Subsid fir Gemenge fir d'Realisatioun vu kulturelle Projeten

De Kulturministère accordéiert Subsiden un d'Gemenge fir een oder verschidden iwwert den Zäitraum vun engem Kalennerjoer verdeelte Projeten, déi zu Lëtzebuerg stattfannen.

Dës Subside ginn u Lëtzebuerger Gemenge verdeelt am Kader vun Evenementer a follgende Beräicher:

  • Konscht, Architektur, Design a Konschthandwierk;
  • Zirkus a Stroossekonscht;
  • audiovisuellt Schafen, Konscht- an Experimentalfilm;
  • Danz;
  • Literatur;
  • Musek;
  • kulturellt Ierwen, Geschicht, folkloristesch Traditiounen;
  • aus dem soziokulturelle Beräich;
  • Theater;
  • pluridisziplinär Projeten.

Dëse Subsid soll zur Entwécklung vun de Konditioune bäidroen, déi et de Gemengen erméiglechen, hir kulturell Projeten ze realiséieren.

De Kulturministère leet de Schwéierpunkt op Projeten, déi den Zougang zur Kultur fir all Mënsch erméiglechen an ënnerstëtzt besonnesch innovativ an originell Initiativen, déi eng Plus-value fir d'kulturellt Liewen zu Lëtzebuerg duerstellen. Besonnesch Opmierksamkeet gëtt de Projete gewidmet, déi op kënschtlerescht Schafen ausgeriicht sinn an eng staark regional, national oder international Ausstralung hunn.

D'Demande fir de Subside mussen op d'mannst zwee Méint virum Ufank vum Projet beim Kulturministère agereecht ginn.

Formulaire

Demande fir de Subsid fir Gemenge fir d'Realisatioun vu kulturelle Projeten (PDF) ​

Eligibel Gemengen

De Subsid adresséiert sech u Lëtzebuerger Gemengen, déi kulturell Evenementer organiséieren.

Non-Profit-Organisatiounen an Eenzelpersoune kënnen eng Demande fir e Subsid iwwert den entspriechende Formulaire ufroen.

Eligibel Projeten

De Subsid vum Kulturministère fir Gemenge fir d'Realisatioun vu kulturelle Projeten zu Lëtzebuerg ka fir folgend Projeten accordéiert ginn (net exhaustiv Lëscht):

  • Festivaller a kulturell Manifestatiounen;
  • Konferenzen;
  • Residenzprojeten zu Lëtzebuerg;
  • Präisser a Concoursen (Prise en charge vum Kulturministère vun engem oder verschidde Präisser);
  • pedagogesch Projeten a Meeschtercoursen;
  • Manifestatioune fir déi Jonk;
  • Ausstellungen;
  • Virliesunge vu Schrëftsteller/innen
  • Bestellung vu Kompositiounen;

Net Eligibel Projeten

De Subsid vum Kulturministère fir Gemenge fir d'Realisatioun vu kulturelle Projeten zu Lëtzebuerg ka net fir folgend Projeten accordéiert ginn:

  • Projeten, déi den Ziler vun engem anere vum Kulturministère proposéierte Subsid entspriechen;
  • Projeten ouni kulturell oder kënschtleresch Dimensioun;
  • Projeten, déi Sue fir karitativ Zwecker sammelen;
  • Projeten, déi vun Associatiounen an Etablissementer initiéiert ginn, déi een Ofkommes mam Kulturministère hunn;
  • Projeten ouni Plus-value fir Lëtzebuerg;
  • Projeten, déi vun enger Primärschoul, engem Lycée oder enger Uni ugebuede ginn;
  • Betribskäschten a Paie vu Gemengebeamten;
  • Kaf vun Anlageverméigen, bestoend Projeten oder Instrumenter;
  • de Bau, Kaf, Verlounen oder Renovéierunge vu Proufraim;
  • touristesch Projeten;
  • Projeten, déi vum FilmFund ënnerstëtzt ginn;
  • Danzprojeten, déi fir den Trois C-L éligibel sinn (den Trois C-L huet den Optrag vum Kulturministère d'Finanzhëllefen ze geréieren, déi choreografesche Projeten zu Lëtzebuerg zougewise ginn) ;

Delaien

D'Gemengen, déi vum Subsid profitéiere wëllen, mussen hir komplett Demande spéitstens 2 Méint virum Start vum Projet areechen (et gëllt den Datum vum Poststempel). ​

Demanden, déi no dësem Delai agereecht ginn, souwéi Demanden, déi nom Projet eragereecht ginn, ginn net ugeholl.

Beispill: Fir Projeten, déi den 1. Juni ofgeschloss wäerte sinn, ass den Delai fir d'Eragi vun der Demande den 1. Abrëll.

Praktesch Informatiounen

Areeche vun der Demande

Den Dossier muss d'Demande vun enger Gemeng fir e Subsid am Kader vun engem Kulturprojet, souwéi folgend Dokumenter enthalen:

  • een detailléierten, viraussiichtleche Budget fir de Projet, fir deen e Subsid ugefrot gëtt;
  • ee Rapport iwwert d'Aktivitéite vum leschte Joer;
  • eng Gewënn- a Verloschtrechnung (Beneficer an Ausgaben) fir dat vergaangent Joer (am Fall wou de Projet schonn e Mol stattfonnt huet);
  • all aner relevant Dokumenter/Informatiounen, déi d'Demande ënnerstëtze kéinten.

D'Demandeure mussen de Formulaire fir d'Demande ausfëllen:

  • um Computer;
  • op Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch oder Englesch.

D'Gemenge mussen de komplett ausgefëllten an ënnerschriwwene Formulaire zesumme mat all den néidegen Dokumenter per Post oder E-Mail un de Kulturministère schécken an zwar op follgend Adress: subsides@mc.etat.lu.

Soubal d'Demande agereecht gouf, schéckt de Kulturministère:

  • entweder een "Accusé de réception", wann d'Demande komplett ass;
  • oder ee Courrier, an dem matgedeelt gëtt, wéi eng Dokumenter nach feele fir den Dossier ze komplettéieren.

D'Demande ginn eréischt beaarbecht wann se komplett sinn.

Erhale vum Subsid

De Berodungsgremium vum Kulturministère, deen aus Mataarbechter vun der Direktioun an de Kultur- a Finanzdepartementer vum Kulturministère besteet, kënnt an der Reegel all zwee Méint zesummen a beurteelt all Subsid unhand vun de follgende Bewäertungskrittären:

  • Innovatioun a kënschtleresch Qualitéit vum Projet, d.h. d'Beschreiwung vun den innovativen an originellen Aspekter vum Projet. Den Demandeur muss noweisen, wéi de Projet d'Entwécklung vun héichwäertegem, kënschtlereschem Schafe fërdert;
  • Gestioun a Realiséierbarkeet, d.h. d'Koherenz vum Projet. Den Demandeur muss déi verschidde Schrëtt, déi de Projet vum Konzept bis d'Ëmsetzung féieren, präzis a kloer oplëschten.
  • Budgetsgestioun vum Projet; d.h. ee detailléirten, kloren a realisteschen, viraussichtleche Budget. Den Demandeur muss noweisen, datt den ugefrote Subsid fir d'Realisatioun vum Projet noutwenneg ass a muss all aner (ëffentlech oder privat) Finanzéierungsmëttel uginn. Den Demandeur gëtt encouragéiert nieft de staatleche Subsiden och aner Finanzéierungsmëttel ze ermëttelen;
  • Entwécklung vum Public, gesellschaftlech Auswierkungen a Plus-value fir Lëtzebuerg, d.h. d'Aart a Weis, wéi de Projet säi Public identifizéiert an areeche wäert, déi an der Demande kloer beschriwwe gëtt. Wäert den Impakt lokal, regional, national oder international sinn? Den Demandeur muss och duerleeën, wéi eng positiv Auswierkungen d'Realisatioun vum Projet op d'Lëtzebuerger Gesellschaft an dat kulturellt Liewe wäerten hunn;

De Berodungsgremium préift d'Eligibilitéit vun der Demande a formuléiert, wann néideg, en Avis iwwert d'Héicht vum Subsid, deen accordéiert soll ginn. De Ministère deelt dem Demandeur seng Äntwert per Courrier mat an de Subsid gëtt sou séier wéi méiglech ausbezuelt.

Héicht vum Subsid

De Subsid gëtt a Form vun enger direkter Ausbezuelung vun enger finanzieller Ënnerstëtzung un den Empfänger, an der Reegel virum Start vum betreffende Projet, gemaach.

Déi finanziell Ënnerstëtzung vum Kulturministère duerf grondsätzlech net méi wéi 60% vun de Gesamtkäschte vum Projet, fir deen déi finanziell Ënnerstëtzung ugefrot gouf, iwwerschreiden.

Flichte vun der Gemeng

Soubal de Subsid accordéiert gouf, muss d'Gemeng verschidde Konditioune respektéieren:

  • de Subsid duerf nëmme fir d'Käschten an Ausgabe benotzt ginn, déi mam Projet zesummenhänke fir deen en ugefrot gouf;
  • all Präsentatiouns- Informatiouns- oder Reklammmaterial, inklusiv Websäit, déi fir d'Ëffentlechkeet geduecht sinn, mussen mam Vermierk "Mat Ënnerstëtzung vum Kulturministère" ( "Avec le soutien du ministère de la Culture") an dem Logo vum Ministère gekennzeechent ginn;
  • d'Gemeng muss dem Ministère all Informatiounen oder Dokumenter zur Verfügung stellen, déi fir d'Beaarbechtung an Iwwerwaachung vun der Demande als noutwenneg gëllen (z.B. Ännerung oder Annulatioun vum Projet)

Kontakt

Kulturministère - Guichet fir Subsiden ("Guichet subsides")

E-mail: subsides@mc.etat.lu
Tel.: (+352) 247 - 86615 (09:00 - 11:30)

Aktualiséiert