Fräiheet" an "agespaart sinn" a Fro gestallt ginn.

Dës Projete kënne verschidde Formen hunn a verschidden Aktivitéiten ëmfaassen, zum Beispill:

  • Danz
  • Theater
  • Musek
  • plastesch Konscht
  • Schreiwen
  • Projektioun vu Filmer
  • Danz- an Theateropféierungen
  • ...

D'Aktivitéite kënne partizipativ oder kontemplativ sinn. Si kënnen, mussen awer net, zu enger Ofschlossopféierung féieren.

Fërderzäitraum: Eligibel si Projeten, déi tëschent dem 1. Mee 2022 an dem 08. Januar 2023 ausgefouert ginn, an deem déi ënne genannten Datumer agehale ginn.

Allgemeng Konditiounen

Plaz vun der Ausféierung vun de Projeten

Centre pénitentiaire de Luxembourg/Schrassig (CPL) a Centre pénitentiaire de Givenich (CPG).

Zäitpunkt vun der Ausféierung vun de Projeten

  • Päischtvakanz (21. Mai bis 29. Mai 2022)
  • Summervakanz (16. Juli bis 14. September 2022) ​
  • Allerhellegevakanz (29. Oktober bis 6. November 2022)
  • Chrëschtvakanz (24. Dezember 2022 bis 8. Januar 2023)

Zilgrupp

Prisonnéier vum CPL a CPG. D'Auswiel vun de Participante gëtt vun de jeeweilegen Administratioune gemaach.

eligibel Träger vum Projet

All Struktur oder Associatioun ouni Gewënnzweck sinn zougelooss. (Fondatiounen, Danzkompanien, Kënschtlerkollektiver,...)

Ausschloss-Krittären:

  • Privatpersounen
  • Betriber
  • Gemengen oder Gemengeservicer

Selektiounskrittären

Déi agereechte Projeten ënnerleien enger Rei vu Krittären:

  • Machbarkeet um Niveau vum Planning
  • Machbarkeet a Budgetsausgläich 
  • Bäitrag zu enger villsäiteger a qualitativ héichwäerteger kultureller Offer
  • Nohaltegkeet vun de Projeten
  • Professionell Erfarung

Eligibel Fraisen

D'Hëllef kann ugefrot gi fir:

  • Honoraire vun de Kënschtler oder Intervenanten 
  • Fraise fir d'Material dat fir de Projet gebraucht gëtt
  • Fraise fir d'Konzeptioun an d'Gestioun vum Projet

Fraisen, déi virum Stéchdatum fir d'Areechung vum Dossier entstane sinn, sinn net eligibel

Finanziell Inforamtiounen

Eligibel(e) Projet(en) fir e maximale Montant vun 10.000 €

Praktesch Informatiounen  

  • D'Ateliere kënnen a Presenz vun engem/er Wiechter/in stattfannen.
  • Déi maximal Unzuel u Participante pro Atelier ass 15 am CPL a 6 am CPG. Et sief ervirgehuewen, datt wärend enger Serie vun Atelieren d'Unzuel u Participanten ofhuele kann, opgrond vu noloossender Motivatioun oder verschiddene Rendez-vousen (juristesch, medezinesch oder familiär Rendez-vousen, …)
  • An deem Sënn sollen Ateliere proposéiert ginn, déi och mat enger variabeler Unzuel u Participante funktionéieren oder wou am Laf vun der Zäit nach aner Persounen dobäikomme kënnen.
  • Am CPL si Männer a Frae getrennt. Den Intervenant ka mat deenen zwou Gruppen individuell schaffen. Am CPG sinn d'Gruppe gemëscht.
  • E Projet ka fir déi zwee Prisongen oder fir een dovunner proposéiert ginn. Bei der Auswiel vun den Dossiere ginn déi jeeweileg Verwaltungen ee Retour iwwert d'Machbarkeet vum Projet an hire Strukturen. E Projet deen an deenen zwee Prisonge stattfënnt, gëtt als een eenzele Projet consideréiert.
  • CPL: D'Aktivitéite kënne moies, nomëttes oder owes stattfannen. Et ass vu Virdeel wann Dauer vun enger Seance fir eng Aktivitéit op maximal 4 Stonnen um Stéck begrenzt ass.
  • CPG: Fir den interne Betrib net ze stéieren, sollen d'Atelieren am beschten nomëttes stattfannen.

Virleefegen Zäitplang

  • Lancement vum Appell: Januar 2022
  • Stéchdatum fir d'Receptioun vun den Demanden: 15. Mäerz 2022
  • Evaluatioun a Preparatioun vun den Demande fir d'Kommissioun: Enn Mäerz 2022
  • Evaluatioun vun den Dossieren duerch d'Kommissioun: Abrëll 2022
  • Matdeelung vun de Projeten déi zréckbehale goufen: Abrëll 2022
D'Kommissioun déi fir d'Auswiel vun den Dossieren zoustänneg ass, besteet aus Membere vun der Verwaltung an der pedagogescher Ekipp vum CPL a CPG esou wéi aus Vertrieder aus dem Justiz- a Kulturministère.

Praktesch Informatiounen

De kompletten Dossier muss spéitstens bis freides de 15. Mäerz 2022 un folgend Adress geschéckt ginnsophie.lammar@mc.etat.lu.

De vollstännegen Dossier muss Folgendes ëmfaassen:

 

Spéitstens dräi Méint no der Finalisatioun vum Projet muss e Compte-rendu erageschéckt ginn.

Bei Froen, schreift eng Mail un sophie.lammar@mc.etat.lu oder rufft um 247-86608 un. ​

Aktualiséiert