Nationale Literaturconcours 2022

De Sujet vum nationale Literaturconcours fir d'Joer 2022 ass d'Sammlung vun Erzielungen op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an/oder Englesch. Den nationale Literaturconcours gouf 1978 vum Kulturministère an d'Liewe geruff a soll déi literaresch Kreatioun am Grand-Duché fërderen.

Beim Concours ginn et zwou Kategorie vu Präisser: eng fir erwuesse Schrëftsteller/innen an eng fir jonk Schrëftsteller/inne vun 12 bis 19 Joer:

  • Den éischte Präis an der Kategorie "erwuesse Schrëftsteller/innen" ass mat engem Präisgeld vu 5.000 Euro dotéiert.
  • Den éischte Präis an der Kategorie "jonk Schrëftsteller/inne vun 12 bis 19 Joer" ass mat engem Präisgeld vu 2.000 Euro dotéiert.

De Concours 2022 ass op fir Schrëftsteller/innen a Schrëftsteller/inne mat der Lëtzebuerger Nationalitéit oder déi am Grand-Duché wunnen, oder de Fall gesat, hir fest Aarbechtsplaz oder hir Haaptaarbechtsplaz um Territoire am Grand-Duché hunn.

De Stéchdatum fir d'Manuskripten ofzeginn ass méindes, den 6. Juni 2022.

D'Jury vum nationale Literaturconcours 2022 setzt sech aus folgende Memberen zesummen: Mylène Branco, Marion Rockenbrod, Jeff Schinker, Pascal Seil a Jeff Thoss.

 

Huelt wgl. Kenntnis vum komplette Reglement vum Nationale Literaturconcours:

Reglement vum Nationale Literaturconcours 2022 (PDF)

Aktualiséiert