Interview mam Sam Tanson am Tageblatt

"Léisunge fannen an den CNA weiderbréngen"

Interview: Tageblatt (Jeff Schinker)

Tageblatt: Wéi hutt Dir de Cheminement vun der CNA-Kris an de leschte Joren erlieft? Wéi eng Mesüre goufe geholl?

Sam Tanson: Et ass scho laang driwwer rieds gaangen, dass den CNA misst reorganiséiert ginn, fir sech un nei Erausfuerderungen unzepassen – ënnert anerem am digitale Beräich. Dat ass ee Prozess, dee scho viru menger Zäit gestart ass. Et gouf ee Konsens bannent der Institutioun, fir ze kucken, wat misst gemaach ginn.

Zesumme mat Mataarbechter vum Kulturministère gouf duerno en Audit realiséiert, dee Stäerkten a Schwächte vum Archiv vum CNA sollt erausschielen. Et huet sech erausgestallt, dass virun allem beim digitale Volet nach misst eng Schëpp bäigeluecht ginn, wou wéinst dunn Experte vu bausse mat erugeholl goufen, fir dee Prozess ze begleeden. Dat ass virun zwee Joer ugelaf. En cours de route si Problemer par Rapport zur Method vun den Experten opgedaucht: Eng Rei Mataarbechter aus dem CNA hu sech u mech gewant a gesot, si hätte Schwieregkeeten domat, wéi dee Prozess géif oflafen. Ech hu si eng éischte Kéier empfaangen, mir hunn doriwwer diskutéiert an ech hunn entscheet, dass deen Ëmstellungsprozess ënnerbrach sollt ginn, fir dass d'Institutioun e bëssen zur Rou fanne kéint. Dofir ass dunn eng Mediatioun agesat ginn. Nodeems d'Mediateuren awer de Reproche gemaach kruten, si wieren net neutral, hunn se hir Aarbecht néiergeluecht: Et läit an der Natur vun der Mediatioun, dass een net méi weider ka schaffen, wann esou Virwërf gemaach ginn.

Et ass doropshin, dass ech dem Regierungsrot virgeschloen hunn, eng Commission d'accompagnement anzesetzen, déi zanter dem Abrëll aktiv ass, vum Jo Kox, Premier Conseiller, präsidéiert gëtt an als Missioun huet, den CNA an der Gestioun ze begleeden.

Tageblatt: An engem Meenungsbäitrag, deen de 5. Mee am Tageblatt verëffentlecht gouf, steet e puermol, den CNA wier "iwwerholl" ginn – deemools vun den externe Beroder, elo vun der Begleedungskommissioun. Wéi gesitt Dir dat?

Sam Tanson: Hei muss ee verschidde Saachen ënnerscheeden. Et ass absolut normal, dass extern Beroder abezu ginn – dat gëtt op ville Plazen esou gemaach. Et handelt sech an dësem Fall ëm eng ganz spezifesch Matière. Et wier schwiereg gewiescht, intern Beroder hei am Land zu Hand ze huelen. Déi Consultante sinn zesumme mam CNA ausgewielt ginn. Si sollten d'Reform opschaffen a kucken, a wéi eng Richtung weider geschafft kéint ginn, wéi eng Piste kéinte funktionéieren.

Dee Prozess gouf ënnerbrach, well d'Mataarbechter vum CNA, déi ee Bréif opgestallt an ënnerschriwwen haten, sech bei mir gemellt hunn. Eng Analyse vun enger Institutioun ze maachen huet op alle Fall näischt domatze dinn, dës Institutioun ze iwwerhuelen: Dat ass een absolut übleche Prozess. D'Commission d'accompagnement gouf agesat, well déi Etapp virdrun – déi vum Prozess vun der Mediatioun, wärend deem probéiert gouf, opzeschaffen, wou et haakt, an dat net just um professionelle Plang, mä och fir ze kucken, d'Leit nees méi no beieneen ze bréngen – gescheitert ass. Ech hunn déi Kommissioun agesat, fir mam Direkter Paul Lesch ze kucken, aus där Situatioun erauszekommen. Dat ass och keng Première, dat gouf et scho bei engem anere Kulturinstitut, an dat ass och am Gesetz virgesinn.

Tageblatt: Wéi hutt Dir reagéiert, wéi der op Mobbing-Fäll an déi delikat Situatioun am CNA opmierksam gemaach gi sidd?

Sam Tanson: Wa Leit op hirer Aarbechtsplaz leiden, huelen ech dat ganz eescht. Dofir hunn ech déi Mataarbechter empfaangen an de Prozess gebremst, fir ze kucken, zesummen draus erauszekommen. Dowéinst hunn ech och d'Mediatioun agesat. Ech sinn op den Dialog mat de Mataarbechter agaangen a wäert dat och esou weider maachen. Fir d'Commission d'accompagnement goufe Beamte vun de verschiddene Ministèren agesat, fir de Prozess weider ze begleeden. Si sinn och Uspriechpartner fir déi Leit, déi den Echange brauchen. Weiderhi war eis séier kloer, dass mer d'Fonction publique mat u Bord huelen, well déi och ee Service hunn, dee fir déi intern Reorganisatioun zoustänneg ass, deen awer och hëllefe kann, wa Problemer op deem doten Niveau opdauchen. Mir hunn eis berode gelooss, wat mer kënne maachen an och de Leit matgedeelt, wat si vu Méiglechkeeten hunn, fir sech hëllefen ze loossen.

Tageblatt: Am Meenungsbäitrag am Tageblatt ginn eng Rëtsch vu Schëllege genannt. Wéi reagéiert een dorop? Geet een déi Leit opsichen? Oder stéisst esou een ad hominem engem sauer op?

Sam Tanson: Ech hu wierklech ee Problem domat, wa Leit ëffentlech un de Pranger gestallt ginn. Et gëtt offensichtlech Léisungsbedarf am CNA. Mir mussen alles drusetzen, dass jidderee seng Roll fënnt a jidderee sech am CNA erëmfënnt an dass d'Leit net ënnert hirer Aarbecht leiden – dat gëlt net nëmme fir déi Leit, déi dee Bréif ënnerschriwwen hunn, mä fir all d'Mataarbechter am CNA. Do gëtt et ganz ënnerschiddlech Demanden.

Tageblatt: Ee vun de Grënn vum Scheitere vun der Mediatioun solle Sproocheproblemer gewiescht sinn?

Sam Tanson: De Mediateur hu mer mat Experten aus der Fonction publique ausgewielt. Dat war ee Mediateur, deen zu Lëtzebuerg schafft, deen also deenen dräi offizielle Sprooche mächteg ass, an deem seng Reputatioun um Niveau vun der Mediatioun schwéier a Fro ze stellen ass. Dee Mediateur hat sech eng däitsch Mediatrice mat zur Säit geholl, déi scho grouss Projeten an Däitschland begleet huet. De Sproocheproblem ass u mech erugedroe ginn, zwee Deeg éiert d'Mediateuren d'Handduch geworf hunn.

Tageblatt: De Meenungsbäitrag klot net just den Direkter vum CNA un, mä werft dem Jo Kox an Iech vir, CNA-Mataarbechter an der Nout evitéiert ze hunn...

Sam Tanson: Ech wëll net op Reprochen op deem perséinlechen Niveau agoen. Ech ka just confirméieren, dass, wann ech offiziell d'Demande krut, fir d'Leit ze empfänken, ech déi och getraff an hinnen nogelauschtert hunn. Ech hunn dat zweemol gemaach, war zënterhier e puermol am CNA an hu weiderhi wëlles, mat all de Leit, déi an där Institutioun schaffen, ze schwätzen. Ech huelen dat, wat ech vun dee mengen a vun deem aneren erugedroe kréien, ganz eescht.

Tageblatt: Iech gouf weiderhi virgeworf, Staatsgelder ze benotzen, fir den Direkter vum CNA mat op Reesen ze huelen...

Sam Tanson: Ech fannen et relativ penibel, op deem Niveau mussen ze diskutéieren a mengen och net, dass dat der Institutioun an iergendenger Aart hëlleft. Ech ka just soen, dass ech keng eng Rees vun deenen, déi am Artikel opgezielt goufen, zesumme mam Paul Lesch gemaach hunn. Ech war zu Venedeg op der Ouverture vun der Biennale – esou wéi d'hallef Lëtzebuerger Kulturzeen. Ech fannen et schwiereg, d'Attacken op deen doten Niveau ze hiewen, well ech der Meenung sinn, dass dat der Saach net dénglech ass. Ech hätt gär, dass mer Léisunge fir den CNA fannen, dass mer alles drusetzen, fir dass jidderee seng Roll am CNA fënnt, mä awer och, dass mer d'Institutioun an d'Joer2022 gehuewe kréien – do gëtt et, wéi scho gesot, eng ganz Rëtsch Erausfuerderungen. Et dierf ee bei där ganzer Saach net vergiessen, dass et sech ëm eng Institutioun handelt, déi extrem vill schafft, mat villen engagéierte Leit, déi gären do schaffen, an déi vill opweises huet.

Ech war nach de Méindeg do, fir déi aktuell Expo "Stëmme vun der Schmelz" ze kucken. Da gëtt et de Web-Documentaire "A Colônia Luxemburguesa", deen zesumme mat Samsa, dem C2DH an Esch2022realiséiert gouf, et gëtt dee grousse Projet "Our Archive. Your Story",wou a sechs Südgemengen an op engem spezifeschen Internetsite privat Bild- an Tounarchive valoriséiert ginn. Kuerz: Et gëtt extrem vill Projeten, déi an deem Haus gemaach ginn, an ech hätt gär, dass déi Aarbecht ka weider gutt gemaach ginn an den Engagement vun all de Leit, déi do schaffen, honoréiert gëtt.

Mir mussen do Léisunge fannen, fir nees beieneen ze fannen an den CNA an déi nächst Etapp ze bréngen – wat eigentlech ëmmer d'Demande vu jidderengem war.

Tageblatt: Wat wieren da Léisungsusätz?

Sam Tanson: Iwwert extern Beroder ass eng inhaltlech Aarbecht gemaach ginn. Déi gëtt den Ament analyséiert. D'Kommissioun huet sech d'Expertise vun Direktere vun deenen anere Kulturinstituter, déi änlech Archiven ze begleeden hunn, dobäi geholl, fir dass eng Analyse vun deem externen Avis gemaach gëtt –an op Basis dovunner gëtt da weidergeschafft. Déi éischt Etapp ass et, sech mat deem Reformprozess ausernanerzesetzen, dee vun der Ekipp am CNA 2016/17 ugestouss gouf.

Tageblatt: Dat ass awer net, wéi behaapt gouf, ee Reniement vum Direkter vum CNA?

Sam Tanson: Dorëms geet et guer net. Et gëtt villschichteg Problemer an enger Institutioun, déi elo opgeschafft ginn. Dee Prozess, deen ugefaange gouf an deem säin Zil et ass, den CNA weiderzebréngen, soll elo déi éischt Preoccupatioun sinn.

Aktualiséiert