Staatlech Finanzhëllefe fir kulturell Infrastrukturen an de Gemengen

Am Kader vu senger Politik vun der regionaler kultureller Animatioun, kann de Kulturministère d'Ëmsetzung vu Projete fir regional kulturell Infrastrukturen ënnerstëtzen. Déi finanziell Bedeelegung vum Staat iwwert de Kulturministère a kulturell Infrastrukturprojete soll den Zougang zu qualitativ héichwäertege Kulturplazen an - ariichtunge fërderen.

Am Kader vun den disponibele Mëttel kann de Kulturministère Kapitalhëllefen zur Fërderung vun Investitiounen ausbezuelen, déi d'Zil hunn kulturell Infrastrukturen am Land weider ze entwéckelen.

Betraffe Persounen

Eligibel Persounen

Gemengen a Gemengesyndikater kënne vun dësem Hëllefsregimm profitéieren.

Eligibel Projeten

Staatlech Finanzhëllefe fir kulturell Infrastrukture kënne fir Investitiounen accordéiert ginn, déi am Interêt vun der Kultur ausgeféiert ginn:

  • En neit Gebai fir kulturell Zwecker;
  • Vergréisserung vun enger existéierender kultureller Infrastruktur;
  • Eng Reaffektatioun/Neigestaltung vun enger kulturell genotzter Infrastruktur.

Investitioune fir reng Entretiens- oder Renovéierungsaarbechten, souwéi den Ersatz vu mobile Géigestänn, déi net am Kader vun engem Reamenagementsprojet duerchgefouert ginn, sinn net eligibel.

Eligibel Infrastrukturen:

Lokal Kulturzentren ("Centre culturel")

NB. Ënner engem "Kulturzenter" ("centre culturel") versteet de Kulturministère eng ëffentlech Plaz, déi fir d'Bevëlkerung zur Ausübung vun hire kulturellen an soziokulturellen Aktivitéite bannent engem Territoire bestëmmt ass, dee mindestens 1 Gemeng ëmfaasst. Dës Aktivitéiten ëmfaassen d'Koordinatioun vun der kultureller Entwécklung op lokalem Niveau a bidden ee (sozio-)kulturelle Programm, dee sech virun allem un déi lokal a regional Bevëlkerung riicht. Se kënnen ënnerschiddlech heeschen, wéi z.B. "Salle polyvalente", "Hall polyvalent", "Festsall", asw.

Regionale Kulturzenter

NB. Ënnert engem "regionale Kulturzenter" ("centre culturel régional") versteet de Kulturministère eng ëffentlech Plaz, déi fir eng iwwerregional Bevëlkerung geduecht ass a sech op engem Territoire befënnt, dee mindestens 1 Kanton ëmfaasst. De regionale Kulturzenter huet eng professionell Ekipp, déi um Opbau vun engem järleche Kulturprogramm schafft. D'Aktivitéite vum regionale Kulturzenter ëmfaassen d'Koordinatioun vun der kultureller Entwécklung op regionalem Niveau. D'Finanzéierung vun dësem Kulturzenter muss vun der Gemeng gedroe ginn, déi Demandeur ass.

Museumsänlech Institutiounen

NB. Ënner engem "Musée" versteet de Ministère eng stänneg Institutioun, déi net op Profit aus ass, an am Déngscht vun der Gesellschaft, déi sech der Erfuerschung, Sammlung, Erhalung, Interpretatioun an Ausstellung vum materiellen an immaterielle Kulturierwe widmet. Dës Ariichtung ass ëffentlech zougänglech, accessibel an integrativ a fërdert d'Vilfalt an Nohaltegkeet. Muséeën operéieren a kommunizéieren op eng ethesch a professionell Aart a Weis an ënner Abezéiung vu verschiddene Communautéiten. Se bidden hirem Public villsäiteg Erfarungen an de Beräicher Bildung, Ënnerhalung, Reflexioun a Wëssensaustausch.

Ëffentlech Bibliothéiken/Mediathéiken

NB. Ënner enger "Bibliothéik/Mediathéik" versteet de Kulturministère eng stänneg Institutioun am Déngscht vun der Gesellschaft an hirer Entwécklung, déi der Ëffentlechkeet zougänglech ass an déi duerch déi gratis Bereetstellung vu Literatur a Medien eng besser Verbreedung vun der Wëssensgesellschaft an alle Bevëlkerungsschichten erméiglecht.

Konschtzentren

NB. De Kulturministère versteet ënnert engem "Konschtzenter" eng Plaz, déi net op Profit aus ass, op där Konscht produzéiert a verbreet gëtt an déi aktiv déi kënschtleresch Fuerschung an d'Schafe fërdert. D'Resultater ginn der Ëffentlechkeet unhand vun engem järlechen Ausstellungsprogramm, Publikatiounen a Mediatiounsaarbecht zougänglech gemaach.

Interpretationszenteren

NB. De Kulturministère versteet ënnert engem "Interpretationszenter" eng Institutioun, déi net op Profit aus ass, déi der Ëffentlechkeet e Site oder en Theema aus de Beräicher Geschicht, Wëssenschaft, Ëmwelt, Industrie an Technik, Liewensstil oder anere Beräicher presentéiert an erkläert.

Raim fir Prouwen, Kreatioun oder Kulturproduktioun

NB. De Kulturministère versteet ënnert "Raim fir Prouwen, Kreatioun oder Kulturproduktioun" ee Raum, deen ekipéiert ass fir Prouwen, kreatiivt Schafen a kulturell Produktioun fir Kënschtler oder Handwierker, déi an enger oder méi kënschtlereschen Disziplinnen aktiv sinn.  

Aussesitte fir Bünekonscht

NB. De Kulturministère versteet ënnert "Aussesitte fir Bünekonscht" fest kulturell Infrastrukturen, déi speziell der Bünekonscht gewidmet sinn, besonnesch fir ëffentlech Presentatioune vu kulturellen Evenementer.

All aner Infrastruktur mat enger bedeitender kultureller Plus-value.

Net eligibel Projeten

D'Ënnerstëtzung vum Kulturministère fir d'Entwécklung vu kulturellen Infrastrukturen zu Lëtzebuerg kann net accordéiert gi fir:

  • Museksschoulen;
  • Konschtgalerien;
  • Archiven;
  • Kulturell Installatiounen, déi fir eng kommerziell Notzung virgesi sinn, oder Infrastrukturen, déi vun engem kommerzielle Bedreiwer geréiert ginn;
  • Projeten ouni kulturell Dimensioun oder mat enger minimaler kultureller Affektatioun;
  • Dëst gëllt och fir Projeten, déi den Demandeur an Eegeregie duerchféiert.

Delaien

D'Demande fir d'Aide muss obligatoresch virum Ufank vun den Investitioune ragereecht ginn.

D'Demande fir déi finanziell Bedeelegung un kulturellen Infrastrukture muss onbedéngt iwwert de Formulaire ragereecht ginn, deen ënnert dësem Link erofgeluede ka ginn.

D'Delaie fir d'Rareeche ginn all Joer an zwou getrennte Sëtzunge festgeluecht, woubäi déi 1. Sessioun den 28. Februar (Fréijoerssessioun) an déi 2. Sessioun den 30. September vum aktuelle Joer (Hierschtsessioun) ëm Mëtternuecht stattfënnt. Nom Oflafe vun de genannten Delaie wäert d'Kommissioun fir kulturell Infrastrukture vum Kulturministère déi ragereechten Demandë bewäerten.

D'Delaie fir d'Rareeche vun der Demande fir eng Aide sinn obligatoresch fir dem Kulturministère ze erméigleche seng budgetär Programmatioun mat Zäiten duerchzeféieren an déi staatlech finanziell Bedeelegungen sou séier wéi méiglech zouzesoen an ze bezuelen. 

Konditiounen, fir zougelooss ze ginn, a praktesch Modalitéiten

Rareeche vun der Demande

Den Demandeur muss eng komplett ausgefëllten Demande fir eng Aide unhand vum dofir virgesinne Formulaire beim Kulturministère rareechen.

Wann Dir d'Demande iwwer E-Mail maacht, da schéckt dës u follgend Adress: infrastructures.culturelles@mc.etat.lu

Wann Dir d'Demande per Post maacht, da schéckt dës u follgend Adress:

Ministère de la Culture
Service des affaires culturelles régionales
L-2912 Luxembourg

Beleeger

D'Demande muss Folgendes enthalen :

  • de komplett ausgefëllten an ënnerschriwwene Formulaire (Luet de Formulaire hei erof)
  • een detailléierten a finalen Devis vum Projet, ëm deen et sech handelt, an dee vum Schäfferot ënnerschriwwen ass.

NB: nëmme Projete fir kulturell Ariichtungen, déi op engem vum Gemengerot accordéierten a vum Inneminister approuvéierten definitive Virentworf (APD) baséieren, kommen fir eng staatlech Finanzhëllef a Fro;

  • d'Exekutiounspläng vum Architekt oder dem Ausféierenden, déi vum Schäfferot ënnerschriwwe goufen;
  • den Auszuch aus dem Deliberatiounsregëster vun der Sëtzung vum Gemengerot an där de Projet accordéiert gouf;
  • den Accord vun der Berodung vum Inneministère vun der Decisioun vum Gemengerot;
  • d'Informatiounen iwwer aner staatlech Hëllefen (Kopië vu Subventiounen; Attestatiounen iwwer Kofinanzéierungen, asw.);
  • een Extrait aus dem Kadaster (Geoportail), deen et erméiglecht, d'Plaz vum Projet ze lokaliséieren. 

NB: D'Projete mussen um Terrain duerchgefouert ginn, déi dem Demandeur gehéiert;

  • een Zäitplang fir d'Realisatioun vum Bauprojet ;
  • d'Umeldung vum Bauprojet beim "Service archéologique de l’aménagement du territoire de l’Institut national des recherches archéologiques" zwecks archeologescher Bewäertung vum Terrain vum Projet, falls et sech ëm Äerdaarbechten handelt;
  • déi gebrauchten Dokumenter jee no Typ vum Projet.

Zousätzlech Beleeger jee no Aart vum Projet.

Bei Projete vum Typ "Kulturzenter" mussen zousätzlech zu der Demande follgend Dokumenter dobäigefüügt ginn:

  • ee Programm vun de geplangten Aktivitéiten an Evenementer, déi do an Zukunft solle stattfannen;
  • ee Gestiounskonzept, dat ënnert anerem Informatioune gëtt iwwer:
    • déi geplangte Rechtsform;
    • d'Ëffnungszäiten;
    • d'Personal;
    • de järleche Budget:
    • d'Verwendungsmodalitéiten.

 

Bei Projete vum Typ "Musée " mussen zousätzlech zu der Demande follgend Dokumenter dobäigefüügt ginn:

  • een Inventar vun der Sammlung fir déi de Musée erriicht soll ginn, souwéi d'Benennung vun de Besëtzer an d'Hierkonft vun de Wierker oder Artefakten;
  • eng Opportunitéitsanalys fir d'Schafung vun enger neier musealer Institutioun

NB. Ënnert "Opportunitéitsanalys" versteet de Kulturministère eng Etüd, déi d'Plus-value vun der Entwécklung vun enger neier Muséesinstitutioun am Hibléck op bestoend Kultur- a Muséesofferen zu Lëtzebuerg begrënnt, fir eng diversifizéiert Muséeslandschaft ze schafen.

  • ee Gestiounskonzept, dat ënnert anerem Informatioune gëtt iwwer:
    • déi geplangte Rechtsform;
    • d'Ëffnungszäiten;
    • d'Personal;
    • de järleche Budget:
    • den Ausstellungsprogramm an d'Museografie;
    • d'Gestioun vun de Sammlungen;
    • d'Mëttel, déi agesat gi fir eng professionell Muséesaarbecht ze assuréieren , besonnesch um Niveau vun de folgende Funktiounen: Presentatioun, Etüden, Fuerschung, Inventariséierung, Konservéierung, Kaf, Animatioun.

 

Fir all aner kulturell Projeten, déi net hei genannt goufen, mussen der Demande ausserdeem follgend Dokumenter dobäigefüügt ginn:

  • eng Opportunitéitsanalys fir d'Realisatioun vum betreffende Projet;

NB. Ënnert "Opportunitéitsanalys" versteet de Kulturministère eng Etüd, déi d'Plus-value vun der Entwécklung vun dëser Plaz am Hibléck op bestoend Kulturofferen zu Lëtzebuerg begrënnt;

  • ee Gestiounskonzept, dat ënnert anerem Informatioune gëtt iwwer:
    • déi geplangte Rechtsform;
    • d'Ëffnungszäiten;
    • d'Personal;
    • de järleche Budget, dee virun allem ugëtt, wéi eng finanziell Entschiedegunge fir d'Kënschtler virgesi sinn (Budget fir d'Produktioun, d'Schafen, den Honoraire, asw.);
    • de kulturelle Programm deen op dëser Plaz virgesinn ass;
    • d'Mëttel, déi agesat ginn, fir d'Animatioun vun der Plaz ze garantéieren.

D'Konformitéit vum Projet mat de Critèrë féiert net automatesch dozou, dass déi ugefroten Hëllef accordéiert gëtt.

Bewäertungskrittären

Ofhängeg vun der Aart vum Projet ginn d'Propositioune fir d'Fixéiere vun der Héicht vun der staatlecher Aide besonnesch op Basis vu follgende Krittäre gemaach:

  • dem Prozentsaz vun der kultureller Affektioun vum Projet;
  • der Relevanz vum Projet a seng Integratioun an d'Kulturstrategie vun der Gemeng;
  • der finanzieller Bedeelegung vun anere Regierungsinstitutiounen un deem Projet;
  • een ugepasste Verhältnis tëschent der Investitioun an dem festgestalltem Besoin;
  • dem Respekt vum gebaute Patrimoine bei Projeten, déi d'Ëmwandlung vun engem Gebai, dat vum INPA als schützens-/erhalenswäert gekennzeechent gouf;
  • dem geplangte Gestiounskonzept;
  • der Bedeitung vun der Sammlung fir d'Kulturierwe bei museale Projeten, wann néideg op Basis vun engem Avis vun enger Kulturinstitutioun, déi fir déi betraffen Aart vu Kulturierwen zoustänneg ass.

Jee no Aart vum Projet kënnen och aner Krittäre consideréiert ginn.

Héicht vum Subsid

  • D'Héicht vum Subsid duerf bei Projete vu lokalem a kommunalem Interessi 15% vun den eligibelen Investissementer net iwwerschreiden.
  • D'Héicht vum Subsid duerf 35% vun den eligibelen Investissementer bei Projete vu besonneschem Interessi, déi vun der Gréisst an den Auswierkunge vum Projet ofhänken, net iwwerschreiden.
  • An Ausnamefäll kann de Kulturministère, zousätzlech zu den allgemeng approuvéierten Aiden, Spezial-Aiden accordéieren, wann déi betraffe Projete vun nationalem oder aussergewéinlechem Interessi sinn.

Versement

Déi finanziell Bedeelegung vum Staat gëtt an Tranchen entspriechend den vum Schäfferot vun der Gemeng als éierlech a wouer zertifiéiert Deelofrechnung vun den Aarbechten ausbezuelt. D'Kontroll vun der Ofrechnung a besonnesch den eligibelen Ausgaben duerch de Kulturministère geschitt op Basis vun enger Stéchprouf vu Beleeger, déi vum Kulturministère erausgesicht ginn.

De Reschtbetrag vun 10% vun den eligibele finanziellen Aiden ginn nom Ofschloss vun de Bauaarbechten ausbezuelt, op Presentatioun vun:

  • deem vum Architekt erstallte Protokoll iwwert d'Finalisatioun vun den Aarbechten;
  • e finalen Dekont vun de Baukäschten, dee vum Schäfferot als wouer an éierlech bestätegt a vum Gemengerot approuvéiert gëtt. Dësen Dekont muss vum Kulturministère op d'mannst 2 Joer no der Finalisatioun vun den Aarbecht virgeluecht ginn.

All Demande fir d'Ausbezuele vun der staatlecher, finanzieller Aide muss beim Kulturministère ragereecht ginn, woubäi den dofir virgesinne Formulaire fir d'Ausbezuele vun der staatlecher, finanzieller Aide obligatoresch heivir benotzt muss ginn.

Rekonstruktioun

Wann d'Gemeng op de Bau verzicht oder d'Aarbechte wärend dem Bau gestoppt ginn, verflicht se sech, dem Staat dee schonn ausbezuelten Deel vun der Aide inklusiv den ab dem Dag vum Ausbezuele vun der staatlecher Aide bis zum komplette Remboursement vun der staatlecher Aide ufalenden Zënsen zum gesetzlechen Zënssaz zeréckzebezuelen. Dëst gëllt och fir de Fall, datt den Zweck vum Gebai bannent 10 Joer nom Ofschloss vun den Aarbechte geännert gëtt.

Aktualiséiert