Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 64 Resultater
  1. Déi 7. Editioun vum Festival "Koll an Aktioun" hätt den 30. an den 31. Mee zu Maartel stattfonnt. Einfach opzeginn, kennt awer fir d'"Kollibri asbl" net a Fro. An Zesummenaarbecht mam radio 100,7 gëtt den 30. Mee de "Koll on Air" als digitalen an interaktive Festival fir déi ganz Famill presentéiert.

  2. "Together", e Stéck vum David Ianni, passt perfekt zum Gefill vun Zesummenhalt wärend der Corana-Zäit. De Projet war ursprénglech als klassesche Museksvideo mat engem faarwege Piano geplangt Kuerzerhand huet de Komponist d'Léit invitéiert, fir kleng Videosequenze vu sech ze schécken, fir e Video ze produzéieren, deen aus lauter klengen "homemade" Clips besteet.

  3. 2003 hat d’UNESCO eng wichteg Konventioun zum Erhalt an zum Schutz vum immaterielle Kulturierwen op der ganzer Welt beschloss. 2007 huet de Lëtzebuerger Kulturministère den nationalen Inventar vum lëtzebuergeschen immaterielle Kulturierwe beschloss, op deem 2008 véier Manifestatiounen opgeholl goufen.

  4. De Claude Conter, Direkter vum "Centre national de littérature” wënscht sech, datt Kanner a Jugendlecher, déi elo doheem bleiwe mussen, déi Zäit niewent de schouleschen Aufgaben och dofir notzen, aner Welte kennenzeléieren. Dofir huet den CNL e Youtube-Channel ageriicht mat Liesunge fir Kanner a Jugendlecher.

  5. Wann een net an de Konschtmusée goe kann, da mécht een ebe selwer Konscht. Dat schéngt am Moment en Trend an de soziale Netzwierker ze sinn. D'Julie Reuter, Coordinatrice vum Gruppement "d'stater muséeën", huet sech inspiréiere gelooss, fir en änlechen Challenge an d'Liewen ze ruffen: D'Leit stellen hir Liblingskonschtwierker aus de Stater Muséeë mat Objeten doheem op eng kreativ Aart a Weis no.

  6. Och fir d'Kanner gëtt et zur Zäit keen Theaterprogramm op der normaler Bün. D'Figurentheaterhaus Poppespënnchen bitt de Kanner awer eemol an der Woch sonndes um 15h30 e Live-Poppespill. Doniewent präsentéiert de Pit Vinandy mam Hoplabum Live och een deeglecht, interaktivt Format aus senger eegener Stuff.

  7. Een Theaterschauspiller ouni Bün, dat schéngt onvirstellbar. D´Volleksbühn huet awer e besonnescht Format kreéiert, bei deem de Public all Woch entscheet, wéi eng Klassiker digital ëmgesat ginn.

  8. D'Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur (UNESCO) bezeechent als "immateriellt Kulturierwen" Gebräicher, Opféierungen, Ausdrocksweisen, Uluechten, Wëssensschätz a Fangerfäerdegkeeten, déi d'Mënsche selwer als Deel vun hirem kulturellen Ierwen ugesinn.

  9. D'Kulturhaiser hunn all zou, mee d'Konscht lieft online weider. De Serge Tonnar huet zesumme mat Maskénada an dem Kulturministère d'Initiativ "Live aus der Stuff" lancéiert fir de Leit e Programm live op Facebook unzebidden. All Owend um 20:00 Auer presentéiert een aneren Artist eppes.

  10. De 27 November 2019 huet d'Kulturministesch Sam Tanson déi Responsabel vum Marché de la poésie, den Yves Boudier, President, an de Vincent Gimeno, Direkter, empfaangen, fir d'Partnerschaft mam Marché de la poésie 2021 offiziell ze confirméieren. Lëtzebuerg wäert dat Joer eng besonnesch Plaz als Éieregaascht erhalen.

  11. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2
  4. 3
  5. 4
  6. 5
  7. Lescht Säit