D'Lëtzebuerger Unesco-Kommissioun organiséiert fir 2023 eng Rei Manifestatioune ronderëm Thema Weltbiergerschaft

Am Kader vu sengem Zyklus "Les Rendez-Vous de l'Unesco", plangt déi lëtzebuergesch Unesco-Kommissioun fir 2023 eng Rei multidisziplinäre Manifestatioune ronderëm d'Thema Weltbiergerschaft.

Dësen Zyklus, deen an Zesummenaarbecht mam Auteur Samuel Hamen ausgeschafft gouf, gëtt a Kollaboratioun mat verschiddenen Institutioune wéi dem Institut Pierre Werner, den Théâtres de la Ville, der Universitéit Luxemburg, dem Zentrum fir politesch Bildung, dem Magazin Forum, Les Cahiers luxembourgeois, dem Institut grand-ducal, dem Centre de documentation des migrations humaines, dem Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, dem Musée national d'histoire naturelle, dem Centre national de l'audiovisuel oder och der Cinémathèque organiséiert. En ëmfaasst ënner anerem Ausstellungen, Diskussiounsronnen, Seminairen, Publikatiounen, Theaterstécker, Filmvirféierungen oder Konferenzen. Dës Veranstaltunge fannen iwwer d'ganzt Joer 2023 statt.

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert