De Kulturministère annoncéiert d'Ernennung vum Pierre Reding als Directeur faisant fonction vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

No der Demissioun vum Luc Marteling, Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), déi den 1. Mee 2024 a Kraaft triede wäert, a well d'Sich no engem/r neien/r Direkter/esch sécherlech iwwer dësen Zäitraum erausgeet, gouf den Pierre Reding, Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, als Directeur faisant fonction vum ZLS fir eng Dauer vu fënnef Méint ab dem 1. Mee 2024 ernannt.

©MENEJ Pierre Reding, directeur faisant fonction du Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch
Pierre Reding, directeur faisant fonction du Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

Als geléierten Pedagog a Germanist huet den Pierre Reding fir d'éischt als Schoulmeeschter an duerno Inspekter an der Primärschoul geschafft. Hie war och als Formateur um ISERP am Beräich Didaktik, Sproochenunterrecht a Lëtzebuergesch fir kleng Kanner aktiv. Méi spéit gouf hien zum Premier Conseiller de Gouvernement am Educatiounsministère ernannt. Den Pierre Reding ass Co-Auteur vun diverse Schoulbicher, an huet sech besonnesch fir d'Inklusioun an d'Integratioun vu Kanner a Jugendleche mat Migratiounshannergrond souwéi vu Kanner mat enger Behënnerung oder mat spezielle Besoinen engagéiert.

Zënter dem 1. Januar 2023 ass de Pierre Reding Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Am Kader vun där Funktioun schafft hien enk mam ZLS zesummen.

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert