KI ass dʼLëtzebuerger Wuert vum Joer 2023

Op d'Plaz 2 kënnt Fridden, virun ChatGPT, den neie Luc a Superwaljoer, allen dräi ex aequo op der drëtter Plaz.

Déi national an déi international Aktualitéit huet d'Wiel vum Lëtzebuerger Wuert vum Joer 2023 dominéiert. Fir déi véiert Kéier zënter 2020 gouf op Initiativ vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Kulturministère an an Zesummenaarbecht mam radio 100,7 a mat RTL Lëtzebuerg d'Wuert vum Joer gesicht. Mat dësem Resultat:

  1. KI / Kënschtlech Intelligenz
  2. Fridden
  3. ChatGPT, den neie Luc, Superwaljoer

Wéi gouf zu Lëtzebuerg gewielt?

Vun Enn November bis den 18. Dezember konnt jidderee seng Propos fir d'Wuert vum Joer 2023 beim Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch areechen – entweeder op engem Ziedel op de Walfer Bicherdeeg oder iwwer en online Formulaire. Ronn 370 Propose mat engen 170 verschiddene Wierder sinn am Zenter ukomm.

Dorënner waren e sëllege Virschléi, déi just een- oder zweemol genannt goufen. De Gros dovu stoung an direkter Relatioun mat engem konkreeten Ereegnes – zum Beispill de Walen zu Lëtzebuerg (eise Bifdeck, Formateur, Steiererliichterungen, Regierungswiessel, Reschtsëtz, Walplakat) oder dem Noostkonflikt (Antisemitismus, Hamas, liewege Kierfecht, Palästina). Aner Beispiller wiere Baukris, Klimafestpechert, Wärmepompel oder och nach Zënshausse. Donieft goufen eng Rëtsch Begrëffer aus der Jugendsprooch (cringe, Gars, goofy, mal, Rizz, Slay, smash), aus dem Beräich vum Sport oder Entertainment (Euro2024, Holding Six, Nationalekipp, NPC, Vëlkerball), flott lëtzebuergesch Wierder (Bullibratsch, Intebinni, kourommeldomm, kredjëft, muusseg) oder soss opfälleg Wierder wéi Hanee oder voilà proposéiert.

Aus der Longlist mat alle Proposen huet dʼEkipp vum ZLS eng Shortlist mat 20 Wierder gemaach an déi dem Jury virgeluecht. Haaptkrittär beim Choix war d'Zuel vun den Nennungen, berücksichtegt goufen ënnert anerem awer och de Bezuch zur Aktualitéit, de Bekanntheetsgrad an d'Verbreedung respektiv d'Verständlechkeet vum virgeschloene Begrëff. Am Jury waren de Commissaire fir dʼLëtzebuerger Sprooch Pierre Reding, dʼPresidentin vum Conseil fir dʼLëtzebuerger Sprooch (CPLL) Myriam Welschbillig, d'Redactrice vum radio 100,7 Dany Weyler, de Responsable éditorial vun RTL.lu Pierre Weimerskirch an dʼLinguistin Dr. Sara Martin vum ZLS.

An engem éischte Walgang gouf dʼLëscht vun 20 op 10 Begrëffer reduzéiert, an engem zweete Schrëtt du vun 10 op 5 mam Resultat, datt KI / Kënschtlech Intelligenz kloer als Wuert vum Joer 2023 ervirgaangen ass an domat d'Nofolleg untrëtt vun Ukrainkrich (Wuert vum Joer 2022), boosteren (2021) a Corona (2020).

DʼArgumentatioun vum Jury

Bei den allermeeschte Propose vun de Leit schéngt d'Bedeitung vum Wuert méi eng grouss Roll gespillt ze hu wéi d'Originalitéit vum Begrëff. Och de Jury huet den Inhalt iwwer déi reng Form gesat a säi Choix esou motivéiert:

1. KI / Kënschtlech Intelligenz – dʼWuert vum Joer 2023

Den Akronym KI respektiv de ganzen Ausdrock Kënschtlech Intelligenz huet zu den Topp 5 vun de Virschléi vun de Leit gehéiert an huet och de Jury iwwerzeegt: 2023 markéiert den Duerchbroch vun der Kënschtlecher Intelligenz am Alldagsliewe vu ville Leit a wäiten Deeler vun der Welt. D'KI krut ganz séier vill Opmierksamkeet a se dierft eng vun de ganz groussen Erausfuerderunge fir d'mënschlecht Zesummeliewen an Zukunft duerstellen, well se ëmmer méi Beräicher vun der Gesellschaft staark beaflosst.

2. Fridden

De Vott vum Wuert Fridden op der zweeter Plaz ass als Statement ze verstoen: Bei all deem Misär op der Welt – zum Beispill an der Ukrain zënter 2014/2022 an zënter dem 7. Oktober 2023 och an Israel an an der Gazasträif – soll den Accent op d'Hoffnung geluecht ginn, op d'Aussicht op Fridden. Grad ewéi d'KI bleift de Fridden op der Welt eng vun de groussen Erausfuerderungen fir déi aktuell an déi zukünfteg Generatiounen.

3. Ex aequo an alphabetescher Reiefolleg:

  • ChatGPT

Den Chatbot vum US-amerikanesche Softwareentwéckler OpenAI war op eemol do a gouf bannent kierzter Zäit zum prominentste Vetrieder vun der Kënschtlecher Intelligenz: Wien huet 2023 net op d'mannst eng Ried héieren, bei där ChatGPT zum Asaz koum? Mat Chatbotte kann een op natierlech Aart a Weis kommunikéieren: Et stellt een eng Fro, et kritt een eng Äntwert. Dobäi léiert de Bot och bäi, ma nawell heescht et oppassen: D'Resultat hänkt ganz vill dovun of, woumat e gefiddert gouf, a mat der Wourecht hëlt en et och net ëmmer esou genee.

  • den neie Luc

Et war de Slogan, mat deem de Luc Frieden als Spëtzekandidat vun der CSV bei den Nationalwalen am Oktober ugetrueden ass. E Rebranding souzesoe mat engem duebele Message: De Luc Frieden anno 2023 net méi forcement dee selwechte wéi a senger éischter politescher Carrière zu Lëtzebuerg, et ass en neien, frësche Spëtzekandidat. De Slogan koum un, well bei de Propose vun de Leit koum den neie Luc respektiv d'Hashtag-Variant #neieLuc zueleméisseg op déi zweet Plaz.

  • Superwaljoer

Gemengewalen am Juni, Chamberwalen am Oktober – kee Wonner, datt d'Walen d'Lëtzebuerger Aktualitéit dëst Joer dominéiert hunn. Et ass also och net weider verwonnerlech, datt dat zesummegesatent Wuert Superwaljoer et an d'Topp 5 gepackt huet. Hëlt een déi ënnerschiddlechst Forme vum Wuert mat bäi (Walen, Waljoer, Nationalwalen) war et dat Wuert, dat am heefegste vun de Leit virgeschloe gouf.

Ganz knapp net an d'Topp 5 koum iwweregens d'Wuert Logementskris. Och den abordabele Wunnraum an d'Zënsen hunn et net ënner déi fënnef Éischt gepackt. Weider Wierder, iwwer déi de Jury ofzestëmmen hat: Eurovisioun, Gréngebashing, Heescheverbuet, Klimawandel, Präisdeierecht, Polykris, Wielerwëllen...

E Bléck an d'Ausland

An Däitschland huet d'Gesellschaft für deutsche Sprache (GfdS) sech fir Krisenmodus als Wuert vum Joer entscheet. D'Begrënnung läit op der Hand: Den Ausnamezoustand wier zu engem Dauerzustand ginn, zënter 2020 wier ee gefillt stänneg an engem Krisemodus, dat géif ville Leit Angscht maachen, se veronsécheren an hinnen d'Gefill ginn, keen Afloss ze hunn. Op d'Plazen 2 an 3 koumen d'Wierder Antisemitismus a leseunfähig.

Kanzlermenü ass d'Wuert vum Joer 2023 an Éisträich. Mat dëser Erklärung: "Ironischer Ausdruck für die Empfehlung von Kanzler Nehammer an arme Familien, doch für ihre Kinder einen Burger von McDonalds als Standardessen zu geben, weil dieser so billig sei." Klimaterroristen gouf an Éisträich zum Unwort des Jahres gewielt.

An der Schwäiz gëtt et véier Wierder vum Joer, fir déi véier offiziell Sproochen. Fir 2023 sinn dat: Monsterbank (däitsch; Uspillung op déi riseg Bank no der Fusioun vun UBS a Crédit Suisse), décombres (franséisch, iwweregens virun intelligence artificielle op Plaz 2), GPT (italieenesch; d'Ofkierzung fir Generative Pre-Trained Transformer) a Solarexpress (Rätoromanesch; Programm fir déi verstäerkte Fërderung vun der Solarenergie).

A Frankräich gëtt et keen "offiziellt" Wuert vum Joer an an der Belsch devoiléieren RTBF an d'Zeitung Le Soir de 27. Dezember, fir wéi e Wuert sech de Jury entscheet huet.

D'Oxford Word of the Year ass rizz. Iwwersetze kéint een et mat Stil, Charm, Attraktivitéit. D'Substantiv rizz beschreift d'Fäegkeet, aner Leit unzezéien oder mat Succès ze begaachelen.

Fir de Collins Dictionary ass d'Wuert vum Joer den englesche Pendant zum lëtzebuergesche Verdikt KI, nämlech d'Ofkierzung AI, also d'Ofkierzung fir artificial intelligence (also Kënschtlech Intelligenz), an dat mat dëser Erklärung: "the modelling of human mental functions by Computer programs."

Den Dictionnaire Merriam Webster huet sech bei senger Wiel fir authentic entscheet. Dat Adjektiv wier 2023 méi dacks ewéi soss nogesicht ginn an dat léich wuel u Reportagen a Gespréicher iwwer d'Theeme KI, Promi-Kultur, Identitéit a sozial Medien, lauter relevant Sujeten d'Joer iwwer.

An de Site dictionary.com huet sech fir d'Verb hallucinate (halluzinéieren) entscheet, awer mat engem ganz klore Bezuch zur Kënschtlecher Intelligenz an den domat verbonnene Problemer oder Geforen. D'KI (op Englesch AI) géif nämlech fir ëmmer changéieren, wéi mir schaffen, léieren, kreéieren, mat (Des-)Informatiounen ëmginn an eis selwer gesinn. Hallucinate erkläert den online Dictionnaire dann och esou: "(of artificial intelligence) to produce false information contrary to the intent of the user and present it as if true and factual."

Réckbléck, Kaddoen, Ausbléck

Dat éischt offiziellt Wuert vum Joer gouf 2020 zu Lëtzebuerg vum ZLS zesumme mam radio 100,7 a mat RTL Lëtzebuerg a mat der Participatioun vum Public gesicht. D'Resultat stoung ganz am Zeeche vun der Pandemie: Corona viru #bleiftdoheem, Heibleifskärchen, Lockdown/Confinement a Geste-barrièren.

Bei der zweeter Oplo 2021 waren déi éischt fënnef Begrëffer och nach zu engem gudden Deel vun der Pandemie beaflosst: boosteren virun (ex aequo op der Plaz 2) CovidCheck an dem Jugendwuert sheesh, da Solidaritéit a Schwurbler/Schwurblerin.

Bei der drëtter Oplo 2022 hu Kricher a Krisen dominéiert: Ukrainkrich gouf als Wuert vum Joer zeréckbehalen, dat virun Energiekris, Präisdeckel, Klimakris an Index.

Ënnert all de Leit, déi dëst Joer eng Propos erageschéckt hunn, huet den ZLS dräi Kaddoe verspillt (eng Këscht mat lëtzebuergesche Produiten, déi 5 Bicher aus der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz an d'Buch Lëtzebuerger Sproochatlas 1900). DʼLous huet entscheet, d'Gewënner goufen ewell kontaktéiert.

Den ZLS a seng Partner radio 100,7 an RTL soe jidderengem Merci, dee sech op déi eng oder aner Manéier un der Sich nom Wuert vum Joer 2023 bedeelegt huet. D'Aktioun soll Enn 2024 widderholl ginn, fir weider fir d'Sprooch ze sensibiliséieren: Se beschreift d'Realitéit net nëmmen, se schaaft och Realitéiten.

Weider Informatiounen:

Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)

www.zls.lu

www.lod.lu

www.verben.lu

www.schreifmaschinn.lu

www.spellchecker.lu 

Aktualiséiert