Opruff fir d'Areeche vu Kandidaturen fir den 8. Landschaftspräis vum Europarot

De Kulturministère mécht een Opruff fir d'Areeche vu Kandidature fir den 8. Landschaftspräis vum Europarot. De Präis gëtt all zwee Joer iwwerreecht an zeechent beispillhaft Ëmsetzunge vu Landschaftsqualitéitsziler um Gebitt vun de Vertragsparteie vum Landschaftsofkommes vum Europarot aus, déi zum Zäitpunkt vum Rareeche vun der Kandidatur säit op d'mannst dräi Joer ofgeschloss a fir d'Ëffentlechkeet zougänglech sinn. Doriwwer eraus huet en d'Zil déi zivil Gesellschaft iwwert de Wäert vu Landschaften, hir Roll an hir Verännerung ze sensibiliséieren.

D'Landschaftskonventioun vum Europarot ass dat éischt internationaalt Ofkommes, dat sech ausschliisslech mat allen Dimensioune vun der Landschaft befaasst: natierlech, ländlech, urban a peri-urban Landschaften.

De Ministerkommitee vum Europarot iwwerreecht de Landschaftspräis a Form vun engem Diplom resp. unhand vu Mentiounen. D'Gewënner ginn Deel vun der Allianz vum Landschaftspräis vum Europarot, déi déi bescht europäesch Projete vereent, déi d'territorial Dimensioun vu Mënscherechter an Demokratie duerch d'Verbesserung vun de landschaftleche Charakteristike vum Liewensraum vun der Bevëlkerung duerstellen.

 

Eligibel Projeten

Projeten, déi als Kandidatur fir de Concours 2022 ragereecht ginn, mussen Deel vun enger Politik vun der nohalteger Entwécklung sinn, sech harmonesch an d'Organisatioun vum Gebitt afügen an nohalteg ökologesch, sozial, wirtschaftlech, kulturell an ästhetesch Qualitéiten opweisen. Si sollen der Zerstéierung vun der Landschaft entgéintwierken oder se behiewen an nei Qualitéiten um Territoire entwéckelen.

 

Eligibel Persounen

D'Participatioun um Landschaftspräis vum Europarot ass oppe fir lokal a regional Communautéiten, hir Verbänn, souwéi netstaatlechen Organisatiounen.

 

Formulaire fir d'Kandidatur a Reglement

 

Delai

D'Dossiere fir dës 8. Editioun vum Landschaftspräis musse bis den 31. Dezember 2022 beim Kulturministère ragereecht ginn, deen d'Ënnerlage bis spéitstens den 31. Januar 2023 un d'Generalsekretariat vum Europarot weiderleet.

 

Kontakt :

Kulturministère :

Focal point : Landschaftsofkommes vum Europarot : robert.philippart@mc.etat.lu

 

Aktualiséiert