Professionelle fräiberuffleche Kënschtler

Fir professionell a fräiberufflech Kënschtler, déi Schwieregkeeten hunn, fir e reegelméissegt Akommes ze generéiere wat duergeet, fir hir Grondbedierfnisser ze decken, huet de Staat e System vu soziale Moossnamen en Place gesat fir, ënner verschidde Konditiounen, a schwéiere Perioden ënnert Äerm ze gräifen- a virun allem- dem Kënschtler ze erméigleche fir an der artistescher Kreatioun ze bleiwen.

De Staat ka Kënschtler, déi sech haaptberufflech der Kreatioun vu Kulturgidder an der Produktioun vun artistesche Leeschtunge widmen, de Statut vum professionelle fräiberuffleche Kënschtler (artiste professionnel indépendant) attribuéieren. Wann de Statut eng Kéier zougesprach gouf, erméiglecht dësen de Kënschtler vu finanziellen Hëllefe mat sozialem Bezuch ze profitéieren. De Statut vum professionelle fräiberuffleche Kënschtler gëtt fir en Zäitraum vu 24 Méint accordéiert. E kann onbegrenzt verlängert ginn, awer nëmme wann de Kënschtler weiderhin déi gesetzlech Konditiounen erfëllt.

Dat geännert Gesetz vum 19. Dezember 2014

  • iwwert déi sozial Moossnamen zu Gonschte vu professionelle fräiberuffleche Kënschtler an Intermittents du spectacle
  • fir d'Promotioun vun der artistescher Kreatioun

bréngt verschidden Adaptatiounen am Gesetz vum 30. Juli 1999, wou hei déi Haaptcharakteristiken opgezielt sinn:

  • getrei dem Grondsaz vun der Gläichbehandlung vun den EU-Bierger gëtt d'Konditioun vum Wunnsëtz duerch eng Obligatioun ersat déi beseet, dass ee mindestens sechs Méint ier Demande gestallt gouf, muss Member vum lëtzebuergesche Sozialversécherungssystem sinn an en Engagement an der artistescher a kultureller Zeen muss hunn.
  • nom Grondsaz vun der Gläichbehandlung, ënnerleie Kënschtler an Intermittents du spectacle
    • de selwechten Affiliatiounskonditiounen;
    • der Akommessteierpflicht;
    • si hunn Usproch op d'Hëllefen am Zesummenhang mam soziale Mindestloun fir qualifizéiert Employéeën;
    • si mussen noweise kënnen, dass am Laf vum Joer ier si d'Demande gestallt hunn, hir artistesch Aktivitéit en Akommes generéiert huet, wat mindestens 4-mol esou héich war wéi de Mindestloun vun net qualifizéierten Employéeën;
  • den Aktivitéitszäitraum gëtt wärend engem krankheetsbedéngtem Congé vun iwwert engem Mount, engem Congé de maternité oder parental ausgesat;

Aktualiséiert