Sich

  • Filter  ( Minister, Ministèren, usw.) ×
    Filtrer les résultats
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 27 Resultater
  1. De 27 November 2019 huet d'Kulturministesch Sam Tanson déi Responsabel vum Marché de la poésie, den Yves Boudier, President, an de Vincent Gimeno, Direkter, empfaangen, fir d'Partnerschaft mam Marché de la poésie 2021 offiziell ze confirméieren. Lëtzebuerg wäert dat Joer eng besonnesch Plaz als Éieregaascht erhalen.

  2. Lëtzebuerg, e méisproochegt a multikulturellt Land, erkennt dräi offizell Sproochen un, dorënner an éischter Linn d’Lëtzebuergescht als Landessprooch. Dësen Dossier befaasst sech mat der Regierungsstrategie fir d’Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch a stellt déi festgelueten Ziler, konkret Engagementer a Mëttele fir d’Ëmsetzung vir.

  3. Wann et ëm d'medezinesch Sprooch geet, stoussen esouwuel d'Patiente wéi d'Acteuren aus dem Gesondheetssecteur ëmmer erëm op Schwieregkeete bei der Verstännegung. Fir besonnesch am Beräich vun der Gesondheet eng besser Kommunikatioun an eiser méisproocheger Gesellschaft ze fërderen, huet d'Equipe vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire ënner med.lod.lu eng spezifesch Säit an d’Liewe geruff, op där medezinesch Begrëffer op Lëtzebuergesch gewisen a mat Beispiller illustréiert sinn an op Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch iwwersat ginn.

  1. 1
  2. 2
  3. Lescht Säit