Noriichten

  • Filtrer les résultats
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 28 Resultater
  1. Och fir d'Kanner gëtt et zur Zäit keen Theaterprogramm op der normaler Bün. D'Figurentheaterhaus Poppespënnchen bitt de Kanner awer eemol an der Woch sonndes um 15h30 e Live-Poppespill. Doniewent präsentéiert de Pit Vinandy mam Hoplabum Live och een deeglecht, interaktivt Format aus senger eegener Stuff.

  2. Een Theaterschauspiller ouni Bün, dat schéngt onvirstellbar. D´Volleksbühn huet awer e besonnescht Format kreéiert, bei deem de Public all Woch entscheet, wéi eng Klassiker digital ëmgesat ginn.

  3. D'Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur (UNESCO) bezeechent als "immateriellt Kulturierwen" Gebräicher, Opféierungen, Ausdrocksweisen, Uluechten, Wëssensschätz a Fangerfäerdegkeeten, déi d'Mënsche selwer als Deel vun hirem kulturellen Ierwen ugesinn.

  4. D'Kulturhaiser hunn all zou, mee d'Konscht lieft online weider. De Serge Tonnar huet zesumme mat Maskénada an dem Kulturministère d'Initiativ "Live aus der Stuff" lancéiert fir de Leit e Programm live op Facebook unzebidden. All Owend um 20:00 Auer presentéiert een aneren Artist eppes.

  5. De 27 November 2019 huet d'Kulturministesch Sam Tanson déi Responsabel vum Marché de la poésie, den Yves Boudier, President, an de Vincent Gimeno, Direkter, empfaangen, fir d'Partnerschaft mam Marché de la poésie 2021 offiziell ze confirméieren. Lëtzebuerg wäert dat Joer eng besonnesch Plaz als Éieregaascht erhalen.

  6. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  7. D’Lëtzebuerger Kulturlandschaft huet e Pionéier verluer, deen eng wichteg Roll an der Entwécklung vun der zäitgenëssescher Lëtzebuerger Literatur an dem Lëtzebuerger Literaturbetrib gespillt huet. Seng grouss schrëftstelleresch Leeschtung ass duerch vill national Präisser honoréiert ginn, ënner anerem eréischt d’lescht Joer mam grousse Lëtzebuerger Literaturpräis, dem Batty-Weber-Präis.

  8. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  9. Wann et ëm d'medezinesch Sprooch geet, stoussen esouwuel d'Patiente wéi d'Acteuren aus dem Gesondheetssecteur ëmmer erëm op Schwieregkeete bei der Verstännegung. Fir besonnesch am Beräich vun der Gesondheet eng besser Kommunikatioun an eiser méisproocheger Gesellschaft ze fërderen, huet d'Equipe vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire ënner med.lod.lu eng spezifesch Säit an d’Liewe geruff, op där medezinesch Begrëffer op Lëtzebuergesch gewisen a mat Beispiller illustréiert sinn an op Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch iwwersat ginn.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2