Lëtzebuerger Online Dictionnaire – Réckbléck 2023

Wärend haut de Mëtteg an der Chamber iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch debattéiert gëtt, zitt den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) e positive Bilan iwwert d'Entwécklung vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (lod.lu) am Joer 2023. Honnerten nei Artikelen an eng Rekordzuel vun Notzer an Notzerinne maachen aus dem offiziellen Tool fir d'Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch och am Joer 2024 en onëmgänglechen Outil.

Nei Artikelen, nei Inhalter – vun A bis Zwerchfellnerv

Ganzer 684 Artikele goufen 2023 am ZLS validéiert a kënnen elo op lod.lu opgeruff ginn.

Et si méi rezent Wierder drënner, wéi Barrierefräiheet, chippen, Elektrovëlo, KI (Wuert vum Joer!), zouschécken, awer och eng gutt Rëtsch méi aler: Bannpréiter, Jickeclub, krups, Floribus, nondidjëft, vertuddelen, Wibbeldewapp.

Déi ganz Lëscht fannt Dir hei.

Geneesou wéi eis Sprooch wiisst, entwéckelt den LOD sech och duerch déijéineg, déi en all Dag benotzen. Vill vun deenen neie Wierder goufen dann och vun de Benotzer a Benotzerinne vum Dictionnaire proposéiert. D'Equipe vum LOD seet hinnen dofir Merci!

Donieft goufen awer och existent LOD-Artikelen ausgebaut: Bei 240 Artikelen ass op d'mannst ee beschriwwene Sënn bäikomm.

Déi ganz Lëscht fannt Dir hei.

Ëmmer méi Interessi – D'Zuel vun de User geet erop

D'Zuel vun de Leit, déi den LOD all Dag benotzen, ass an de leschte Jore stänneg eropgaangen. Dat war och 2023 net anescht. Deen neie Portal, deen am Juni 2022 online gaangen ass, schéngt de Leit deemno gutt ze gefalen.

Et waren d'lescht Joer iwwer eng Millioun Benotzer a Benotzerinnen um Site, déi ganzer 10.712.300 Artikelen opgeruff hunn – en neie Rekord!

Den éischte Januar an de ganz fréie Mueresstonnen ass et lassgaange mam Verb begleeden. Dee leschten Artikel, deen den 31. Dezember kuerz virun Hallefnuecht gekuckt gouf, war assistéieren.

Wierder-Hitparad – An dat beléiftst Wuert war...

... wéi all Joer d'Verb goen, dat 2023 ganzer 26.667 Mol opgeruff gouf!

Dono koumen – och ewéi gewinnt – kënnen, hunn, sinn a maachen. D'Verbe si grad wéinst hirer Conjugaisoun dacks méi komplex, do kommen dann d'Flexiounstabelle vum LOD de User zupaass.

Eréischt op de Plazen 21 a 24 fënnt ee Wierder, déi keng Verbe sinn, an zwar den Interrogativpronomen wéi an d'Adverb nach.

Dat éischt Adjektiv koum op d'Plaz 28 (léif), a kee Substantiv huet et an d'Topp 30 gepackt: Joer ass op der Plaz 32 – d'Leit froen sech dacks, ob Joer net vläicht en Treema um e kritt –, dono kommen Dag a Leit, e Wuert, dat ëmmerhin awer nach iwwer 8.000 Mol gesicht gouf.

Iwwer déi erweidert Sich gouf am meeschten no de Kategorië Grondwuertschatz - Niveau A1, Déieren, Frechheeten a Lännernimm gesicht.

Déi beléifsten Déiere waren – ganz klassesch – den Hond, de Vull an d'Kaz. Am schlechtsten ewech koum déi arem Schwaarzkappgraatsch, där hiren Artikel nëmmen zwee Mol gekuckt gouf.

De Vull ass och bei de Frechheete mat vir bäi, op d'Plaz 2 kënnt d'Kou, dono geet et mam Aasch aus der Déierewelt eriwwer an d'Anatomie! Träntelbattien a Träntelkättie gëtt et wuel net esou vill, déi koume bei de Frechheeten op déi lescht Plazen a goufen "nëmmen" ëm déi 90 Mol opgeruff.

An et wonnert sécher keen, datt Lëtzebuerg bei de Länner am meeschte gesicht gouf. Op déi zweet Plaz kënnt – actualité oblige – d'Ukrain.

Orthografie – e Grappvoll Adaptatiounen

Et hunn am Joer 2023 aacht Grafien op Wuert-Niveau am LOD geännert:

  • abiméieren > abîméieren
  • Banditin > Bandittin
  •  Bluterguss > Blutterguss
  • Connectioun > Connexioun
  • driibséileg > dribséileg
  • eendun > eendunn
  • Palett > Pallett
  • Verstümmlung > Verstümmelung

Et handelt sech do ëm ganz punktuell Adaptatiounen. Am LOD gëtt sech fir d'Schreifweis vun de Wierder un déi offiziell Orthografie gehalen, den Dictionnaire kann deemno als orthografesch Referenz ugesi ginn.

Weider Informatiounen:

Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)

163, rue du Kiem

L-8030 Stroossen

Tel.: 247-88630

E-Mail: lod@lod.lu

www.zls.lu

www.lod.lu

www.schreifmaschinn.lu

www.spellchecker.lu

Communiqué par le ministère de la Culture / Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) 

Aktualiséiert