Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 64 Resultater
  1. No der Demissioun vum Luc Marteling, Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), déi den 1. Mee 2024 a Kraaft triede wäert, a well d'Sich no engem/r neien/r Direkter/esch sécherlech iwwer dësen Zäitraum erausgeet, gouf den Pierre Reding, Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, als Directeur faisant fonction vum ZLS fir eng Dauer vu fënnef Méint ab dem 1. Mee 2024 ernannt.

  2. De Comité de gestion du patrimoine mondial gouf 2018 gegrënnt, fir d’Avise vun der Lëtzebuerger Kommissioun fir d’Kooperatioun (Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l’Unesco) mat der Unesco ze preparéieren, fir Aarbechten déi e mëttleren oder gréisseren Impakt op d’Lëtzebuerger Ierwen "Lëtzebuerg, Alstad a Festungen" hunn.

  3. Wärend haut de Mëtteg an der Chamber iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch debattéiert gëtt, zitt den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) e positive Bilan iwwert d'Entwécklung vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (lod.lu) am Joer 2023.

  4. Am Kader vun der Reforme vu senger Subventiounspolitik an nom Workshop iwwer "Kulturpress an d'Press an der Kultur", deen de 14. Juli 2022 an de Rotondes stattfonnt huet, huet de Kulturministère seng Bäihëllef fir kulturell Revuen iwwerduecht. Esou soll d'Qualitéit an d'Diversitéit vun dësen elo op der Grondlag vun enger Ausschreiwung gefërdert ginn.

  5. D'Bäihëllef fir nei Forme vu kultureller Mediatioun vum Kulturministère ass en neien Hëllefsmechanismus fir Auteuren, Kritikerinnen a Kritiker oder Kolumnistinnen a Kolumnisten am kulturelle Beräich, déi en onofhängege Forum, Blog, Vlog oder Podcast fir d'Publikatioun, d'Begleedung oder d'Kritik vun der Aktualitéit vun der artistescher a kultureller Zeen hei zu Lëtzebuerg bedreiwen.

  6. En Dënschdeg den 13. Dezember 2022 gouf de nationale Literaturpräis 2022 un d'Gewënner/innen duerch d'Kulturministesch Sam Tanson iwwerreecht. D'Feier huet am nationale Literaturzentrum zu Miersch stattfonnt.

  1. 1
  2. 2
  3. 3
  4. 4
  5. 5
  6. Lescht Säit