De Kulturministère (LOD.LU) zesumme mam Nohaltegkeetsministère a mam Educatiounsministère op der Studentefoire 2011

No deem grousse Succès op der Fréijoersfoire 2011, wou den lod.lu, an Zesummenaarbecht mam Nohaltegkeetsministère a mam Educatiounsministère, eng Testversioun vum theoretesche B-Führerschäinsexamen op Lëtzebuergesch presentéiert huet, gëtt dee gemeinsame Projet op Lëtzebuergesch elo op der Studentefoire weidergeféiert: Nieft dem Autosführerschäi kann den altersméisseg idealen Zilpublikum vun der Studentefoire och eng lëtzebuergesch Versioun vum theoretesche Motorradsführerschäinsexamen testen.

D'Zil vun dëser Zesummenaarbecht an eiser Präsenz op der Studentefoire, wéi och schonn op der Fréijoersfoire, ass et, kënnen ofzeweien, ob eng offiziell lëtzebuergesch Examensversioun, nieft Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch, hëllefräich a wënschenswäert fir d'Führerschäinskandidaten ass.

Ze fanne si mir um Stand 3B15, den 10. an 11. November, vun 9.00 Auer bis 18.00 Auer.

TEASER

Du hues tëschent 16 an 21 Joer oder e bësse méi? Du wëlls de Führerschäi maachen, bass grad am Gaang dermat oder hues e schonn an der Täsch?

Da bass DU genee dee Kandidat, op dee mir um Stand 3B15 waarden!

Komm an test däi Führerschäinswëssen op Lëtzebuergesch!

Ob Auto (B) oder Motorrad (A):

Um Stand vum lod.lu kanns du eng Testversioun vun de reellen Examensfroe fir d'Kategorien A a B an där Sprooch beäntweren, an där s du all Dag schwätz.

Maach der selwer e Bild dervun, ob déi lëtzebuergesch Formule dir perséinlech eppes bréngt! A gëff op der Plaz direkt gewuer, ob s du den Exame mat dengen Äntwerte gepackt häss!

Komm mat denger ganzer Klass op eise Stand! A jiddereen, deen den Exame packt, kritt och nach en originelle Cadeau.

RDV um Stand 3B15, den 10. an 11. November, vun 9.00 bis 18.00 Auer.

Mir freeën eis op dech.

Matgedeelt vum ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur

Dernière mise à jour