Octavie Modert au sujet des différentes facettes de la politique culturelle du Grand-Duché

Christiane Kremer: Wann een an den Agenda kuckt, da fënnt ee quasi fir all Dag op d’mannst eng kulturell Manifestatioun wou ee kéint higoen. Dat ass vill. Wann ee Leit aus dem Ausland hei begéint, déi sinn iwwerrascht a begeeschtert vun där Offer déi mir hunn. Ass Lëtzebuerg dann e kulturellt Schlaraffeland?

Octavie Modert: O, deelweis denken ech schonn. Also mir hunn déi immens Chance, an ech mengen, et muss een et wierklech och als, net nëmmen als Chance gesinn, mä et och als Chance wouerhuelen, an als Chance et wëllen hunn, datt esou vill bei eis leeft, et ass immens vill lass, et gëtt immens vill gebueden, et ass a sämtleche Richtungen, a sämtleche Goûten eppes dobäi. Also d’Diversitéit déi jo grad an der Kultur och wichteg ass, ass dobäi.

A mir sinn op eng gewëssen Aart a Weis wuel e Schlaraffenland, well och nach alles relativ no bei ass. D’Entréespräisser si verglach mam Ausland ganz abordabel. A mir hunn déi Entwécklung gemaach an deene leschten, ugefaangen an deene leschte 20, 25 Joer, an dat mengen ech solle mir als Chance an als Gléck emfannen.

Datt an engem Schlaraffeland och Saache si wou emol eppes net grad esou ass wéi een et gären hätt, oder nach eppes muss méi nogehollef ginn, dat ass evident, mengen ech. Mee et sinn der ganz vill déi si jalous op dat wat bei eis leeft, et sinn der ganz vill déi mierke wéivill mir och maache fir déi kulturell Entwécklung, an och fir de Kënschtler virunzehëllefen. An et sinn der virun allem déi, déi aus dem Ausland heihinner kommen, immens vill iwwerrascht wéivill an deem klenge Land hei lass ass, an d’Qualitéit vun der Offer eng ass, déi een och soss a groussen Haaptstied huet. An och dat solle mir houfreg drop sinn, datt mir hei mat de groussen anere Stied kënne mathalen.

Christiane Kremer: 1995, Dir hutt gesot déi lescht 20 Joer, ech mengen et ass ëmmer d’Stéchwuert 1995, dat éischt Kulturjoer wou Lëtzebuerg jo war. Virdrun, ass gesot ginn, war hei eng Wüst, eng kulturell Wüst. Entretemps ass esou vill geschitt, haaptsächlech um Niveau vun den Infrastrukturen, vun de Gebaier déi komm sinn. Elo ass esou vill do. Wann Dir sot d’Kultur ass kee Luxus, dat heescht, dat ass eppes wat e Land wéi Lëtzebuerg sech och muss kënne leeschten?

Octavie Modert: Dat mengen ech schonn. Ëmsou méi, mengen ech, wann et e Land ass dat ëmmer gläich gestallt gëtt mat negative Schlagzeilen, déi dann och nach ganz dacks mat Sue behaft sinn. An dofir mengen ech, datt mir eis net dierfen hei soen, mir wiere Schmarotzer, mir géifen hei keng Kultur brauchen, mir géife se just op deenen aneren hir Käschte profitéieren, awer selwer keng wëlle maachen, a selwer keng wëllen ënnerstëtzen. Dat ass deen een Deel.

Dat zweet, mengen ech awer, e Land ouni Kreativitéit, e Land ouni Kënschtler, e Land ouni Ausdrockskraaft, e Land ouni Iwwerleeungen, dat ass jo kee Land. Dat kann et net sinn, a kann et net duergoen.

Mir brauchen ebe just och als eegestännegt Land Kraaft vu bannen eraus fir ëmmer erëm nei Iddien ze brénge fir eis ze erneieren, fir innovativ ze sinn, an no vir ze goen. An do ass d’Kultur e wiesentlechen, wiesentlechen Deel do dovunner. Ëmmer erëm sinn an der Kultur, a sinn d’Kënschtler déi, déi d’Gesellschaft virubréngen, déi Dieren opmaachen a viruginn. An dofir mengen ech muss ee Kultur hunn op där enger Säit.

Op där anerer Säit, mengen ech, wéi et ëmmer esou schéin heescht, de Mënsch ass e kulturellt Wiesen, et ënnerscheet en zu anere Wiesen. Mir maachen all Kultur zu all Moment. Mam Musek lauschteren, mam Buch liesen, mam aktiv oder passiv un der Kultur deelhuelen, a si ëmgëtt eis zu all Sekonn. An ech mengen dat ass sécherlech och eppes, wat ee muss gesinn. Mir ootme Kultur esou wéi mir Loft ootmen. Dat ass mengen ech dat wat och dem Mënsch gläich ass. Niewent dem Iessen, mengen ech, war seng zweet bewossten Aktivitéit d’Kultur a fréieren, fréieren Zäiten. An dofir mengen ech wuel datt mir net kënne soen, dat brauche mir net.

Christiane Kremer: Woubäi de Begrëff Kultur awer och ganz dacks Leit Angscht mécht, déi vläicht sech net esou doran erëmfannen?

Octavie Modert: Ech hunn, also gëschter am Fong geholl nach, wéi mir eisen Neijorsëmpfang vum Ministère mat all eise Mataarbechter, an deenen aus dem Kulturberäich haten, gesot, grad déi Angscht do, déi ech weess datt et gëtt, Schwellenangscht déi och besteet vu verschiddene Leit, dierfe mir net förderen, mä musse mir probéiere clean ze kréien.

Et gëtt eng wichteg Komplementaritéit zwëschent populärer Kultur an zwëschen Exzellenzkultur. An dat, mengen ech, ass eppes wat mir musse weisen.

Wat ech ëmmer gären hätt, dat ass datt mir héich Qualitéit an exzellent Kultur op der Bühn hunn, an am Sall fir jiddwereen hunn. Dat heescht, ech wëll datt d’Schwellenangscht kann ofgebaut ginn, egal ob et viru Muséeën ass, egal ob et viru Concertssäll ass, egal ob et viru Virliesungen ass, datt d’Leit sollen d’Gefill hunn, datt se kënne kommen.

Wat ech wëll hunn ass Qualitéit an der kultureller Duerbiddung, an der Offer, awer näischt Elitäres vis-à-vis vun engem Publikum, mä wou jiddweree sech soll ugezu fillen, an och kee soll Angscht hu fir dohinner ze kommen.

Dofir maachen ech och ëmmer extrem vill Aktioune fir dat wat den Zougank zur Kultur, d’Accessibilitéit vun der Kultur och fördert, a fördere soll egal ob fir Jonker oder fir anerer, well fir mech ass Kultur fir jiddwereen do, fir Jonk a fir Al, aus alle Schichten, mat an ouni Diplomer, vun allen Alteren, a vun alle Goûten och. An dat, mengen ech, ass eppes wat mir mussen onbedéngt förderen.

Ausserdem ass Kultur, gutt Kultur, och net just fir Eenzelner, et soll fir se alleguer do sinn, a si ass och fir se alleguer do. Wat deen Eenzelne méi interesséiert, dierf och nach ëmmer säi Recht sinn him selwer iwwerlooss ze sinn. Mä en dierf net ofgehale ginn aus iergendwellechen Angschtursaache fir wëllen déi Saache genéissen ze goen, déi him zousoen.

Christiane Kremer: Wéi kann een dat da praktesch maache fir esou eng Angscht ze huelen, oder esou eng Schwellenangscht ze huelen?

Octavie Modert: Bein, ech mengen d’Vermëttlung vun der Kultur ass ee ganz wichtege Stéchpunkt. Mir hunn op ville Plazen där Saachen agesat. Ech hunn awer och e puer méi konkret Aktioune gemaach, wou mir dann och Vermëttlung mat dobäi drupechen.

Dat eent ass de Kulturpass, dat ass deen, déi op Leit déi manner Méiglechkeeten hunn, egal ob aus finanziellen oder aus aneren Ursaachen, kënnen unzebidden, datt se kënnen a Concertssäll, an Theatersäll, a Muséeën, egal op wéi eng Concerte goe fir ganz wéineg Entréessuen, an dat och nach encadréiert, dat heescht, datt se net brauchen Angscht ze hu fir dohinner ze kommen. Dee Kulturpass gëtt och regelméisseg benotzt, an dat ass och eng Aktioun, déi mir nach ausbauen.

Op där anerer Säit hunn ech e Jugendpass gemaach gehat, well ech och wichteg fannen, datt Jonker Zougang zur Kultur kréien, déi och ganz dacks Loscht hunn et ze maachen, wou et awer ofhält, och wann hei am Land d’Entréespräisser ni héich sinn, mä wou se awer heiansdo ofhält fir dohinner ze kommen. Oder wéi et an engem Musée se eigentlech ofhält fir einfach eran an eraus ze goen. An enger Bibliothéik gëtt zwar keen Entrée gefrot, mä och do datt se d’Gefill kréien, dat ass eppes wou ech einfach kann higoen, wou et sech och flott liewe léisst, wou et sech Saachen erliewe léisst, wou ech ka kuerz bleiwen, laang bleiwen, wou ech den nächsten Dag kann erëmkommen, a wou ech net dat muss esou als eng Akropolis ëmfannen, en Olymp vun de Götter, wou keen hikënnt, mä wou ech einfach all Dag och ka gestalten.

Christiane Kremer: Wéi ass dann de Feedback op déi Passen, oder froen d’Leit duerno, froen déi Jonk duerno, oder wéi kréie se Zougang dozou?

Octavie Modert: Et ass ënnerschiddlech ugestallt. Ech wollt den esougenannte Jugendpass net mat iergendwellechen administrative Schrëtt an esou weider verbannen, datt een och nach eppes muss ufroen. Et ass einfach ënnert dem Alter vun 21, respektiv op der Uni kënnt ee fir näischt eran, Punkt. Et brauch een also nëmme just eventuell seng Carte d’identité ze weisen, ech sinn esou al, da kënnt een eran. Et brauch een net extra eppes unzefroen, dat geschéckt ze kréien, an nach e grousse Formular auszefëllen.

De Kulturpass dee loosse mir iwwer gewëssen Institutiounen och lafen, an och do ass et einfach esou datt een einfach mat där Saach an d’Keess geet. An iwwerall steet op den Aluedungen, an op de Manifestatioune vun deenen Haiser och drop, Kulturpass wëllkomm. Dat heescht, datt d’Leit einfach nëmme brauchen dohinner ze goen, an an der Keess et ze weisen, da kënne se erakommen, ouni laang virdru mussen, vläicht dräimol ze telefonéieren, 4 Mol ze froen, oder nach iwwer iergendeen ze fuere fir dohinner ze kommen.

Dat heescht, esou einfach maachen, an ech ëmmer gären hätt datt ech soen, d’Kultur mécht hir Diere grouss op fir datt jiddweree sech wëllkomm spiert fir eranzekommen.

Dohier och nach esou aner Initiativen fir d‘zejoert um Ministère Porte ouverte, dee gewisen huet wéivill Leit awer interesséiert sinn do drun, fir einfach emol eng Kéier kënnen esou dohinner ze kommen. An do war keng Schwellenangscht. Dat heescht, mir mussen och de Leit vermëttelen, dir braucht keng Angscht ze hunn, kommt einfach.

Mir hunn och an der Philharmonie zum Beispill, dat jo vun Ufank un esou gestallt gehat, datt d’Leit net, ech hunn ëmmer gesot, an d’Philharmonie ass et net fir mam laange Rack mussen dohinner ze goen, mat den Turnschlappen, oder mat der Jeansbox oder wéi ëmmer, datt jiddweree sech einfach esou wëllkomm spiert, an net mengt e misst sech nach anescht undoen. An dat huet fir mech eng ofschreckend Wierkung, an dat dierf et net sinn, am Géigendeel, mir hätte gären exzellent Kënschtler, exzellent Musek, mä fir jiddwereen am Publikum.

Christiane Kremer: D’Octavie Modert, d’Kulturministesch ass den Invité haut de Mëtteg, an elo gläich kucke mir emol wéi d’Kultur dann esou an der Regierung gesi gëtt.

Christiane Kremer: Wéi gëtt d'Kultur dann an der Regierung gesinn, oder loosse mir mol soen de Ressort Kultur ass jo sécher ni deen, deen op der éischter Plaz steet wann et d'Prioritéite vun enger Regierung sinn. Wéi kritt Dir Äre Ressort dann awer trotzdem gutt verkaaft, fir et emol sou entre guillemets ze soen?

Octavie Modert: Ben, ech denken, datt an der Regierung sou wéi an deenen anere Beräicher och, jiddweree weess, datt Kultur ee wichtege Ressort ass. An, datt mir Kultur brauchen. Mir hunn dovunner geschwat. Firwat se wichteg ass an och do ass gewosst, datt d'Initiativen déi ech maachen, wuel iwwerluecht sinn an hir Ursaachen hunn an och hir Objektiver sinn nach net einfach fir de Leit Sand an d'Aen ze streeë sinn. Mä, datt se wichteg sinn an duerfir ass och do keen, et muss kee mengen, datt an der Regierung een eppes géint d'Kultur hätt, oder datt do op d'Kultur géif geschoss ginn oder géint geschoss ginn. Ech ginn zou, virun e puer Joer war alt emol deen een oder aneren, deen alt emol gemengt huet hie misst do eppes zou soen. Mä mir wëssen, datt fir ee Land ze gestalten ee vun allem eppes brauch, an datt d'Kultur do seng Roll ze spillen huet. Si wëssen och an der Regierung, datt ech déi Saach mat serieux maachen. Wéi ech ëmmer soen, dat mir wuel Initiativen huelen an datt mir Saache maachen déi néideg sinn an trotzdem Fouss beim Mol halen.

An ech mengen, datt et aner Beräicher ginn wou dat heiansdo manner gemaach gëtt. Wéi dat souguer an der Kultur gemaach gëtt an duerfir ass do kee Problem domat.

Dat heescht natierlech och, datt och d'Kultur grad esou wéi all aner Ministère de Moment och kuckt ze spueren. Vu datt ech awer ëmmer Fouss beim Mol gehalen hunn, soen ech heiansdo, datt dat sech vläicht souguer deelweis bal manner un eis misst riichten wéi un anerer. Net datt mir net solidaresch sinn am Spuereffort. Wann et dem Land schlecht geet, spuert d'Kultur mat. Dat brauch keen ze mengen. Dat hu mir och déi ganzen Zäit gemaach. Mä well mir net iwwerdriwwen hunn virdrun. Quitt, datt eenzel Initiativen do stinn an natierlech jiddwereen seet, firwat dann elo en neit Gebai. An et sinn och elo Leit déi soen firwat dann en neit Gebai fir d'Nationalbibliothéik an grad sou vill anerer hunn ëmmer gesot, firwat kënnt dat dann net. Mä et sinn just Initiativen déi néideg sinn och fir eise Patrimoine ze erhalen. An wann een natierlech virdrun net iwwerdriwwen huet, dann huet een eventuell manner Spuerpotential hannendrun. Dat ass richteg. Mä mir sinn och ëmmer solidaresch mat dem Land op der enger Säit an op där anerer Säit ass awer och de Kulturbudget, well dat ass ëmmer déi grouss Angscht am Kultursecteur, déi iwwerdriwwe grouss Angscht am Kultursecteur, well dat ass hinnen bis elo net geschitt, net gekäppt ginn, méi wéi anerer. Also do ass den Equiliber grad dee richtegen.

Christiane Kremer: Also et ass net, datt elo direkt emol fir d'éischt bei der Kultur gespuert gëtt, éier bei deenen aneren. Dat ass demokratesch ofgestëmmt.

Octavie Modert: Genau dat. Jo.

Christiane Kremer: Ma Dir hutt elo just ugefaangen an der Kulturszen. Dir hutt jo do mat ganz ville Leit ze dinn déi an der Kulturszen doheem sinn. Mat Kënschtler, mat Artisten, mat Leit déi organiséieren. Kulturell Evenementer. Dat si jo wahrscheinlech net ëmmer och déi liichste Gespréichspartern. Dat sinn der wahrscheinlech déi ganz vill fuerderen. Déi sech ganz vill Gedanke maachen. Déi sech ganz vill ausernaner setzen mat allem. Wéi einfach ass dann deen Dialog? Do héiert een heiansdo, déi eng soen, mir si begeeschtert. Déi aner soen et geschitt näischt. Aus dem Kulturministère kënnt keng Initiative, kënnt keng Visioun.

Octavie Modert: Dat ass ëmmer einfach soen et wär keng Visioun do. Et muss een och heiansdo lauschteren, dann héiert een se och vläicht. Well dat ass eppes wat ech dacks gemierkt hunn, datt een, mä dat ass vläicht och anere Politiker hiert Schicksal. Et priedegt een wéi wann een an der Wüst géif stoen an si héieren net, datt eppes gesot gëtt. Da muss een natierlech och heiansdo oppassen.

Mir hu wéi gesot, déi grouss Chance e flotte grousse Kultursecteur ze hunn. Mat ganz villen Iddien an et ass sécher, datt mir net alles kënne maachen. Et ass dohier fir mech och ëmmer wichteg, datt mir d'Saache ganz genau analyséieren. Projeten gutt kucken déi era kommen a kucken wat hir Plus-value ass, wat hir Innovatiounskraaft ass, wat eventuell e Projet ass, deen op eppes axéiert ass wou wierklech nach e Bedarf ass a mir dat kucken. Mir soen zu eenzelne Projeten Jo, mir soen zu anere Projeten Neen. Déi zum Beispill déi do Critèren net onbedéngt erfëllen plus eenzel anerer nach. An dat ass sécher. Et ass net, et kënnt natierlech vir, datt Leit déi Nee gesot kruten net frou doriwwer sinn, dat ass och mënschlech an datt se eventuell Kommentaren maachen. Et ass op déi aner Manéier awer och esou, datt natierlech vill leeft wéi mir scho festgestallt hunn am Secteur. Dat heescht och ganz vill Demanden un eis eru kommen. An et awer och normal ass, datt mir net mat all eenzelnen vun deenen Demanden separat Gespréicher féieren. Mir hunn och d’Fäegkeet e Projet ze evaluéieren ouni een emfaangen ze hunn a laang mat him geschwat hunn. Egal ob dat fir meng Mataarbechter ass oder ob dat fir mech gëllt. Do kann een och Saachen aus dem Erfahrungsberäich gläich esou wëssen wou een drun ass an dann heescht et ëmmer et ass keen Dialog do. Jo mä bon, dat ass eben sou. Ech kann trotz allem net jiddwereen emfänken. Sou gär wéi ech dat och bei Eenzelne géif maachen an ech kann och Saachen ofschätzen ouni systematesch dat gesinn ze hunn. Do gewiescht ze sinn, well soss géif ech jo guer keng Politik och kënne maachen.

Christiane Kremer: Mä no wéi enge Critèren ginn dann zum Beispill Projeten akzeptéiert? Gëtt et do e Qualitéitscritère? Gëtt et do ee finanzielle Critère? Oder ass dat och e bëssen esou en historesche Critère wou gesot gëtt, déi hunn ëmmer schonn sou vill kritt, déi ginn och weiderhin sou ënnerstëtzt.

Octavie Modert: Et si méi Critèren. Ee vun deene wichtegen ass de Qualitéitscritère. De Critère och wéi gesot, ass et een innovative Projet. Wat bréngt de Projet vu Mehrwäert, vu Plus-Value vis-à-vis vun deem wat haut do ass? Wann et en neien ass, ass et e Projet a Beräicher wou mir nach mussen entwéckelen? Ass et e Projet deen eng regional Wichtegkeet huet, well och d'Dezentraliséierung awer och ëmmer fir mech e Stéchwuert ass wat mir berücksichtege mussen. Dat kann dann nämlech och da sinn, datt dat ënnerschiddlech ponderéiert gëtt. All déi Critèren do, hänke jo erëm vum Gesamtzesummespill of. An, jo, den historesche gëtt et och, wann do och vläicht net all Kéier eng total Innovatiounskraaft dran ass, sou ass et awer och net fir einfach Leit ze soen déi Qualitéitscritèren erfëllen, fir ze soen, dech gëtt et, dech ass et elo virdru ginn an elo ass et fäerdeg, Äddi, Merci. Ech mengen, datt mir jo och grad, well mir laang Zäit net vill hei am Land sou lafen haten, deen historeschen Aspekt awer net sollen aus den Aen verléieren. Dat wär net richteg an dat wär och ondankbar vis-à-vis vun deenen. Et gëtt natierlech och gekuckt, ass de Projet realistesch? Ass e gutt organiséiert? Huet en eng Chance fir eppes ze ginn? An dat sinn vun deene Critèren déi di afléissen. Et gëtt nach deen een oder anere soss. Mä dat hängt och vum Projet zu engem Deel of. An da ginn et och Comitéen a Gruppen an deenen mir déi Projeten kucken.

Christiane Kremer: Wann een elo e bësse lauschtert oder e bësse kuckt. De Budget wéi en opgedeelt ass, et gesäit een haaptsächlech Musek déi ganz grouss ënnerstëtzt ass. Ech mengen dat kritt Dir och dacks gesot, vun aneren, aus anere Beräicher.

Octavie Modert: Awer nach net sou laang.

Christiane Kremer: Oder zum Beispill och de Film. Do gëtt et och de Filmfong. Dat sinn 2 Sparten déi gutt hei zu Lëtzebuerg ënnerstëtzt sinn.

Octavie Modert: Jo. De Filmfong ass jo an duebeler Kompetenz mam Medien- a Kommunikatiounsminister. An de Museksberäich, an dat ass ee vun deenen dee sech historesch natierlech erklären. Dëst Land ass definitiv e Museksland. Et waren déi Kulturberäicher, dat an den Theater déi ganz fréi déi éischt sinn, eigentlech, déi sech entwéckelt hunn, déi sech zu engem Deel vum selwen entwéckelt hunn. An dann ass dat natierlech aneschters gewuess a vill méi do. Dat mengen ech kann een och net, dat däerf een och net aus den Aen verléieren. An duerfir däerf een och net e Secteur strofen, just well en aktiv war a gutt implantéiert ass. Et kënnt dobäi natierlech, datt en Orchester gläich sou vill Leit sinn an dohier natierlech och méi e grousse Budget verlaangen, wéi wann et eng Theatergrupp ass vun enger halwer Dose Leit zum Beispill. Den Ënnerscheed kënnt natierlech mat dobäi. Wann een d'Pondératioun vum Budget kuckt, jo dat gréissten Haus vun deen Haiser déi ech ze geréieren hunn, ass dat Haus wou Musek dra gemaach gëtt, d'Philharmonie, mat dem OPL zesummen. Mam lëtzebuerger Orchester zesummen. An dat ass natierlech kloer, datt dat e bësse méi e groussen Deel vum Budget gëtt.

Christiane Kremer: Den Invité ass also haut d’Kulturministesch Octavie Modert. Elo hu mir schonn e klengen Tour duerch d’Kulturland Lëtzebuerg gemaach. Mir waren e bëssen do bei deene Projeten oder deene Beräicher, déi ënnerstëtzt gi vun der Kultur. Haten zum Schluss vun der Musek geschwat, wou Dir gesot hutt d’Musek huet och eng historesch Bedeitung, well se hei zu Lëtzebuerg, wëll Lëtzebuerg ee Musekland ass.

Dir hutt an engem Otemzuch zwar och den Theater zum Beispill genannt. Elo weess ech datt grad am Theaterberäich sech heiansdo Froen gestalt gëtt, datt do vläicht den Appui net dee selwechten ass. Et gouf eng Table ronde virun e puer Méint um Theaterfest, wou och déi Plattform ernimmt gouf, déi Musek huet, nämlech Music:LX, wou d’Musek jo och, déi déi populär Musek no baussen vermaart gëtt. Ob dat net och op engem Beräich wéi dem Theater oder vläicht och an aneren Beräicher de Fall kéint sinn? Wéi misst dat dann ausgesinn?

Octavie Modert: Dat sinn Iwwerleeungen, déi ech selwer och féieren. Mee et ass awer net wéi wann den Theater net och an, also mir bezuelen och, mir ginn och Subsiden an ënnerstëtzen och eisen Theater, deen an d’Ausland geet. Mir hunn och all kéier den Theater als Secteur och mat duergestallt, wa mir anzwuesch ginn. Mir hunn och e puer Produktiounen zu Berlin deemools gehat. Also grad esou wéi d’Musek och. Do kritt den Theater och ënner d’Äerm gegraff, wann en eng Produktioun kann am Ausland maachen.

Mir kënnen net, mir kënnen natierlech net Milliounen a Milliarden bezuelen, dat ass kloer. Déi Suen, déi hu mir net, mee alles wat och an de budgetären Méiglechkeete läit, ass ëmmer bei eis och, gëtt ëmmer bei eis och mat ënnerstëtzt. Dat ass deen Deel.

Deen zweeten Deel ass, datt ech ëmmer gesot hunn, den Music:LX, ech fänken do un, wëll et mir wichteg ass, bei deenen Jonken unzefänken. Datt déi kënnen eventuell kucken ob si sech wéilten eng Zukunft am – berufflech - an der Kultur maachen, an der Musek maachen, well mer grad och am Beräich vun den Rock- a Popgruppen immens vill lafen hunn. Gutt Saachen lafen hunn. An ech hunn ëmmer gesot, ech fänken do un. An dann iwwerleeën mir ob mir et ausdehnen oder ënner wéi enger Form mir et eventuell op aner Secteuren ausdehnen.

Dat Ganzt soll natierlech och net de Leit, d’Leit selwer dovun ewech, hinnen hier eegen Initiative ewech huelen. An hinnen ewech huelen, datt se selwer sollen kucken wou se wëllen hikommen a wéi se och kënnen déi Saachen sech zouschneideren a gestalten.

Firwat soen ech dat? Wat mir jo relativ wéineg entwéckelt hei am Land hunn, a wat schwiereg ass, a wat ech mengen wat net d’Aufgab vun engem Ministère wier fir ze maachen, dat ass, mir hu keng Agenturen hei. Mir hunn quasi keng professionell Agenten, déi no den Artiste kucken, egal a wéi enger Spart, egal a wéi engem Beräich. An et ass och kaum een, dee sech bis op e puer Ausnamen, et ass och kaum een, dee sech kuckt, op déi Aart a Weis ze professionaliséieren, dat e mat engem Agent zesumme schafft.

Et ass net fir de Ministère fir Agent ze spillen, oder Agentur ze spillen. Et ass och net um Ministère fir Agenten ze bezuelen fir lei heihin ze kommen, fir datt se déi aner kéinte maachen. Dohier, Initiativen wéi Music:LX, wat een Exportburö ass, wat eng aner Saach e bëssen ass wou ka virun hëllefen. Mee et ass kloer, och Music:LX ass keng Agentur wou dann systematesch deen een oder aner oder se alleguer permanent géif hinnen Kontrakter vermëttelen an hinnen Concerten oder Optrëtter vermëttelen. Et ass een Facilitateur, deen hëlleft op Plazen ukommen, wou een soss net era kënnt, an deen e gudden Adressencarnet huet. Dofir ass et och een deen an deem Beräich geschäfft huet, deen ech iwweregens iwwerzeecht krut hunn fir op Lëtzebuerg ze kommen, fir däer Saach virun ze hëllefen, dofir ass dat och gläich e groussen Erfolleg ginn. Deen Erfolleg huet sech dann och doranner ausgemaach, dat mir hei zu Lëtzebuerg natierlech heiansdo professionell [inaudible] organiséieren. Och an der Rockhal an och zesumme mat der Rockhal, wou dann, ech nennen dat elo d’Muséksbusinesswelt an deem Fall do, aus dem Ausland deelweis heihinner kënnt an d’Banden vun hei se kënnen begéinen, respektiv och kënnen gesot kréien, wei muss de dech heiansdo uleeën fir eppes ze maachen.

Mir hunn an deem Fall och do dann awer Resultater indirekt mat ze verzeechnen, nämlech datt zum Beispill den Ament 16 Lëtzebuerger Gruppen ënner auslänneschem Label opgeholl gi sinn. An dat ass natierlech eppes vun deene Saachen, wou ech ëmmer soen, op dee Wee ginn ech gären. Op dee Wee hätt ech gären, datt een hinnen kann hëllefen, dat mir kënnen hëllefen, e Sprangbriet ze sinn, en Trampolin ze sinn, wou se drop trieden, fir dann dono selbststänneg flügge ze ginn.

Wann se bis Kontrakter kréien, wann se bis ënner Kontrakt stinn, wann se bis an Tourneeën opgeholl ginn, dann hunn se och eng Chance fir kënnen dovun ze liewen.

Bis dohinner ass de Wee net ëmmer einfach. Bis dohinner ass et och fir eis an deem Sënn net einfach, datt mir déi grouss Chance hunn, hei am Land, esou eng grouss Vielfalt ze hunn, an eng immens breet Szen ze hunn an eng gutt Szen ze hunn. Datt wann een der nëmmen 2 hätt, et méi einfach ass, fir vläicht deenen virun ze hëllefen. Mee mir awer kucken, wéi mir déi vill gutt Leit, wa se gutt sinn, op deem Wee kënnen mat virun ze ginn.

Zum Schluss ass et ëmmer eng Entscheedung vum Künstler selwer, ob en dat wëll, wéi een an aner Beräicher géing soen, haaptberufflech maachen oder net. Hei, d’Land ass kleng, de Maart ass och kleng, du spills net 1000 Concerten an dësem Land, esou vill Leit sinn net do, si kommen och net all kéier, egal ob am klassesche Beräich oder am Popberäich. Oder och am Beräich vun Theaterproduktiounen, gëtt och net 20 Mol gespillt, heiansdo, awer ganz rar. Wat dann eben dee Moment och d’Aarbecht géif rentabiliséieren. Also musse mir kucken, wéi kënne mir et mam Ausland zesummen mat gestalten. Also stellt sech awer och d’Fro, fir de Künstler, a wéifern kann ech et vollberufflech maachen, haptberufflech maachen oder awéifern kucken ech et mat aner Saachen ze kombinéieren?

Alles dat ass deelweis och eng Duuschtstreck. Och dat wëll ech soen, all deene Leit vis-à-vis, déi ëmmer fannen, datt Kultur zevill Suen hätt an zevill Suen géif ausginn. Et gëtt kee vun de staatlechen Hëllefen e Krösus, mee mir probéieren d’Duuschtstreck hëllefen besser ze maachen fir se kënnen op de Wee vun der Professionnaliséierung ze begleeden.

Christiane Kremer: Wéi ass et dann elo mat deene Kënschtler, déi awer elo hei am Land sinn? Ech mengen et kann een jo dann soen, d’Konkurrenz ass grouss, si ass ganz vill international, Kulturleit déi hei optrieden, déi heihinner kommen. Wéi gesitt Dir dann d’lëtzebuerger Kënschtler, déi elo vläicht net den Sprong an d’Ausland woen, kënnen maachen, och einfach duerch de Fait, datt dat wat se maachen op d’Land bezunn ass? Wéi gesäit do d’Ënnerstëtzung aus?

Octavie Modert: Mir ënnerstëtzen och Saachen, déi hei am Land sinn. Natierlech, wéi gesot, alles mat gewëssen Grenzen, wat evident ass. Mee trotzdem, et sinn och vill Leit, déi ons dankbar dofir sinn, dat wëll ech och soen. Et si vläicht net déi Stëmmen, déi een am meeschten héieren géing mat Momenter, mee dat ass awer net, dat ass guer net de Punkt, dat soll en och guer net sinn.

D’Offer ass grouss hei. Awer d’Demande ass och do. An d’Demande ass eigentlech esou grouss, a wann ech kucken, wéi grouss d’Offer ginn ass, an nawell iwwerall vill Publikum do ass, soen ech, datt d’Nofro no kultureller Offer schonn do war iert d’Offer als Solches do war. Mat all deem wat hei am Land leeft, ass jo d’Konzentratioun an d’Dichte vu kulturellem Ugebuet vill méi grouss wéi an aneren Länner, an anere Géigenden, wou méi Leit wunnen. An ech wetten datt esou guer a groussen kulturellen Héichbuergen wéi zu Paräis d’Dichte net méi grouss ass ewéi hei. D’Erausfuerderung ass wierklech och déi fir nach méi Nofro vum Publikum trotzdem nach ëmmer ze steigeren. An dem Publikum och nach d’kulturell Offer méi no bäi bruecht ze kréien an méi no bruecht ze kréien, no bäi plus no. An dohier och ëmmer erëm Initiativen, déi drop ofginn, fir deene Jonken Kultur no ze bréngen.

Kanner, Jugendlecher, och hier Loscht op Kultur an och hier Zort vu Kultur, déi si gären hunn. An do hu mir jo extrem vill Initiativen geholl am kulturpolitesche Beräich fir villes lafen ze hunn, an e grousst Ugebued lafen ze hunn, fir d’Kanner, och fir d’Jugendlecher, dat ass net grad esou einfach fir d’Jugendlecher. Fir d’Kanner ass et nach méi einfach fir déi un d’Kultur erun ze kréien an drun interesséiert ze hunn.

Hier Entscheedung ass et herno ëmmer selwer, ob se, wa se grouss sinn, wëllen dat nach maachen oder net. Mee wann se ni d’Méiglechkeeten haten, Kultur ze begéinen, gewëssen Offer dovunner ze begéinen, kënnen se dat jo net herno entscheeden. Dohier och ëmmer erëm Initiativen, déi am Éducatiounsministère lafen, mat eis zesummen, oder vum Éducatiounsministère selwer aus, fir och an de Schoulen Initiativen awer ze hunn, wat wichteg ass, datt d’Kanner kënnen Kontakt mat Kultur kréien, dat ass dem Éducatiounsministère ganz besonnesch wichteg am Beräich vun dem Préparatoire. Do komme mir op Är alleréischt Fro vu virdrun zeréck. Datt grad déi och Schwellenangscht kënnen geholl kréien.

A wann ech dann eisen Projet kucken, deen de Kulturministère mam Carré Rotonde zesummen mécht, den Trafo op däer enger Säit a besonnesch awer och de Projet ID, deen Schüler aus dem Préparatoire Schiller spille léist an Shakespeare spille léist, deen een onwarscheinlechen Erfolleg huet an wou deen de Schüler immens vill bréngt an deenen an hirer Entwécklung virun hëlleft, da wësse mir datt déi Initiativen do net vir näischt sinn.

Christiane Kremer: Wa mer grad vun der Schoul schwätzen, et ass och elo d’Antologie eraus komm, iwwert déi laang Joeren vill diskutéiert a vill gestridde gouf. D’Antologie mat Texter vu lëtzebuerger Schrëftsteller, déi elo an der Schoul soll dann och zum Asatz kommen. Wéi zefridden sidd Dir dann elo domat, mat deem Wierk, respektiv no der ganzer Polemik, déi war?

Octavie Modert: Jo, ech mengen iergendwou muss ëmmer erëm e bëssen Polemik anzwuesch sinn, soss wier och net d’Kultur, wat dat ugeet. D’Antologie ass eng Initiativ vum Éducatiounsministère an ech sinn immens frou driwwer datt déi Antologie do ass. Den Éducatiounsministère hat zesumme geschafft mam Literaturzentrum fir d’Auswiel vun de Wierker déi dra publizéiert ginn, an aner Saachen. An déi Auswiel, déi huet seng gewëssen Zäit an Usproch geholl. Do sinn nach gewëssen aner Themen dunn opkomm, un déi vläicht net geduecht gi war am Ufank, vum Éducatiounsministère aus. Wat wichteg ass, ass datt d’Antologie elo do ass. Si ass do, si ass schéin, si ass gutt. Ech hoffen datt eis Proffen drop zeréckgräifen, fir wierklech mat där Antologie ze schaffen, a fir datt mir esou op déi Aart a Weis da kënnen lëtzebuerger Literatur, Literatur vu Lëtzebuerg eisen Schüler besser zougänglech maachen an se domat bekannt maachen. Mir wäerten och selwer nach Initiativen huelen fir ze kucken eenzel Saachen auszeschaffen, déi de Proffe kënnen hëllefen, fir op déi Antologie nach besser zouzegräifen. Dann ass och keng Ursaach méi do, fir dat net ze maachen. Ech fannen et ganz wichteg, datt déi Antologie do ass, an ech si frou datt den Éducatiounsministère, d’Éducatiounsministesch dat gemaach huet.

Christiane Kremer: Dat heescht, et ass schonn de Choix vun de Proffen wéi wäit se domat schaffen?

Octavie Modert: En ass net obligatoresch um Schoulprogramm. Dat ass natierlech eppes wat mir ëmmer e bëssen Leed deet, datt net an all Klass, an all Joer ee Stéck, iergend ee Stéck souzesoen vun engem lëtzebuerger Auteur och um Flichtprogramm géif drop stoen. Mir wëllen dann do kucken, ob mir so kënnen Begleedschrëfte maachen, fir där Saach virun ze hëllefen. Mee et geet mir net drëm datt se mussen Prüfungen driwwer schreiwen ob se dat Buch geliest hunn, mee et geet mir eigentlech drëm, datt se Kontakt mat der lëtzebuerger Literatur kënne kréien. An dat ass dat wat ech am Wichtegsten fannen.

Christiane Kremer: Kuerz nach d’Stéchwuert “Literatur�?. Literatur och am Ausland. Déi lëtzebuerger, et gouf Frankfurt, et gouf Leipzig. Anscheinend gëtt et dat elo net méi fir d’lëtzebuerger Literatur? Stëmmt dat esou?

Octavie Modert: Jo, eis Zesummenaarbecht mat der Federatioun vun den Éditeuren war eng, déi ech ëmmer wollt hunn, wëll ech ëmmer frou war datt et ee Beräich ginn ass, deen och federéiert war. An datt ech esou Federatiounen net wëll schwächen, méi éischter dann stäerken. Ech bedaueren, datt d’Federatioun fënnt, datt Frankfurt an aner Foiren hinnen näischt méi géife bréngen. Dat gëtt eis dann och d’Méiglegkeet frësch nozedenken an d’Saachen anescht ze maachen. Well mer dann et och kënnen anescht maachen. Well mir wäerten och weiderhin kucken, datt déi déi op Foirë wëllen goen, kënnen präsent do sinn. Wëll et ass fir mech, éischtens ass et wichteg fir d’Auteuren respektiv och fir d’ Editiounen fir dat kënne ze hunn, mee et ass och wichteg als Land, präsent ze sinn a Präsenz ze markéieren. Mir wëllen keen eidelen wäissen kulturelle Fleck am Ausland bleiwen. Mir gi lues a lues endlech als Kulturmetropol unerkannt. Mat deem Wuert Kulturmetropol aus ganz grousse Länner eraus heiansdo, déi mëttlerweil fir Lëtzebuerg gebraucht ginn. Mir sollen et och an de klengen Initiativen dann hikréien.

Christiane Kremer: Ech huelen dat Stéchwuert "Kulturmetropol" fir meng lescht Fro nach op. 1995 war Kulturjoer, dat huet vill lass getrëppelt hei zu Lëtzebuerg. 2007 war Kulturjoer, dat huet och nach vill bruecht. Ech mengen ganz besonnesch am Beräich vun der Kultur fir Jonker. Gëtt et nach eng kéier e Kulturjoer? Gëtt et do esou e Spukdatum 2019 oder esou eppes?

Octavie Modert: De Prinzip vun de Kulturhapstiet ass jo datt se all sou vill Joer eng Rotatioun ass, an all sou vill Joer ëmmer erëm an d’Länner alleguer ginn. Also, all Land kënnt iergendwéini rëm eng kéier drun. Mir si just net esou grouss. Elo ass Marseille am gaangen. Paräis war dat och eng kéier. Am Frankräich dee Moment. Paräis ass net emol anuecht geholl ginn, datt et eng Kulturhaptstat war. Den Ënnerscheed 95. 95 hu mir gesi wat virdrun opgebaut ginn ass. A mir hu Vertrauen an eis selwer kritt, datt mir och an der Kultur eppes géife fäerdeg bréngen, an datt mir tatsächlech Saachen hätten. Mir haten nach net esou vill, also ass et och besser gesi ginn. An et war d’Kraaft an d’Energie an d’Dynamik an d’Freed vum Ufank, wat awer net den Ufank nëmmen 95 war. Do ass jo vill Joeren och drop higeschafft ginn, datt et do sollt sinn.

2007 ware mir scho vill méi, ech iwwerdreiwen elo e bëssen, Richtung Paräis. Dofir ass net méi grad esou villes anuecht geholl ginn vun deem wat war. Mir waren awer an der Qualitéit nach eng kéier e Sprong no uewen gaangen. An och an der Zuel vun den Duerbiddungen, nach méi wéi ee Sprong no vir gaangen gewiescht. An wann de Programm vun de Kulturhaptstiet net geännert gëtt vun der Europäescher Unioun, wäerte mir wahrscheinlech och nach erëm eng kéier e Kulturjoer kréien, an den 20-er Joeren. A bis dohin sinn ech iwwerzeecht datt mir weiderhin d’Dynamik behalen an der Kultur. An och do wäerten nach nei Projeten a nei Initiativen wäerten fannen dofir.

Christiane Kremer: Octavie Modert, ech soen Iech villmools Merci fir de Besuch haut de Mëtteg, fir emol eng kéier een Tour de table iwwert d’Kultur ze maachen, mat Iech. A wënschen nach weiderhin vill Freed un der Kultur.

Octavie Modert: Merci, d’Freed ass ëmmer do an der Kultur an et ass super fir d’Kultur ze schaffen.

Dernière mise à jour