Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 63 Resultater
  1. De 7. Januar 2021 huet d'Kulturministesch Sam Tanson Detailer iwwert d'Reouverture vun de Kulturinstitutioune presentéiert an déi nei Moossname fir de Kultursecteur virgestallt, wéi se am Gesetzesprojet zur Ännerung vum Gesetz vum 17. Juli 2020 zur Aféierung vun enger Rei Moossnamen zur Bekämpfung vun der COVID-19-Pandemie virgesi sinn.

  2. D’Kulturministesch Sam Tanson huet déi nei Mesurë presentéiert, déi am Beräich Kultur am Kampf géint d’Pandemie COVID-19 virgesi sinn. Si ass och op d’Reouverture vun de kulturellen Institutioune wéi Muséeën, Bibliothéiken, Archiven, Kinoen, Theateren a Concertssäll agaang.

  3. Zanter kuerzem ass den Jazz-Museker Maxime Bender de neien Direkter vum Trifolion. 2019 huet hie schonn d´Leedung vum Festival Echterlive iwwerholl. Am Interview deelt hien seng Visioun vun der Zukunft vum Iechternacher Kulturhaus.

  4. Dëst Joer hätt den TalentLAB säi fënneften Anniversaire gefeiert. Mee no der aktueller Situatioun, kënnen de Projetslaboratoire an den TalentLAB Festival net an hirer ursprénglecher Form stattfannen. Allerdéngs hunn den Direkter Tom Leick-Burns a seng Equipe bis den 3. Juli eng Online-Editioun organiséiert mat engem grousse Réckbléck als Streaming fir de Weekend vum 27. an 28. Juni.

  5. De Centre national de l'audiovisuel huet säit ronn zwou Wochen erëm seng Dieren op a proposéiert niewent dem Reservéiere vun Dokumenter online, och zwou Ausstellungen op hirem Site zu Diddeleng. Wärend dem Confinement goufen et awer zum Beispill mat de Fotoe vum Projet "chroniques d'une pandémie" och interessant Offeren online.

  6. Déi 7. Editioun vum Festival "Koll an Aktioun" hätt den 30. an den 31. Mee zu Maartel stattfonnt. Einfach opzeginn, kennt awer fir d'"Kollibri asbl" net a Fro. An Zesummenaarbecht mam radio 100,7 gëtt den 30. Mee de "Koll on Air" als digitalen an interaktive Festival fir déi ganz Famill presentéiert.

  7. "Together", e Stéck vum David Ianni, passt perfekt zum Gefill vun Zesummenhalt wärend der Corana-Zäit. De Projet war ursprénglech als klassesche Museksvideo mat engem faarwege Piano geplangt Kuerzerhand huet de Komponist d'Léit invitéiert, fir kleng Videosequenze vu sech ze schécken, fir e Video ze produzéieren, deen aus lauter klengen "homemade" Clips besteet.

  8. 2003 hat d’UNESCO eng wichteg Konventioun zum Erhalt an zum Schutz vum immaterielle Kulturierwen op der ganzer Welt beschloss. 2007 huet de Lëtzebuerger Kulturministère den nationalen Inventar vum lëtzebuergeschen immaterielle Kulturierwe beschloss, op deem 2008 véier Manifestatiounen opgeholl goufen.

  9. De Claude Conter, Direkter vum "Centre national de littérature” wënscht sech, datt Kanner a Jugendlecher, déi elo doheem bleiwe mussen, déi Zäit niewent de schouleschen Aufgaben och dofir notzen, aner Welte kennenzeléieren. Dofir huet den CNL e Youtube-Channel ageriicht mat Liesunge fir Kanner a Jugendlecher.

  10. Wann een net an de Konschtmusée goe kann, da mécht een ebe selwer Konscht. Dat schéngt am Moment en Trend an de soziale Netzwierker ze sinn. D'Julie Reuter, Coordinatrice vum Gruppement "d'stater muséeën", huet sech inspiréiere gelooss, fir en änlechen Challenge an d'Liewen ze ruffen: D'Leit stellen hir Liblingskonschtwierker aus de Stater Muséeë mat Objeten doheem op eng kreativ Aart a Weis no.

  11. Och fir d'Kanner gëtt et zur Zäit keen Theaterprogramm op der normaler Bün. D'Figurentheaterhaus Poppespënnchen bitt de Kanner awer eemol an der Woch sonndes um 15h30 e Live-Poppespill. Doniewent präsentéiert de Pit Vinandy mam Hoplabum Live och een deeglecht, interaktivt Format aus senger eegener Stuff.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2
  4. 3
  5. 4
  6. 5
  7. Lescht Säit