Octavie Modert, Discours à l'occasion de l'ouverture du Musée Dräi Eechelen

Léif Ministerkollegen, Här Éierestaatsminister, Dir Dammen an Dir Hären Deputéiert, Här Député-maire, Madame Schäffen, Dir Dammen an Dir Hären, Léif Frënn,

Et ass Zäit, datt dëse Musée opgoe kann... Et ass Zäit, fir no vir ze kucken!

Ech si frou, datt ech den Dossier Musée Dräi Eechelen konnt an d’Rei an op e gutt Enn féieren. Jiddwereen kann déi Schrëtt fräi noliesen an ëffentlechen Dokumenter vum Kulturministère, der Chamber an dem Rechnungshaff, mir hunn zesummen e puer Rapporten erstallt an analyséiert.

Laang genuch ass just no hanne räsonéiert ginn – dofir maachen ech et elo kuerz. Mir freeën eis einfach, fir haut de Musée opzemaachen.

Geschicht bedeit net Skepsis zu Fortschrëtt, mee bedeit, Wësse méi grouss ze maachen a Verstoen ze erméiglechen! Dat hei ass e Geschichtsmusée, kee Vergaangenheetsmusée. Et ass e Musée, deen och Géigewaartsfroen opgräift an thematiséiert.

Dir Dammen an Dir Hären,

Et gëtt Stëmmen, déi mengen, mir wéisste scho laang, wie mir sinn. Et gëtt Stëmmen, déi mengen, mir wieren alles anescht ewéi grad dat, wat mir mengen. An et gëtt Stëmmen, déi wëssen, datt mir bestänneg derno sichen a viru siche mussen. Mee fir all déi do Froen a Stëmme kann een Hëllef fir Äntwerten heihinner siche kommen.

Et wäert weiderhi Stëmme ginn, déi soen, hei géif ee jo keng Äntwert fannen. An do leien se richteg: et gëtt keng virgefäerdegt Äntwert op d’Fro vun Identitéit an Identitéiten. An et gëtt sécherlech dobannen am Musée keng staatlech, offiziell a politesch diktéiert Meenung derzou. Am Géigendeel! Ob individuell oder kollektiv Identitéit, dee Prozess ass ee vu permanentem Virunentwéckelen a vu villfältegen, villschichtegen a souwisou villsäitegen Aflëss.

E Musée ass eng Plaz vu Kollektivwëssen, dat eis all betrëfft. Esou Uerter si wichteg: Eis Zukunft fousst op eiser Geschicht. An d'Kenntnes dovun ass noutwendeg fir virunzekommen, fir nei Weeër ze goen an nei Impulser ze setzen. Et ass eng Viraussetzung fir d’Weiderentwécklung. E staarkt Land brauch eng zolidd Basis, e staarkt Fëllement, op dat ee baue kann. Mir musse wëssen, wou mir hierkommen, fir ze wëssen, wou mir hiwëllen.

Fir couragéiert Decisiounen ze huelen, onerwaart Handlungen a kreativ Iwwerleeungen ze féieren, brauche mir eng staark Perséinlechkeet. Dofir ass et och wichteg, datt eis Kanner a Jugendlech esou fréi ewéi méiglech mat dëse Wäerter vertraut gemaach ginn an se duerch Muséeë vermëttelt kréien.

D'Dräi Eechelen an de Fort Thüngen waren e kulturellt a geschichtlecht Vermächtnes, dat et ze beliewe gëllt. Eis Geschicht liwwert eis d’Schlëssele fir d’Verstoe vun eiser haiteger Gesellschaft. Eis Vergaangenheet ze kennen hëlleft eis, eng méi kloer Visioun fir eis zukünfteg Entwécklung ze kréien. Eis Hierkunft ze verstoen hëlleft, fir Froen iwwer haut a muer opzewerfen, iwwer Chancen a Risiken. Eist Zesummeliewen oder Net-Zesummeliewen ze thematiséieren hëlleft, de wichtege sozialen Zesummenhalt, dee mir um Häerz läit an deen eis all esou wichteg ass, ze ënnerstëtzen.

Ech wënsche mir, dat jiddwereen sech dëser Chance bewosst ass oder gëtt. Grad e Land ewéi Lëtzebuerg, mat sengem héijen Zouwanderungsgrad an der Chance vum gudde Verstoen, muss dach d'Erausfuerderung vun dësem Thema ophuelen! An esou bréngt e Musée, dëse Musée, eng gesellschaftlech Plus-value.

De Musée Dräi Eechelen mécht eis déi europäesch Dimensioun vun eiser Geschicht zu allen Zäite bewosst – iwwert all déi vergaange Joerhonnerten. Mir waren ëmmer Deel vun europäeschen Ensemblen, mee haut hu mir eppes dran ze soen! Et ass e gudden Zoufall, datt de Musée Dräi Eechelen op der Place de l’Europe steet, do, wou Europa fest agebett ass a säi kulturellt Environnement : déi kulturell Diversitéit, déi Europa ausmécht!

Ouni Kultur keng Zivilisatioun: den denkende Mënsch huet sech duerch d'Kultur definéiert. An esou soll och dëse Musée Denkustéiss liwweren. Ech ginn nach doriwwer eraus: An esou engem Denk- a Fräiraum musse kënne kritesch Reflexioune gefërdert ginn. E Raum also, wou Froen a kontrovers Diskussioun erlaabt an ausdrécklech erwënscht sinn.

Dofir wëllt de Musée Dräi Eechelen och am permanenten Dialog mat dem Besicher an op fir seng Reaktiounen, Reflexiounen a Kriticke sinn. Dat war mir wichteg: keng passiv Visiteuren, mee aktiv a konstruktiv Matgestalter.

Dir Dammen an Dir Hären,

Ech hat gesot, ech giff et kuerz maachen. Mee keng Ouverture, ouni Merci ze soen. Dat läit mer besonnesch an dësem Projet um Häerz.

Merci,

dem Maître d’ouvrage : Service des sites et monuments nationaux, sengem Direkter Patrick Sanavia, dem Architekt John Voncken an der ganzer Equipe fir hir Determinatioun a Gewëssenhaftegkeet.

dem Maitre d’ouvrage délégué : Walter De Toffol an dem ganze Büro INCA a Becker Architecture & Urbanisme fir hiren Devouement an hir Expertise.

de Corps-de-métieren : Där et ze vill sinn, fir se all op dëser Plaz opzezielen.

dem Nationale Konscht- a Geschichtsmusée : Dem Direkter Michel Polfer, dem Conservateur dél. à la direction François Reinert, an der ganzer Equipe vum Centre de documentation, déi a kierzter Zäit mat Häerz a Wëssen dësem Musée Liewen agehaucht, eng komplex Geschicht duergestallt a virun allem dëse Musée mat oppenen Äerm bei sech opgeholl hunn. Déi grouss Erausfuerderung vun dësem Musee war, op enkem Raum eng wierklech komplex Geschicht vu villen honnerte Joren duerzestellen.

der Uni Lëtzebuerg : der Sonja Kmec an Gianna Thommes nom Michel Margue, déi sech der wierklech schwiereger Aufgab mat vill Courage ugeholl hunn, fir e komplext Thema dem Publikum wëssenschaftlech-objektiv op eng flott a lieweg Aart a Weis zougänglech ze maachen.

de Prêteuren : déi allermeescht Objete komme vum MNHA selwer, et sinn elauter Originaler, déi ausgestallt ginn; och dat ass aussergewéinlech a fannt Dir esoubal net soss dohier. Et ass de Kontakt mam Original op eng ganz no Distanz, wat vill Leit begeeschtert. Awer e bëssen Hëllef hate mir schonn: Eng gutt Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg an hirem Geschichtsmusée, déi och an der konzeptueller Phase mat derbäi waren, den Nationalarchiven, der Baronne de Tornaco, dem Dino Betti van der Noot, dem Rodolfo van der Debické.

den Agencen : König+Ebersbach Exhibition Design fir d’Szenographie vun der Dauerausstellung, der Agence Krafthaus fir d’Zäitausstellung vun der Uni Lëtzebuerg, IMEDIA fir d’Realisatioun vum Film an der Agence A│Part.

de Mataarbechter vum Kulturministère : Wou d’Leit all déi Jore gehollef hunn, dëse schwieregen Dossier op e gutt Enn ze bréngen. Ech kann se bal net all opzielen an ernimmen dofir jidderee stellvertriedend vum Guy Dockendorf bis zum Bob Krieps.

dem Jean Reitz an dem Hans Fellner: Déi a kierzter Zäit eng Ouverture op d’Been gesat hunn, wéi ech mer se ëmmer gewënscht hu fir dëse Musée: En Akzent op Géigewartskreatioun, vun där jidderee weess, wéi se mir um Häerz läit, an eng artistesch Programmatioun déi weist, datt ee keng Schwellenangscht brauch ze hunn. Kultur vermëttelen an zougänglech maachen ass mir ganz wichteg.

all de Kulturinstituter a Kënschtler a Veräiner, déi sech esou fantastesch fir d’Ouverture mat abréngen an esou ënnersträichen, datt dat heiten Haus elo schonn e wichtegen Deel vun der Kulturlandschaft zu Lëtzebuerg ass, an dëst an enger flotter Noperschaft souwuel vun de Kulturinstitutiounen op der Place de l’Europe wéi den Awunner aus den Nopeschquartiere vun der fréierer Festung an dem Fort Thüngen, déi dobäi geliewt hunn an domat hu misste liewen.

An, last, not least: Der fréierer Kulturministerin Erna Hennicot-Schoepges, déi um Ufank vun dësem Projet stoung, esou wéi dem deemolegen Direkter vum Service des sites et monuments Georges Calteux.

Merci awer och deene sëllegen aneren, déi an dësem Dossier mat virugehollef hunn: der Inspection générale des finances, de Bâtiments publics, der Cour des Comptes, der Presse,…

Virun allem och der Chamber: Déi den Dossier mat begleet huet. Merci fir dat Vertrauen, dat si mer ausgeschwat huet, zënter ech den Dossier 2006 iwwerholl hunn.

An allen, déi gehollef hunn an drop gewaart hunn, wéi d’Frënn vun der Festungsgeschicht, d’Veräiner an d'Vereenegungen aus den Nopeschquartieren, déi ech mat agebonne wollt hunn, well se ëmmer mat der Festung an haut och fir de Festungsmusée liewen a gelieft hunn.

Dëse Projet ass nach vu vill méi Leit gedroe ginn, sou datt et mer onméiglech ass, hinnen all perséinlech Merci ze soen. Ech hoffen op hiert Versteesdemech. Ech wëll just eng Persoun extra ernimmen: Mir trauere mat dem Fernand Théato senger Famill, dat hien si an eis esou vill ze fréi verlooss huet. Hie feelt eis haut. Mir haten hien a säin immenst Wëssen a Schaffe ronderëm d’Kultur an d’Geschicht vun der Stad a vun der Festung an am Interessi vu senge Quartieren, besonnesch dem Pafendall, scho fest ageplangt fir dëse Weekend, an hien hat sech op dës Ouverture gefreet. D’Erëffnung vum Musée Dräi Eechelen ass och dem Fernand Théato seng.

An och a sengem Sënn freeën ech mech, de Musée Dräi Eechelen elo un Iech all ze iwwerginn, a mat Iech all zesummen dëse Musée zum Liewen ze erwächen. Och de Park Dräi Eechelen soll sech mat Liewe fëllen a regelrecht vu Mënsche besat ginn.

De Musee Dräi Eechelen ass en Haus fir Besicher vun allen Nationalitéiten sougutt aus eisem Land, fir dat mir eis komplizéiert Geschicht an eis Gesellschaft a komplex Géigewart kenne léiren, wéi och aus der Groussregioun an aus villen anere Länner déi eis dacks guer net kennen, an hei Lëtzebuerg a seng Awunner besser verstoe léire kënnen.

Dir Dammen an Dir Hären,

D’Festungsbréck ass elo erofgelooss a gëtt bewosst net méi eropgezunn; an déi lescht Eechel wäert ni gëlle gemoolt ginn…

Dernière mise à jour