De Versuch fir e Kabaretsbuch virzestellen – en Experiment (01-02.03.2017)

Mee wéi stellt e Kabaretensembel säin eegent Buch vir?

D'Peffermill(ch)en huet nach keng Virstellung dovun, wéi si hiert eegent Buch soll virstellen. Ass e Kabaretsbuch iwwerhaapt virstellbar? Kabarettisten stellen an hire Virstellunge Programmer mat satireschen Texter vir, mee si maachen sech keng Virstellung iwwert eng Virstellung vun hirer eegener Buchvirstellung. Et ass awer gutt virstellbar fir bei dëser Buchvirstellung aus deene ville Virstellungen, déi si an deene leschte Jore virgestallt hunn, eng eenzeg Virstellung ze maachen. Da wär dat Buch zwar nach ëmmer net virgestallt, mee dir hätt eng Virstellung dovun, wat an deene sëlleche Virstellunge virdru virgestallt gouf..., a wat dowéinst alles an deem Buch drastoe kéint.

Den 1ten an de 2ten März 2017 ab 19.30 Auer am Centre national de littérature zu Miersch. Reservatioun ënner: https://reservation.literaturarchiv.lu/

Den Entrée ass fräi.

Communiqué par ministère de la Culture / Centre national de littérature

Dernière mise à jour