Sensibilisatiounsformatioun zum Accueil vu Persoune mat Behënnerung

De Kulturministère proposéiert a Kollaboratioun mat Info Handicap eng Formatioun iwwert den Accueil vu Leit mat Behënnerungen a kulturellen Institutiounen.

Mat dem Gesetz vum 20. Juli 2011 iwwert d’Rechter vu Persoune mat Behënnerung setzt d’Lëtzebuerger Regierung d’Bestëmmunge vun der Konventioun iwwert d’Rechter vu Persoune mat Behënnerung em. De Kulturministère fërdert aktiv den Zougang zur Kultur fir all Mënschen, well dëst zu de Grondrechter gehéiert a verschidde Prerequis fir jiddereen huet.

D’Zil vun der Formatioun ass e bessert Verständnis fir déi ënnerschiddlech Bedierfnisser an d’Barrièrë mat deene Persoune mat Behënnerung konfrontéiert sinn ze entwéckelen.

De Kulturministère ass sech den architektoneschen Erausfuerderunge bewosst, déi verschidden historesch oder als national Kulturierwe klasséiert Gebaier mat sech kenne bréngen, an organiséiert dës Formatioun och, fir eng professionell Ënnerstëtzung bei der Entwécklung vu Programmer an Instrumenter ze bidden, déi Persoune mat Behënnerung den Zougang zum kulturelle Liewen erliichtere kennen.

Dës Initiativ entsprécht der Recommandatioun No. 50 vum KEP, wou et drëms geet den Zougang zur Kultur fir Leit mat Behënnerung ze developpéieren.

Praktesch Informatiounen

Zwee Datumer gi proposéiert:

  • den 1. Juni 2022 vun 9h15 bis 17h am Schlass zu Käerch (Rectificatif: anescht wéi initial annoncéiert fënnt dës Formatioun am Schlass vu Käerch statt)
  • den 2. Juni 2022 vun 9h15 bis 17h am regionale Centre culturel opderschmelz zu Diddeleng

D’Formatioun ass iwwert en Dag verdeelt an a verschidde Module opgespléckt, déi vu verschiddenen, an deem jeeweilege Beräich spezialiséierten Associatiounen animéiert ginn.

D’Fraise vun der Formatioun a vum Mëttegiesse gi vum Kulturministère offréiert.

Dir kënnt Iech bis de 25. Mee 2022 iwwert d’Adress formations@mc.etat.lu umellen, an deem Dir den Dag vun der Formatioun präziséiert a Bescheed sot, ob Dir och sur place wëllt iessen.

Aktualiséiert