Annonce vum neie Verwaltungsrot vun der Philharmonie

No der Confirmatioun vum Regierungsrot huet de Kulturministère d’Éier, de neie Verwaltungsrot vun der 'Salle de concerts Joséphine-Charlotte' z’annoncéieren. De neie Verwaltungsrot trëtt seng Funktiounen den 27. Abrëll 2022 un.

Fir eng Amtszäit vu fënnef Joer si genannt:

  • M. Pierre AHLBORN, Vertrieder vun der Zivilgesellschaft
  • M. Jean-Paul OLINGER, Vertrieder vun der Zivilgesellschaft
  • Mme Frau Myriam SCHMIT, Vertriederin vun der Zivilgesellschaft
  • M. Jo KOX, Premier Conseiller de Gouvernement am Kulturministère, Vertrieder vum ministère de tutelle
  • Mme Nadine ERPELDING, Conseiller de Gouvernement am Kulturministère, Vertriederin vum ministère de tutelle
  • Mme Dr. Monique REIFF, Vertriederin vum ministère de tutelle
  • M. Luc DHAMEN, Direkter vun der Verwaltung fir ëffentlech Bauten, Vertrieder vum ministère de tutelle
  • Mme Michelle STEICHEN, Premier inspecteur des finances à l'Inspection générale des finances, Vertriederin vum Minister dee fir de Budget zoustänneg ass
  • Mme Lydie POLFER, Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg, Vertriederin vun der Stad Lëtzebuerg.

Den Här Pierre AHLBORN iwwerhëlt d’Amt vum President an d’Madame Michelle STEICHEN d‘Amt der Vizepresidentin.

Aktualiséiert