De Kulturministère lancéiert d'Ausschreiwung "Bäihëllef fir kulturell Revuen"

Am Kader vun der Reforme vu senger Subventiounspolitik an nom Workshop iwwer "Kulturpress an d'Press an der Kultur", deen de 14. Juli 2022 an de Rotondes stattfonnt huet, huet de Kulturministère seng Bäihëllef fir kulturell Revuen iwwerduecht. Esou soll d'Qualitéit an d'Diversitéit vun dësen elo op der Grondlag vun enger Ausschreiwung gefërdert ginn. Déi finanziell Previsibilitéit an Nohaltegkeet ginn duerch eng Konventioun un déi Revuen accordéiert, déi vun engem Jury zréckbehale goufen.

Dës Bäihëllef ass fir Verläg vu kulturelle Revuen a soll d'Entwécklung an hir Diffusioun fërderen. Si gëtt all Joers um Joresufank, op Basis vun engem järlechem Editiounsprogrogramm, ausbezuelt.

Weider Informatiounen, Konditiounen a Krittäre zu dëser Ausschreiwung fannt Dir um Site vum Kulturministère.

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert